
Dot är Rettungswesten un, Schwammkap op de Kapp a lass, seet de Kapitän German the Herman. Mir paddele Richtung Pride, laanscht Lëtzebuerger Duerffester an och déi sloweenesch Hecke ginn ënnerwee matgeholl, wuertwiertlech. Wat mussen déi dann och direkt virun den Auto sprangen? Konflikter ginn et genuch an dëser Episod, Léisungen awer och. Wann Zanpasta net méi hëlleft, da muss een a Costa Rica auswanderen, esou wéi d’Cat am léifsten nodeems et eisen Ex-Premier begéint hat. Wärend deen een Ärdnosskapp sech am Summer doheem verbrennt, ass deen aneren Eeërkapp scho mat enger gebrachener Zéif am Fliger fir fort. An domat ass et dann och offiziell: Mir ginn an d’Summerpaus, also villäicht, also warscheinlech, also lauschtert selwer!