Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Music
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/20/bf/b1/20bfb118-3ca1-e08f-362a-0215c6b8fdd0/mza_16601992479442615643.jpg/600x600bb.jpg
Queens of Meh
Queens of Meh
45 episodes
5 days ago
Net wierklech schlecht awer och net präisgekréint gutt, eben einfach "Meh"! Villäicht ass d'Zil vun dësem Projet, dass d'facetimes agehale ginn, dat ass bei enger Fernfrëndschaft nämlech guer net esou einfach, villäicht ass et awer och eng gratis Therapiestonn fir d'Queens Cat & Sidsel, déi sech net ëmmer sou royal fillen. Ma och wann d'Liewe seng Meh-menter huet, ass keen Thema ze "meh" fir et net ze behandelen - An dësem Podcast gëtt, all zweeten Sonndeg, iwwer alles geschwat, ouni Tabu an heiansdo och ouni Punkt a Komma... En auditiivt "Schulterzucken", natierlech mat Kroun uewendrop!
Show more...
Personal Journals
Society & Culture
RSS
All content for Queens of Meh is the property of Queens of Meh and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Net wierklech schlecht awer och net präisgekréint gutt, eben einfach "Meh"! Villäicht ass d'Zil vun dësem Projet, dass d'facetimes agehale ginn, dat ass bei enger Fernfrëndschaft nämlech guer net esou einfach, villäicht ass et awer och eng gratis Therapiestonn fir d'Queens Cat & Sidsel, déi sech net ëmmer sou royal fillen. Ma och wann d'Liewe seng Meh-menter huet, ass keen Thema ze "meh" fir et net ze behandelen - An dësem Podcast gëtt, all zweeten Sonndeg, iwwer alles geschwat, ouni Tabu an heiansdo och ouni Punkt a Komma... En auditiivt "Schulterzucken", natierlech mat Kroun uewendrop!
Show more...
Personal Journals
Society & Culture
Episodes (20/45)
Queens of Meh
Episod 39 - Doesn’t butter me

Zitt de Fändel an d’Luucht, wëscht de Sabber vun der Massage-Brëtsch an dot är 270€ Jeans-Box un - wéi hutt der net? Da sidd der an dëser Episod genee richteg. Vun der petite-bourgeoisie bis op Pöbel-Status, d’Queens sinn e puer Stackwierker no ënner gerullt. Fir genee ze si bis an Hotelzëmmeren, déi net emol Fënsteren hunn. Wärend d’Cat senge Medien-Dreem Äddi seet an elo Massagen zu Amsterdam gëtt, huet d’Sidsel decidéiert hatt géif ni méi Suen ausginn an domat indirekt dofir gesuergt, dass Dänemark net sou vill Publikumsvotte krut. Eent vun deenen Zwee hat tatsächlech eppes mam ESC-Voting ze dinn, beschäftegt sech awer léiwer mat dubiéiser Ootmungskompetenz. An deem Sënn: Déif anootmen, déif ausootmen, gär geschitt heimat hutt dir grad 243 Euro gespuert. Méi finance tipps a wéi een AM ELO lieft ginn et an der neister Selbsthilfe-Therapie-Sessioun vu Queens of Meh.

Show more...
5 months ago
48 minutes 58 seconds

Queens of Meh
Episod 38 - Gromperen-Couchelchen

Brimborium leviosa oder fir et méi elegant auszedrécken f*ck JK Rowling. Domat starte mer eloquent wéi eh und je an dës Wonnerwelt vu Podcast. Maacht iech eng kleng Kuschelzäit a genéisst dat neit Konzept vu Queens of Meh: Dir lauschtert eis beim schlofen no – happy NAPisod. JOKE, wéi wann d’Camper-Conny an d’ curly-girl-Hagrid esou laang kéinte roueg bleiwen. Dofir gëtt et vill ze vill ze beschwätzen: Fotoen a sexy time Foren, dem Cat säi Lycée-Trauma an dem Sidsel seng Flecken op der Couche. Nieft dem Tëlee-Shopping, deen an den nächste Minutte bedriwwe gëtt, gëtt am Wonner-Soutien awer och no Emotiounen an Touri-Geschichte gewullt... mat Erfolleg? Klammt an den Taxi Fritzi a loosst iech iwwerraschen ob et Richtung Vagina oder Veganer geet.

Show more...
6 months ago
43 minutes 5 seconds

Queens of Meh
Episod 37 - Sidd dir eng Koppel?

Maacht den Applaus-Knäppche prett well d’Thermomix Karen an d’Miss Nothum stinn an de Startlächer. Mat enger Pace vun 1:18 an e bësse krimineller Energie geet et Richtung Zil wou schonn déi gutt richent Norweger:inne waarden. Wat mécht eigentlech dem Cat säi Kiné berufflech? Wéi ass d’Sidsel sou séier 3-fach Mamm ginn? A steet ETA wierklech fir England the A*hole? Wimms, wumms, alles Froen, déi är Liblingskoppel iech an dëser Episod powered by delulu an Dommheet beäntwerten.

Show more...
7 months ago
46 minutes 26 seconds

Queens of Meh
Episod 36 - D’ass just eng Phas

Jorelaang ass ee professionell Partymaus, et huet een e crush op den Drummer vun der Band an iergendwou am Kapp spillt ëmmer ee Lidd. A knapps ass een 28 muss ee sech mat co-parenting ausernee setzen, Lafschong kafen ass Thema Nummer 1 an et gëtt drop an derwidder gedierzt. Blöd just wann ee sech am eegene Gebuertsdatum geiert huet an een nach guer keng 28 ass. Kann ee jo mol verdrängen, genee esou wéi déi eege Sexualitéit oder den Typ deen am Gang no der IBAN Nummer freet. Firwat d'Cat zréck bei d'Psy sollt goen an d'Sidsel friem Leit ëmaarmt, dat gitt dir an dëser Episod vu Queens of Meh gewuer.

Show more...
7 months ago
50 minutes 58 seconds

Queens of Meh
Episod 35 - Mat der Dier an d’Pan

Wann eng nei Episod um Weltfraendag opgeholl gëtt, da muss een natierlech mat geballter Alpha-Energie an d’Renne goen. Un der Startlinn stinn d’Sporty Spice & d’Koriander-Cat a maache sech waarm fir mat beschtem italieeneschen Accent iwwer Schwanzvergläich ze schwätzen. Wat Himmelsdéiercher domat ze dinn hunn a firwat Lëtzebuerg nach e weidere Männerpodcast brauch, dat fannt dir eraus wann dir dem Serge & Carlos nolauschtert - Kings of FraMEHnsch.

Show more...
8 months ago
52 minutes 56 seconds

Queens of Meh
Episod 34 - Flirt mat der Hand

Rideau op: den inklusiven Theater mat Trigger Warnung, villen Emotiounen an zwou Kinniginne von und zu Meh ass am Duerf. Den Text sëtzt net ëmmer mee et gëtt un der Verständlechkeet geschafft, oder awer um verständnisvoll sinn? Virun allem d’Cat muss léiere wéini laachen ubruecht ass an d’Sidsel schafft u senger Karriär als Bus-Entertainer. A propos Trigger Warnung an dëser Episod ginn zwou Fraen ouni Kanner Erzéiungstipps, e Single kritiséiert Umaach-Strategien an e Snack geheit d’Fro vun eiser polnescher Community op. Wat kéint scho schif goen?!

Show more...
8 months ago
48 minutes 33 seconds

Queens of Meh
Episod 33 - Sexy Dumplings

Dës Episod gëtt iech presentéiert vun der Léift - déi am Krankebett, déi live vum LSC a virun allem déi vum Sidsel sengem Partner.  Spicy gëtt et awer net, héchstens cringe vue, dass den Altersënnerscheed tëscht eisen zwou Queens laut enger Infirmière bei mindestens 20 Joer läit. Och wann alles géint si geschwat huet, hunn d'pick me girl an d'girly girl sech an engem Lichtermeer vun Hallefwësse fonnt a loosse sech ni méi lass, villäicht och well soss eent vun hinnen aus dem Bett géif falen. Kannersécherung sei dank konnten d'Banaus-Bananen dës Woch awer ganz ouni Blessuren ophuelen an anere Leit hir Dilemm-lemms léisen an de Weltfridde lancéieren. An deem Sënn: Grönland save the queens, oder ëmgedréint.

