
Fir dës Episod hu mir eppes Grousses ze feieren! Haut hunn ech, Nadine Gebuertsdag, mee dat ass net emol dat Wichtegst. Vill méi wichteg ass, dass de Podcast säin 1. Gebuertsdag feiert! 🎉 A fir dës speziell Episod hunn ech keng aner wéi déi eenzegaarteg an amazing Jana Degrott invitéiert. Ech si sou frou, hatt am Podcast ze hunn! Hat erzielt eis, wou hat grad drun ass, wéi et an der Politik ausgesäit a wéi et him mental geet. Et waren intensiv Méint fir hat, mee hat schéngt ze heelen. Ee vun de grousse Sujeten an dëser Folleg: Dating! Hei ginn e puer Geheimnisser enthüllt – also bleift drun! 👀✨
Folgt an ënnerstëtzt dem Jana seng asbl Be Human asbl https://www.instagram.com/be_human_asbl/ a seng Firma Real Impact Hub https://www.instagram.com/realimpacthub_sarl/