All content for Kultur is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025
Kultur
11 minutes
2 days ago
Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025
Gëschter Owend (13.11.) war d‘Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg mat der zeremonieller Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis.
Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025 an der Kategorie Literatur mat “Geckegen Hunneg” (éditions guy binsfeld).
An der Kategorie Sachbuch gouf “Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr” vun der Inna Ganschow (capybarabooks) vum Jury ausgezeechent. An der Spart Kanner- a Jugendliteratur huet “KrixKrax” vum Marc Weydert (Text) a Patty Thielen (Illustratioun) (PersPektiv Editions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.
De Publikumspräis gouf dëst Joer geännert, aus engem Präis goufen der dräi - nämlech elo an all Kategorie. An dëst Joer sinn dat:
“Hraun” - Florent Toniello (Michikusa Publishing)
“Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen” - Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld)
“KrixKrax” - Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions)
E spezielle Präis geet och un e Buch mam beschten Design. Do huet de Jury sech op “Hortus Alienum” vun der Anna Valentiny (Point Nemo Publishing) gëeent. Den Designerpräis zeechent virun allem d’Aarbecht vum Verlag aus. An dësem Fall sinn et éditions guy binsfeld.
D‘Valerija Berdi war op der Plaz an ass am Studio fir iwwer d‘Laureatinnen an d’Laureate vum Buchpräis ze schwätzen, déi och all an eiser Literaturemissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” dëse Sonndeg um 11 Auer invitéiert sinn a live vun der Bicherfoire diffuséiert gëtt.
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit