Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
TV & Film
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/3c/2b/99/3c2b99d6-4715-4694-febe-2448e0b56585/mza_8633590983697900097.jpg/600x600bb.jpg
PICKNICK. De Podcast
Nadine Robert
17 episodes
6 days ago
Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/ picknickpodcast.lu@gmail.com Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!
Show more...
Comedy
RSS
All content for PICKNICK. De Podcast is the property of Nadine Robert and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/ picknickpodcast.lu@gmail.com Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!
Show more...
Comedy
Episodes (17/17)
PICKNICK. De Podcast
#16 Picknick mam Comedian Micas Carvalho

🎙️ Ween hu mir dann hei zu Gaascht?

Et ass de Micas – e kreativen Content Creator an e richteg witzegen Stand-up Comedian, deen einfach jidderee mat senger Energie a sengem Humor ustécht 😄


Mir schwätzen iwwer Komedie, säi Liewenswee, an dat, wat hien dozou bruecht huet, den Leit en Laachen op d’Gesiicht ze zauberen 🎭✨

Et ass eng Episod voller Energie, Éierlechkeet an Humor. Versprach: Et wärt dir eng Freed maachen nozelauschteren 💫


🎥 Realisatioun: Sarah aka Olaolagirl


🎬 Kamera:

Elvin Aeres


📸 Foto:

@followthelynn


🖋️ Publisher:

Cecilia Said Vieira

Show more...
1 week ago
27 minutes 3 seconds

PICKNICK. De Podcast
#15 Picknick mam Anne's Kitchen

🌿✨ Et ass nees Zäit fir e klengt Picknick an dës Episod ass grad elo frësch erauskomm! ✨🌿Mee dës Kéier hu mir de Picknick net bei mir am Studio opgeholl, mee an der inspiréierender Atmosphär vum Anne’s Kitchen. 🏡🍴Ech fille mech ganz geéiert, datt d’Anne mech esou häerzlech a senger Kichen empfangen huet. 🙏💫 Anne ass eng wuelbekannt lëtzebuergesch Kënschtlerin hannert dem Herd, déi mat senger Léift fir d’Iessen a mat senge Projeten ëmmer erëm bewisen huet, datt Kachen eng Konscht ass. 🎨✨ An do ginn ech hir aus ganzem Häerz Recht!Lauschtert also roueg eran… well nieft dëser kulinarescher Inspiratioun ginn et och nach nei, spannend Neiegkeeten! Merci un Naderi Productions fir ze filmen an editen 📸Merci un d'Ceci fir ze posten ☺️an Merci un de Kulturministär fir de Sponsoring vun dësem Podcast!

Show more...
1 month ago
23 minutes 38 seconds

PICKNICK. De Podcast
#14 Ryan Cibango - Young Talent

🎙️ Ech si ganz frou a houfreg, dass ech fir dëse Podcast e ganz besonnesche jonke Mann un menger Säit hat De Ryan Cibango!

Hien huet eng natierlech Ausstrahlung, déi een direkt spiert– ech muss et net besonnesch sichen, et ass einfach do.

Seng Aart ze schwätzen ass intelligent an beräichernd an ech lauschteren him esou gäre no.

Mee wat mécht de Ryan amfong?Hien ass net nëmmen Mannequin, mee och Singer-Songwriter, Dänzer, Acteur a Filmregisseur. Sou Multitalenter fënnt e wierklech net oft.

Dofir sinn ech immens dankbar, dass hien meng Invite ugeholl huet an hei am Podcast matgemaach huet.

🎧 Bleift also um Lauschteren – et gëtt wäertvoll, witzeg an e bësse mystesch.


🎥 D’Video gouf realiséiert vum @olahappycookie

📸 D’Fotoe si vu @followthelynn

💻 E grousse Merci och @cecilia.said.viera wat alles flott opbereet an op de Podcast-Plattforme verdeelt.


