
An der éischter Folleg geet et mam Yaya queer duerch de Gaart!
Hei geet et vun der Long op d'Zong oder besser gesot vum Hearz op d'Zong... Déi zwee gi Lëtzebuerg e puer Denkustouss mat op de Wee wat et bedeit "liewen a liewe loossen" a firwat ee wësse muss wéini ee viru senger eegener Dier ze kieren huet. Firwat wärend dem Musekspräis Leit gemengt hu mam Fanger op de Yaya mussen ze weisen oder firwat d'Nadine och mol gearen mat engem Chrëschtbämchen verwiesselt gëtt a wei déi zwee domadder ëmginn, dat gitt dir hei gewuer.
Mat Ufank 30 oder Een 60 huet een aner Liewensrealitéite. Mee Alter hin oder hier, op online oder op der Strooss, Mental Gesondheet geet jiddereen eppes un an do soll et egal ginn op ee grad Loscht hat an d'Faarfdëppchen ze falen oder mat Glitzer duerch d'lëtzebuerger Gaassen ze slayen.
Firwat een och a faarwege Kleeder och introvertéiert ka sinn, net ëmmer de Clown op Knappdrock kënne spillen a firwat et och mol ganz flott ass een Date mat sech selwer ze hunn.
Voilà! Bevir mir eis lo hei scho verbraddelen... Dat an déi kleng knaschteg Detailer gitt dir an dëser 1. Folleg vu Picknick gewue!