Show more...
9 months ago
52 minutes

Queens of Meh
Episod 32 - D’Geschicht vum Meter Béier

3…2…1 Apeldecken! An domat ass 2025 dann och offiziell lancéiert, an dat direkt mat enger existenzieller Fro: Wéi vill kann an enger Episod geflucht ginn? Problematesch ass an dëser Episod net just wéi vill misst gepiipt gi mee och är Hosts aka Junkien. Dopamin-junkies versteet sech, eppes aneres géif d’Sécherheetsmuecht vu Lëtzebuerg och guer net acceptéieren. A propos Sécherheet - Firwat d’Cat am Tram Leit opfuerdert d’Box rofzeloossen an d’Sidsel elo bei X-Faktor duerchstarte wëll fannt dir an der aktueller R-rated Episod vu Queens of Meh(th) raus.

Show more...
10 months ago
46 minutes 49 seconds

Queens of Meh
Episod 31 - Blannen Hond a kale Jang?

Licht an! Oder aus? Et ass net ëmmer esou einfach säi Wee am däischteren ze fannen, virun allem net wann een d’Gefill huet verfolleg ze ginn… An dësem Fall awer Luuchten un, well sos kann een net d’Biller bewonneren, déi d’Cat no 3 Joer a senger Wunneng elo endlech opgehaangen huet. Wärenddeems huet sech d’Sidsel dann och erëm sengem Liblingsthema gewidmet: Vakanze plangen. Déi 2 Musicaltalenter grënnen net nëmmen en nationale Comité fir Chrëschtdagsdekor a spillen eng ronn Tabu, mee diskutéieren dann och potenziell Virsätz fir 2025. An deem Sënn: See you in Ulm, Merry Christmas an e gudde Rutsch (dir kennt de Recht..)

Show more...
10 months ago
48 minutes 6 seconds

Queens of Meh
Episod 30 - 2 Poolboys um Zebrasträifen

Advent Advent, kuckt eist onnëtzt Talent. Oder am Cat sengem Fall TalentER. Nodeems endlech d’Fro gekläert gouf ob sech am beschten no vir, no hannen oder aus dem leschte Lach päift, kann den Zirkus lass goen. Ganz no deem Motto gouf en neie Level un domm entdeckt, YOLO-Parking bedriwwen a Pool-Boys mat Poliziste verwiesselt. Donieft goufen et vill Froen un d’Dokteren an Dokteschen am Land, a wéineg Äntwerten insgesamt. Villäicht net ganz léisungsorientéiert oder qualitativ besser wéi déi lescht 29 mee dofir ware mer nach ni esou jonk. Wéi d’Sidsel géif soen “Wurscht, op déi nächst 30” an happy Evan!

Show more...
11 months ago
44 minutes 50 seconds

Queens of Meh
Episod 29 - Spullmaschinnen-Sekte

Halloween ass eriwwer mee et bleift creepy bei de Queens of True Crime Dating CoMEHdy. Dir hutt d’Gefill dir gitt beobacht? Dir gesitt ëmmer erëm déi selwecht Persoun mat Kap a Schnurres virun ärer Fënster stoen? An ärer Spullmaschinn wunnt den Tom Cruise? E klore Fall fir d’Trovatis. Tri Trovatis, dat sinn d’Cat, d’Sidsel an de creepy Joe aka dem Sidsel säin achtsamen Alter Ego. An dëser Episod léise si fir iech de Fall vum Wikinger, deen de Bluetooth erfonnt huet, konfrontéieren den Nico Santos a ginn engem Whatsapp-Dilemmski op de Grond. Lauschtert eran a freet iech op Gelabers, esou wéi Motte sech op d’Luucht, wéi e Bëbee sech op de Potti a wéi d’Sidsel a Cat sech op den éischte GlüHwÄiN vun der Saison freeën.

Show more...
11 months ago
44 minutes 35 seconds

Queens of Meh
Episod 28 - Neien Dag, neit Gehier

Ho ho ho - Halloween ass eriwwer mee déi grujeleg Gestalte laueren nach iwwerall: Ex-Partner, Bankkonten, eeler Leit mat vill Spaut am Mond a Lama um Spieß. Maacht et wéi all déi Leit, déi net beim Staat schaffen a schrauft är Erwaardungen erof. TV-Sternchen Sidsel an extravagant Persoun aus dem Botzpersonal Cat prrraudly present: hir Laachkris.