Show more...
4 months ago
19 minutes 48 seconds

PICKNICK. De Podcast
#13 Kathie Nechy - A Personal Stylist's World

NEW EPISODE: PICNICK – OUT NOW

In this inspiring and thought-provoking conversation, I’m joined by the brilliant Kathy Netchy — personal stylist and self-described personnaliste — for a deep dive into what it truly means to style someone.

We explore questions such as:

  • Why did she choose this profession?

  • What does it really mean to style a person, beyond clothes?

  • Is fashion just about appearance, or is it also a form of psychology?

Kathy shares her unique perspective on how clothing can become a tool for self-expression, and how a stylist must connect with someone’s inner world to reflect their outer beauty. Her approach blends intuition, creativity, and emotional depth — and yes, there’s a little surprise waiting at the end.

Now streaming on all platforms. Thank you for listening and sharing.

Special thanks to Sarah for the recording, your patience, and the beautiful final touch.
A big thank you to Cécie for bringing it all online so smoothly — your behind-the-scenes support means everything.

Follow and support:
@kathy_netchy
@vintagebygala

Show more...
5 months ago
18 minutes 16 seconds

PICKNICK. De Podcast
#12 Picknick am Chaussures Léon mam Corinne Cahen

🎙️ Fir déi heiten Episode sinn ech rëm ausserhalb vu mengem gewéinleche Décor ënnerwee an zwar an der Belle Etoile. Zu Gaascht ass d'Corinne Cahen - Entrepreneurin, Politikerin, Familljemënsch. Hat leed eis duerch säi Familljiebetrib Chaussures Léon an erzielt eis och e bëssen iwwert säi Liewen.

Et huet mech immens gefreet déi heiten Episode opzehuelen, villmools Merci Corinne 🥰


Chaussures Léon fannt dir am Norden zu Maarnech, an der Belle Etoile an den original, deen ass op der Gare.

Show more...
6 months ago
17 minutes 5 seconds

PICKNICK. De Podcast
Birthday Episode - Picknick mam Jana Degrott: Business, Dating & More!

Fir dës Episod hu mir eppes Grousses ze feieren! Haut hunn ech, Nadine Gebuertsdag, mee dat ass net emol dat Wichtegst. Vill méi wichteg ass, dass de Podcast säin 1. Gebuertsdag feiert! 🎉 A fir dës speziell Episod hunn ech keng aner wéi déi eenzegaarteg an amazing Jana Degrott invitéiert. Ech si sou frou, hatt am Podcast ze hunn! Hat erzielt eis, wou hat grad drun ass, wéi et an der Politik ausgesäit a wéi et him mental geet. Et waren intensiv Méint fir hat, mee hat schéngt ze heelen. Ee vun de grousse Sujeten an dëser Folleg: Dating! Hei ginn e puer Geheimnisser enthüllt – also bleift drun! 👀✨ 


Folgt an ënnerstëtzt dem Jana seng asbl Be Human asbl https://www.instagram.com/be_human_asbl/ a seng Firma Real Impact Hub https://www.instagram.com/realimpacthub_sarl/

Show more...
8 months ago
25 minutes 39 seconds

PICKNICK. De Podcast
#11 Picknick avec Fabiola Puga - Fashion Week au Luxembourg

🎙️ Nouvel épisode : Picknick Podcast avec Fabiola Puga Dans cet épisode inspirant, Nadine rencontre l’incroyable Fabiola Puga, la force motrice derrière la Fashion Week du Luxembourg, dans le cadre magnifique de la Maison Trust. 🌟 Ensemble, elles explorent le parcours de Fabiola – de sa passion pour la mode à son rôle en tant qu’organisatrice de l’un des événements les plus excitants autour de la mode. Elles discutent de ses expériences, des leçons qu’elle a apprises et de l’importance du travail acharné pour atteindre ses rêves. Mais ce n’est pas seulement une conversation sur la mode : c’est une réflexion sur la vie, la résilience et ce qu’il faut pour avoir un impact durable. 🎧 Ne manquez pas cette discussion captivante !

