
Déi heite Picknick Episode ass net sou wéi dir et vu mir gewinnt sidd. Dëst Kéier sinn ech an der Stad an treffen do de Ronny Scheid. Säin Doheem? D'Stroosse vun der Stad. Hien ass nämlech obdachlos an erzielt eis wéi et dozou komm ass a wéi hien säin Alldag meeschtert. Déi heiten Episode bedeit mir immens vill an ech si frou, dass ech de Ronny konnt kenneléiere fir een Abléck a säi Liewen ze kréien. Hien ass eng ganz léiwhärzeg Persoun.
Mäin Top ass iwwregens vum Ilit Sarkisian Merci 🌻
Ech wier frou, wann dir un d'Stëmm vun der Strooss spende kéint, well si maachen eng immens gutt Aarbecht. Followt dem Ronny gären och op Facebook. En ass do ganz aktiv.
Merci fir all Ënnerstetzung!