Show more...
1 year ago
45 minutes 32 seconds

Queens of Meh
Episod 27 - Nuesläppchen

This is the voice of Dingsdabumms… Ob sech d’Still fir d’Queens ëmdréinen oder net, gitt dir an der neister Episod vun ärem Liblings-KFZ-Podcast gewuer. Keng Angscht, sollten technesch Problemer opkommen, d’Cat krempelt d’Äerm vu sengem Fräizäitkostüm an d’Luucht an d’Sidsel huet d’Dréikräiz an d’dad jokes scho parat. Dir mierkt, qualitativ gëtt mol nees eng Schëpp dropgeluecht. A punkto Kultur haut mat dobäi: Notiz-Poetry. Am Sport eng Schweess-Analys. D’Mieresbiologin Sidsel hëlt sech de wëssenschaftlechen Themen un, wärend d’selwer ernannte mean girl mommy Cat den Nuesläppche prett mécht fir d’Rubrik Trauer. Vill Spaass beim Lauschteren wënscht Iech är Hallefwëssen-Redaktioun aus Lolland.

Show more...
1 year ago
42 minutes 20 seconds

Queens of Meh
Episod 26 - Cornischong an der Tut

Stellt Iech vir de Fliger stierzt of an dir sëtzt dran, wat braucht der? Wann d’Äntwert dorop Aaxt a Feier ass, congrats dir sidd e Mann. Wann dir eng Fra sidd, eist Bäileed well wéi FB Kommentare beweisen: “Frae sinn net witzeg”. An deem Sënn, wëllkomm beim Trauerpodcast an deem et dës Kéier iwwer Dout, kriibskrank Kanner a Kontakt mam Ex geet. Falls dir elo ganz vill Froen am Kapp hutt, hei nach e puer méi: Wéi vill Hänn huet d’Cat? Wat ass big papa energy? Firwat gëtt schonn nees Toilettëpabeier rationéiert? Kritt d’Sidsel en Job am Zoo? A wat ass déi neiste Rubrik bei Queens of Meh??? Äntwerten dorop, mat enger Prise Würgreiz, gëtt et an der neister Episod vu Queens of Meh.

Show more...
1 year ago
49 minutes 44 seconds

Queens of Meh
Episod 25 - I just a baby

Live vum Medienzentrum Hesper: Ären ergotherapeutesch korrekte Podcast! Wéi op der Schueberfouer, oder fir d'Sidsel, wéi am Tram, geet et ronn. Sëtzt iech nieft an op keen a lass geet et mat adulting fails, Panikattacken an ongefiltertem Chaos. Wärend déi eng Queen Stellungnam zu sengen Tittebilder hëlt, ass d'Cat vu Geeschter geplot. D’ass näischt fir houfreg drop ze sinn: Wann d'Betreier aus dem Haus sinn, danzen d'Grimmelcher um Dësch - Mee wat sinn nach emol Grimmelcher? D'Äntwert dorop a firwat ee mat 26-32 nach net prett fir dat grousst Liewen ass, gëtt et an der neister Episod vu Queens of Meh. #zréckopdeKierchbierg

Show more...
1 year ago
43 minutes 23 seconds

Queens of Meh
Episod 24 - De Ping Ling Effekt

Et ass d’Rentrée vun de royalen Therapiestonnen, déi net vun der Krankekeess gedeckt ginn – Queens of Meh sinn zréck mat enger extended Episod. Wat gehéiert zu der Rentrée dozou? En neien Outfit! Kee Problem fir d’Sidsel, dat zwar aktuell weder Job nach Wunneng huet, ma de Kleeder-Code huet et scho mol geknackt. Priorities eben, denkt sech och d’Cat a widmet sech de wierklech grousse Problemer am Liewen: Leit, déi op Concerte repsen an iergendengem Mathematiker aus der Belsch. Wat soss nach a Sri Lanka, München a beim Schéinheetschirurg passéiert ass an de leschte Wochen, lauschtert eran a fannt den (sexuelle Kontext) eraus. Dës Aktivitéit gëllt offiziellals Hobby.