Show more...
9 months ago
22 minutes 46 seconds

PICKNICK. De Podcast
#10 Picknick mam Sonia Gleis - En Tour duerch d'Konschtgallerie

An dëser Episode hunn ech Sonia Gleis invitéiert. Hat huet net nëmme scho weltwäit gemodelt zum Beispill a Japan, Paräis a Korea, mee hat ass och eng talentéiert modern Kënschtlerin. 

An dëser Episode trëpple mir duerch de Centre Culturel Paul Barbley a kucken eis dem Sonja seng Konscht un. Seng Konscht ass extra, well se an zwou Welte funktionéiert. Offline an Online! D'Konscht beweegt sech wann een se duerch den Handy, oder iPad kuckt. Et ass also eng immersiv abstrakt Molerei inspiréiert vum Test de Rorschach.

Natierlech gëtt et och nach bësse Gossip... Dat gehéiert sech jo an engem Picknick! Sierft also gespaant a lauschtert eran! Vergiesst net de Podcast ze bewäerten a mir iwwerall ze followen 😄

__________________________

Déi heiten Episode gëtt gesponsert vu mengem Beautydoc des Vertrauens an zwar Fee Wolff, Cabinet médical chirurgical et esthétique an der Stad. Villmools Merci! 

Merci geet och raus un d'Gemeng Stroossen, déi eis erlaabt hunn am Centre Barblé ze filmen.

Grousse Merci un de Yannick Schumacher fir ze filmen! 📸⭐️

Meng Jacquette ass vu Streetchic fand dir bei Ottikaenza 

Meng Ouereng si vu Jollyjumper.lu

Geschnidden a produzéiert vum Cecilia Said Vieira 🥰








Show more...
11 months ago
31 minutes 43 seconds

PICKNICK. De Podcast
#7 Picknick mam Jacques Molitor - Vum Medezin Student zum Filmregisseur

Och am August gëtt et keng Vakanz fir de Picknick Podcast! Fir déi heiten Episode hunn ech mir e ganz bekannte Filmregisseur an de Studio geholl an zwar de Jacques Molitor. Zu senge Filmer gehéieren ënner anerem grouss Realisatiounen wéi "Mammejong (2015) a Wolfskin (2022). Ech hunn de Jacques dierfe kenneléieren um Dréi vun der Promo fir de Pride Schampes vum Yaya a Collaboratioun mat Poll Fabaire. Nodeems mir zwee Wieder ausgetosch hunn, wosst ech direkt: De Jacques muss a mäi Podcast!   Méi zu sengem Lafbunn a zu senge Projete kënnt dir hei lauschteren. Sidd gespaant a lauschtert eran. Merci a abonéiert och gären dëse Kanal 🥳

Show more...
11 months ago
29 minutes 28 seconds

PICKNICK. De Podcast
#9 Tom Hecker - Schminken mat der Tatta Tom

An dëser Folleg vu Picknick hunn ech e ganz spezielle Gaascht agelueden, an zwar den Tom Hecker, besser bekannt als Tatta Tom, oder Séraphine Mirage. Hien ass an de Medien, zumools bei eise rietse Politiker, an deene läscht puer Méint oft Thema gewiescht. Fir mech a mäin Team ass hien eng faszinant Perséinlechkeet mat ganz vill Häerz! Dovunner erzielt hien eis iwwregens och an dëser Episode.

Während dëser Episode schminkt sech den Tom währendeems ech him meng Froen stellen. Hien erzielt eis awer och, wéi hie mat Haass ëmgeet, wéi hien als Dragqueen zu Lëtzebuerg lieft a natierlech vu senge ville selwer geschriwwene Kannerbicher.

Dës Episod gëtt generéis vun Chaussures Léon ënnerstëtzt, wat eis besonnesch stolz a frou mécht. MERCI BEAUCOUP!

Eist Gedrénks goufe frëndlecherweis vun Ortea ugebueden – den Icetea schmaacht esou lecker a gouf vu jonke gegrënnt- Ënnerstëtzt är Lokal Entreprisen! Zumools wann et och sou gutt schmaacht.

