
Stellt Iech vir de Fliger stierzt of an dir sëtzt dran, wat braucht der? Wann d’Äntwert dorop Aaxt a Feier ass, congrats dir sidd e Mann. Wann dir eng Fra sidd, eist Bäileed well wéi FB Kommentare beweisen: “Frae sinn net witzeg”. An deem Sënn, wëllkomm beim Trauerpodcast an deem et dës Kéier iwwer Dout, kriibskrank Kanner a Kontakt mam Ex geet. Falls dir elo ganz vill Froen am Kapp hutt, hei nach e puer méi: Wéi vill Hänn huet d’Cat? Wat ass big papa energy? Firwat gëtt schonn nees Toilettëpabeier rationéiert? Kritt d’Sidsel en Job am Zoo? A wat ass déi neiste Rubrik bei Queens of Meh??? Äntwerten dorop, mat enger Prise Würgreiz, gëtt et an der neister Episod vu Queens of Meh.