Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/06/14/7a/06147a25-3a84-3708-e227-e9ee67fadc40/mza_16552368999058548794.jpg/600x600bb.jpg
Kultur
radio 100,7
50 episodes
13 hours ago
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Show more...
News
RSS
All content for Kultur is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Show more...
News
Episodes (20/50)
Kultur
Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025
Gëschter Owend (13.11.) war d‘Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg mat der zeremonieller Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis. Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025 an der Kategorie Literatur mat “Geckegen Hunneg” (éditions guy binsfeld). An der Kategorie Sachbuch gouf “Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr” vun der Inna Ganschow (capybarabooks) vum Jury ausgezeechent. An der Spart Kanner- a Jugendliteratur huet “KrixKrax” vum Marc Weydert (Text) a Patty Thielen (Illustratioun) (PersPektiv Editions) de Jury am meeschten iwwerzeegt. De Publikumspräis gouf dëst Joer geännert, aus engem Präis goufen der dräi - nämlech elo an all Kategorie. An dëst Joer sinn dat: “Hraun” - Florent Toniello (Michikusa Publishing) “Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen” - Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld) “KrixKrax” - Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions) E spezielle Präis geet och un e Buch mam beschten Design. Do huet de Jury sech op “Hortus Alienum” vun der Anna Valentiny (Point Nemo Publishing) gëeent. Den Designerpräis zeechent virun allem d’Aarbecht vum Verlag aus. An dësem Fall sinn et éditions guy binsfeld. D‘Valerija Berdi war op der Plaz an ass am Studio fir iwwer d‘Laureatinnen an d’Laureate vum Buchpräis ze schwätzen, déi och all an eiser Literaturemissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” dëse Sonndeg um 11 Auer invitéiert sinn a live vun der Bicherfoire diffuséiert gëtt.
Show more...
1 day ago
11 minutes

Kultur
Walfer Bicherdeeg 2025
Dëse Weekend sinn d’Walfer Bicherdeeg. D’Kulturredaktioun vum Radio 100,7 ass natierlech do mat um Rendez-vous (zum Beispill e Sonndeg moie mat der VaLibrairie, live aus dem Café littéraire). D’Paule Rodesch war op der Plaz an huet mam Ian de Toffoli, Schrëftsteller an Editeur a mam Änder Visser, Responsabele bei der Walfer Gemeng fir d’Logistik vun de Bicherdeeg iwwer déi lescht Virbereedunge geschwat. Fir d’Gemeng ass et - normalerweis - dat gréissten Evenement am Joer ...
Show more...
1 day ago
8 minutes

Kultur
Annick Wolfers: “The River Always Flows“
D‘Klierfer Cité de l‘image ass am Wuesstem. Den Owend gëtt hiren neien Ausstellungsraum, déi fréier Tourist Info, offiziell ageweit. A wéi mécht een dat am beschten? Et invitéiert een d‘Leit op de Vernissage vun enger interessanter Fotoexpo an dësem Espace. Zanter gëschter ass alles prett: d‘Expo héiert op den Numm “The River Always Flows“, d‘Kënschtlerin dohannert op Annick Wolfers. Dee seet Iech näischt? D‘Kerstin Thalau wollt dat änneren an huet d‘Annick Wolfers an eise Studio invitéiert.
Show more...
1 day ago
18 minutes

Kultur
“Boy Swallows Universe" - tëschent Drama, Dram a Comedie
“Boy Swallows Universe” ass eng Mini-Serie op Netflix, déi Sozialdrama, Coming-of-Age a Gangster-Comedie mat staarken 80er-Vibes verbënnt. Den Yves Stephany erkläert, firwat d’Adaptatioun vum Trent Dalton sengem Roman mat engem brillante Cast, engem on-point Soundtrack an origineller Erzielweis erausstécht.
Show more...
2 days ago
4 minutes