Show more...
1 year ago
27 minutes 54 seconds

PICKNICK. De Podcast
#8 Picknick avec Osvaldina Moreira - Dans l'Atelier de Morena Couture

🎙 Cet épisode de "Picknick" sera en français, spécialement pour mes auditeur·rice·s francophones.
Aujourd'hui, j'ai l'honneur d'accueillir la talentueuse Morena, fondatrice de Morena Couture ✂️👗. Elle nous plonge dans son univers de créations uniques et partage avec nous ses projets, ses inspirations, et bien plus encore ✨. Femme passionnée et créatrice hors pair, Morena ne cesse de repousser les limites de son art 🚀. Un échange captivant à ne surtout pas manquer !


Rejoignez-nous pour découvrir son parcours fascinant ! 🎧💫

Show more...
1 year ago
17 minutes 32 seconds

PICKNICK. De Podcast
#6 Picknick mam Ronny - Wéi lieft een als Obdachlosen?

Déi heite Picknick Episode ass net sou wéi dir et vu mir gewinnt sidd. Dëst Kéier sinn ech an der Stad an treffen do de Ronny Scheid. Säin Doheem? D'Stroosse vun der Stad. Hien ass nämlech obdachlos an erzielt eis wéi et dozou komm ass a wéi hien säin Alldag meeschtert. Déi heiten Episode bedeit mir immens vill an ech si frou, dass ech de Ronny konnt kenneléiere fir een Abléck a säi Liewen ze kréien. Hien ass eng ganz léiwhärzeg Persoun.

Mäin Top ass iwwregens vum Ilit Sarkisian Merci 🌻

Ech wier frou, wann dir un d'Stëmm vun der Strooss spende kéint, well si maachen eng immens gutt Aarbecht. Followt dem Ronny gären och op Facebook. En ass do ganz aktiv.


Merci fir all Ënnerstetzung!

Show more...
1 year ago
14 minutes 9 seconds

PICKNICK. De Podcast
#5 Picknick mam Tanita - Photography for a Good Cause

Welcome to the very first episode of our podcast in English! 🇬🇧In this special Picknick Episode, I had the pleasure of chatting with the amazing photographer and artist, Tanita. You can explore her incredible work on⁠ Instagram⁠ and ⁠Facebook⁠ 📸

In this episode, Tanita shares her journey to Luxembourg, her experiences in the art world, how we met, and gives us an exclusive look into her upcoming exhibitions and projects.

Additionally, we touch on a significant and heartfelt topic—the ongoing war in Ukraine. Many animals have lost their homes due to the conflict, and we want to take this opportunity to ask for your support. Please consider donating to the Shelter Domivka association to help these animals in need. 🐶

Donation Information:

  • IBAN: UA773052990000026006031017177
  • PayPal: ⁠domivka_@ukr.net⁠

Tune in to this episode and stay tuned for more exciting content in the next one!

Show more...
1 year ago
27 minutes 51 seconds

PICKNICK. De Podcast
#4 Keki Diététicienne - Wat stécht hannert eiser Ernährung?

An dëser Episode geet et ëm gesond Ernährung a wéi een se am Alldag kann abauen. Duerfir hunn ech d'Ilda Calakovic ageluede wat op Instagram ënnert dem Numm @ke.ki.dieteticienne bekannt ass. Hat schafft als Dieteticienne zu Péiteng a konnt mir bei menger Enrährung scho ganz vill hëllefen. An dëser Episode verréit hat eis wéi eis Ernährung amfong funktionéiert an och op wat een alles oppasse kann fir e méi gesonde Lifestyle ze hunn.