Show more...
1 year ago
52 minutes 13 seconds

Queens of Meh
Episod 23 - Liberté, Égalité, Duerffest

Dot är Rettungswesten un, Schwammkap op de Kapp a lass, seet de Kapitän German the Herman. Mir paddele Richtung Pride, laanscht Lëtzebuerger Duerffester an och déi sloweenesch Hecke ginn ënnerwee matgeholl, wuertwiertlech. Wat mussen déi dann och direkt virun den Auto sprangen? Konflikter ginn et genuch an dëser Episod, Léisungen awer och. Wann Zanpasta net méi hëlleft, da muss een a Costa Rica auswanderen, esou wéi d’Cat am léifsten nodeems et eisen Ex-Premier begéint hat. Wärend deen een Ärdnosskapp sech am Summer doheem verbrennt, ass deen aneren Eeërkapp scho mat enger gebrachener Zéif am Fliger fir fort. An domat ass et dann och offiziell: Mir ginn an d’Summerpaus, also villäicht, also warscheinlech, also lauschtert selwer!

Show more...
1 year ago
45 minutes 39 seconds

Queens of Meh
Episod 22 - De boob-business
Just Ken, just George oder awer just Sidsel? Nee, keng Angscht, och wann déi Zwee sech am Privaten net leide kënnen, gehéiert d’Cat zu dësem Podcast, wéi Holland an England an d’Finall. Wärend Lëtzebuerg Privat scho mat den Hufe schäert fir en exklusiven Interview, ginn d’Queens léiwer en inklusiven Abléck an hir Gehierer, dës funktionéieren nämlech net ëmmer wéi d’Norm dat verlaangt. Mee wat ass schonn normal? Vun enger Wäschmaschinn beleidegt ginn, am Wellness op Geschlechtsdeeler kucken oder alles kuerz a kleng schloen? Lauschtert d’Episod a fannt et eraus! An och wann net, denkt drun: E Gudden, bei allem wat der maacht!
Show more...
1 year ago
42 minutes 33 seconds

Queens of Meh
Episod 21 - Wat kucks de sou domm?
Léif Passagéier, mir begréissen iech ganz häerzlech um Vol Richtung süffisant kulturell Aventure vun enger Naturburschin an engem Bienenstich-Mäuserich. Huelt iech Plaz beim Emergency Exit well är Pilotinnen op dësem Podcast hunn Turbulenze matbruecht. Vu Bodyshaming am Fliger, bis allerlee Blessuren an toxesche Bobs, gëtt et an dëser Episod vill Schlechtes fir de Kierper mee Guddes fir de Kapp. Fir et kuerz ze faassen: Haaptsaach e Briet um Waasser, et gëtt keen Update vum beschte Stéck a virun allem, op de Chômage! Dës Episod enthält Reklamm. Zesumme mam Familjeministère géife mir Iech gären d’Event Alles normal - Lëtz celebrate inclusion presentéieren. Méi Infoen dozou an der aktueller Episod oder och ënner www.allesnormal.lu Dir wëllt och Reklamm bei eis schalten? Da mellt iech dach einfach iwwer queensofmeh@gmail.com
Show more...
1 year ago
45 minutes 28 seconds

Queens of Meh
Special - Déi mam Speed Dating
Si mir alleguerte just SIMS deenen d’Leeder fortgeholl gouf? Sinn d’Äisbieren de key wann et ëm d’Flirte geet a wat war eigentlech virun 100 Joer lass? Froen iwwer Froen an dëser spezieller Episod an där ee sech net sécher ass op een op engem Date sëtzt, an enger Konferenz iwwer Déieren oder awer an engem Café mat Krunnemécken, déi aus dem Philosophéieren net rauskommen. Wann der wësse wëllt firwat d’Sidsel e Kuschelmann ass an d’Cat den décksten Elefant aus der Häerd wëll sinn, da setzt iech un den Dësch, d’Candle light dinner, ouni happy end mee dofir mat Käseplatte, ka lass goen!
Show more...
1 year ago
41 minutes 4 seconds

Queens of Meh
Net wierklech schlecht awer och net präisgekréint gutt, eben einfach "Meh"! Villäicht ass d'Zil vun dësem Projet, dass d'facetimes agehale ginn, dat ass bei enger Fernfrëndschaft nämlech guer net esou einfach, villäicht ass et awer och eng gratis Therapiestonn fir d'Queens Cat & Sidsel, déi sech net ëmmer sou royal fillen. Ma och wann d'Liewe seng Meh-menter huet, ass keen Thema ze "meh" fir et net ze behandelen - An dësem Podcast gëtt, all zweeten Sonndeg, iwwer alles geschwat, ouni Tabu an heiansdo och ouni Punkt a Komma... En auditiivt "Schulterzucken", natierlech mat Kroun uewendrop!