Kultur
Léa Giordano: “I wish I could have told you”
E “Périscope” ass jo eng Zort Spigel-Spektiv an zackeger S-Form, mat där an der Zäit aus U-Booter oder Bunkere geluusst gouf. Déi militäresch Zwecker huet d’Ekipp vum Casino-Display manner interesséiert wéi dat “ëm den Eck” kucken, an doduerch eventuell ëm den Eck denken. An hirem historesche Konschthaus-Gemaier war, laang virun hirer Zäit, eng butzeg Fënster op der Héicht vun der Kellertrap agebaut ginn, an zwar mat Nisch dohannert! Déi ideal Plattform fir e Konschtwierk a klengem Format. Also gouf d’Kënschtler:inne-Residenz “périscope”, mat enger kuerzer Dauer vun enger Woch, lancéiert. Déi jonk visuell Kënschtlerin Léa Giordano huet déi lescht Woch dovunner profitéiert, an d’Kerstin Thalau war do, fir mat hir ëm den Eck ze luussen an ze denken.
Show more...
2 days ago
15 minutes

Kultur
De Centre Pompidou Metz wärend dem Ëmbau vum Beaubourg
Eng Ausstellung, an där ee kann d’Schachbriet vum Marcel Duchamp gesinn, oder dem Juan Miro säi Bild “La course de taureaux”, an “Croix Noire” vum Kasimir Malevitch … esou Erliefnesser ware bis viru 15 Joer dem Tourist zu Paräis virbehalen. Am Moment ass dat grad ëmgedréit. Am Centre Pompidou an der franséischer Haaptstad, deem säi fantastescht Gebai vum Renzo Piano grad renovéiert gëtt, kann een iwwerhaapt keng emblematesch Wierker vun der Moderne a Postmoderne méi bestaunen, wuel awer zu Metz, ee Sprong virun eiser Dier. Firwat de Centre Pompidou grad mat senger momentaner Ausstellung “Dimanche sans fin” méi hell stralen dierf wéi de Beaubourg, hu mir kierzlech mat der Chercheuse a Commissairin Zoe Stillpass vum Centre Pompidou beschwat.
Show more...
2 days ago
12 minutes

Kultur
Wien huet Five Hours, Fifty Days, Fifty Years fir eng Konschtexpo?
Wann eng Expo mat "Five Hours, Fifty Days, Fifty Years" iwwerschriwwen ass, muss ee sech dofir vill Zäit huelen? Dat géif den Antwerpener David Claerbout natierlech freeën, mee den ausgebilte Moler wëllt mat sengem Titel éischter säin Haaptsujet undeiten: hien interesséiert sech fir eis Manéier, Biller wouerzehuelen, a setzt sech a senge Film- a Fotoinstallatioune mat der Distinctioun tëschent Visioun, Erënnerung an Halluzinatioun ausernaner. Dat Ganzt par Rapport zur Zäit. Bis Enn Februar 2026 ass seng aktuell Expo an der Escher Konschthal ze gesinn an d'Kerstin Thalau hat Geleeënheet dem David Claerbout dozou e puer Froen ze stellen.
Show more...
3 days ago
13 minutes

Kultur
Filmkritik: "Frankenstein" (Netflix)
De Michel Delage iwwer dem Guillermo del Toro seng Adaptatioun vun der Mary Shelley hirem Horror-Klassiker
Show more...
3 days ago
17 minutes

Kultur
Booker-Prize-Gewënner ass "Flesh" vum David Szalay
Gëschter Owend (10.11.) gouf zu London de Gewënner vum Man Booker Prize annoncéiert. Et ass d‘Buch "Flesh" vum ungaresch-brittesche Schrëftsteller David Szalay, dat gekréint gouf. D‘Membere vum Jury soten, si haten nach ni ee Buch wéi dat hei gelies. Och d’Popstar d‘Dua Lipa an de Rapper Stormzy si Fan vum Buch. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
Show more...
4 days ago
3 minutes

Kultur
Walfer Bicherdeeg
Den nächste Weekend ass déi 30. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg. Eng Bicherfoire, déi scho laang vill méi ze bidden huet wéi Banannekëschte mat Occasiounsbicher. Stänn vun Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, Liesungen, Workshoppen, Animatioun a Bicher fir déi ganz Kleng ... D'Lynn Klein vun der Gemeng Walfer ass haut d'Invitée beim Valerija Berdi fir iwwer den dësjärege Programm ze schwätzen.
Show more...
4 days ago
19 minutes

Kultur
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Show more...
4 days ago
5 minutes

Kultur
Film vun der Woch: "The Smashing Machine"
Dësen amerikanesche Sportsbiopic beliicht d'Karriär an d'Privatliewen Enn den 1990er vum MMA-Kämpfer Mark Kerr. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen dem Benny Safdie säin Drama.
Show more...
5 days ago
8 minutes