Ech verspriechen iech, dass et interessant gëtt, mais virun allem och gesond! Vill Spaass beim Nolauschteren a bleift mir trei. Let's fetzzzz


Déi heiten Episode gëtt gesponsert vun Power-Foods J-M.B vu Koler. Kuckt gre bei hinnen laanscht, si selwer mega iwwerzeegt vun den Produiten. https://www.powerfoodsjmb.com/de/

Show more...
1 year ago
37 minutes 33 seconds

PICKNICK. De Podcast
#3 Picknick mam Ceci - Alles ausprobéieren

An dëser Episode hat ech ee Picknick mat der D'Podcastqueen Ceci (Cecilia Said Vieira). Dat ganzt Gespréich huet sech sou ugefillt als hätt ech mat menger Enkelin geschwat. Richteg angeneem dir wäert et selwer héieren. 🥰

Nierwend sengen 2 Podcasten Ceci, Do You Love me an Kulturpur schafft hat als Freelancerin. Hat erzielt eis, dass et net sou einfach ass, mais trotzdeem ass et déi richteg Entscheedung fir hat. Hat huet och een neit Hobby entdeckt an zwar Teppecher! Wéi leeft dat of an wéi fänkt een esou een aussergewéinlecht Hobby un? 

Eppes wat mir och thematiséieren ass seng asbl an der hat schafft: GoldenMe! Si hëllefen eeler Leit bei der Digitaliséierung nozekommen. Dann muss ech selwer och eng Kéier bei si laanscht! 😅🫶


An... mir hunn och nach een Iwwerraschungsgaascht zum Schluss vun der Episode 👀🌻

Show more...
1 year ago
31 minutes 45 seconds

PICKNICK. De Podcast
#2 Picknick mam Maxime - Liewe fir ze schaffen oder schaffen fir ze liewen?

Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen? Sech des Fro ze stellen ass ee Privileeg, dee mir grad zu Lëtzebuerg - bei weitem net all - an awer, mei wei soss iergendwou hu bzw. kéinten hunn. An awer gëtt sech des Fro am Alldag schnell vergiess!

D’Nadine well wëssen, wat ass dann eng Work-Life Balance? An ween huet de Luxus sech des Fro iwwerhaapt kennen ze stellen? Fir dësen Picknick huet d’Nadine d’Maxime, Sozial Aarbechterin, ageluede fir e bëssen ze braddelen… Hei geet et em aner Liewensrealitéiten a wat et heescht säin Liewen ze Liewen ze kennen ouni dobäi d’Schlappen ze verléieren.

Freizeit? Frei Zeit? Oder dem nächste Plang hannendrun lafen? Kënnen mir eis Freizeit zu Lëtzebuerg iwwerhaapt leeschten? Froen iwwer Froen… Wat ass ear Meenung dozou?


Show more...
1 year ago
38 minutes 18 seconds

PICKNICK. De Podcast
#1 Picknick mam Yaya - Queer duerch de Gaart

An der éischter Folleg geet et mam Yaya queer duerch de Gaart! 

Hei geet et vun der Long op d'Zong oder besser gesot vum Hearz op d'Zong... Déi zwee gi Lëtzebuerg e puer Denkustouss mat op de Wee wat et bedeit "liewen a liewe loossen" a firwat ee wësse muss wéini ee viru senger eegener Dier ze kieren huet. Firwat wärend dem Musekspräis Leit gemengt hu mam Fanger op de Yaya mussen ze weisen oder firwat d'Nadine och mol gearen mat engem Chrëschtbämchen verwiesselt gëtt a wei déi zwee domadder ëmginn, dat gitt dir hei gewuer. 

Mat Ufank 30 oder Een 60 huet een aner Liewensrealitéite. Mee Alter hin oder hier, op online oder op der Strooss, Mental Gesondheet geet jiddereen eppes un an do soll et egal ginn op ee grad Loscht hat an d'Faarfdëppchen ze falen oder mat Glitzer duerch d'lëtzebuerger Gaassen ze  slayen.

Firwat een och a faarwege Kleeder och introvertéiert ka sinn, net ëmmer de Clown op Knappdrock kënne spillen a firwat et och mol ganz flott ass een Date mat sech selwer ze hunn. 

Voilà! Bevir mir eis lo hei scho verbraddelen...  Dat an déi kleng knaschteg Detailer gitt dir an dëser 1. Folleg vu Picknick gewue!


Show more...
1 year ago
44 minutes 34 seconds

PICKNICK. De Podcast
Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/ picknickpodcast.lu@gmail.com Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!