Kultur
Rapport vum Le Guess Who? zu Utrecht
De Max Tholl erzielt, wat hien dëse Weekend zu Utrecht um Le Guess Who? Festival erlieft huet - vu musikaleschen Entdeckungen, enger Stad am kreative Féiwer a musikaleschen Iwwerraschungen.
Show more...
5 days ago
6 minutes

Kultur
Ecotonalities
Wéi kann ee mat enger Fotovoltaik an Insekten ee Stéck komponéieren? A wéi eng Mikroe brauch een eigentlech dofir? D’Lori Dauphin huet am Interview mam Klangkënschtler Ludwig Berger nogefrot. Hien huet dëst Joer fir de Lëtzebuergesche Pavillon zu Venedeg nämlech esou ee Klangstéck komponéiert.
Show more...
1 week ago
11 minutes

Kultur
"just listen": Chantal Maquet gewënnt de Prix Grand-Duc Adolphe
D'Chantal Maquet krut de Prix Grand-Duc Adolphe fir hir Aarbcht "just listen": Ee Video, deen den Zuschauer mat de verschiddene Stadie vun der eegener Kriibskrankheet konfrontéiert. De Marc Clement huet mat der Kënschtlerin geschwat.
Show more...
1 week ago
6 minutes

Kultur
Booker Prize Shortlist: Romaner vum Andrew Miller, Kiran Desai a Susan Choi
Nom Prix Goncourt, Femina, Médicis a Renaudot dës Woch geet d’Literaturpräissaison esou lues op en Enn – ma de Méindeg gëtt nach mam prestigéise Booker Prize vläicht mat dee wichtegste Präis verginn. Sechs Bicher sinn op der Shortlist, der Katie Kitamura hire Roman "Audition", dem David Szalay säi "Flesh" an dem Ben Markovits säin "The Rest of Our Lives" hat de Jeff Schinker schonn hei rezenséiert. Haut verréit hien eis, wéi gutt déi dräi aner Finaliste sinn a beschwätzt "Flashlight" vun der Susan Choi, "The Loneliness of Sonia and Sunny" vun der Kiran Desai a "Land in Winter" vum Andrew Miller.
Show more...
1 week ago
23 minutes

Kultur
The Diplomat
Eng Serie, déi sech ëm d'US-Diplomatin Kate Wyler dréit, déi a Groussbritannie kënnt a do eens muss ginn, esouwuel am Professionellem, wéi am Privaten.
Show more...
1 week ago
3 minutes

Kultur
Le Guess Who?-Festival
Haut (6.11.) geet zu Utrecht an Holland de Le Guess Who?-Festival lass. Bis e Sonndeg steet déi ganz Stad am Zeeche vun der Musek. De Festival bitt eng eklektesch Programmatioun, déi esou zimmlech all Museksgenre ëmfaasst awer e besonnesche Fokus op méi experimentell Kläng leet. De Max Tholl wäert fir eis zu Utrecht dobäi sinn a liwwert schonn emol e klengen Ausbléck op dat, wat de Public de Weekend zu Utrecht erwaart.
Show more...
1 week ago
10 minutes

Kultur
Wat fir eng Roll spillt de Bësch am Cercle Cité?
Knapps 30 Joer war de Clément Minighetti Chef-Curateur beim Mudam. Mëttlerweil huet hien de Pei Musée verlooss, verfaasst Texter fir Konschtpublikatiounen an hëlt och déi eng oder aner Commande als fräischaffende Curateur un: esou geet, zum Beispill, d‘Expo “La forêt. Solitudes et solidarités“ am Cercle Cité op säi Kont. Si soll déi komplex Relatiounen tëschent Urbanismus a Bëschregiounen plus d‘Plaz vum Bësch am Imaginaire vun haut hannerfroen. Komplex Sujeten, dowéinst huet d‘Kerstin Thalau de Clément Minighetti einfach emol an de Studio invitéiert.
Show more...
1 week ago
17 minutes

Kultur
David Bowie Centre
Den David Bowie säi perséinlecht Archiv kann een elo selwer duerchkämmen am neien David-Bowie-Centre zu London. An deen ass an engem ganz aussergewéinleche Musée.
Show more...
1 week ago
13 minutes

Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit