Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/91/36/91/913691c3-0e7f-d5f8-8e0b-f306f5b80f92/mza_17541177617707910103.jpg/600x600bb.jpg
FJD presents: Business Bistro
Moskito / FJD
20 episodes
3 weeks ago
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Show more...
Entrepreneurship
Business
RSS
All content for FJD presents: Business Bistro is the property of Moskito / FJD and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Show more...
Entrepreneurship
Business
Episodes (19/20)
FJD presents: Business Bistro
S2#7 - Luc Frieden
Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween hien an eng Rees an de Weltall mathuele géing, da lauschtert eran. Am Intro Deel – schwätzen de Georges an d’Carole des Kéier net iwwer Statistike mee iwwer Iechternach, wei een ee Kaweechelchen ob Iechternachech nennt an iwwert hir Lecture vum Summer. Vill Spaass a schéine Summer iech all.
Show more...
1 month ago
1 hour 18 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#6 - Anne Kaiffer
1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also.
Show more...
2 months ago
1 hour 8 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#5 - Carole Muller
Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen.
Show more...
3 months ago
1 hour 12 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#4 - Jean-Paul Olinger
Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot.
Show more...
4 months ago
1 hour 8 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster
Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien...
Show more...
6 months ago
1 hour 35 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave
Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien...
Show more...
6 months ago
1 hour 6 minutes

FJD presents: Business Bistro
S2#1 - Launch Season 2 - Extremes
Et huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Zesumme mam Stéphanie schwätzen si iwwert d'FJD Thema vum Joer "Extremes" an a wéi enge Beräicher d'Entreprise zu Lëtzebuerg dëst am Moment iwwerall spieren. D'Stéphanie zielt ausserdeem e bëssen iwwert säin professionelle Parcours, an seng Iddie fir säin FJD Joer. Also klenge Special Launch Cadeau hunn de Georges an d'Carole och nach een Interview mam Benedikt Böhm gemaach - dem interessanten an extreme Keynote Speaker vun der FJD AG.  Lauschtert eran - a maacht Iech mat eis ob de Wee an eng erfollegräich Season 2.
Show more...
8 months ago
1 hour 4 minutes

FJD presents: Business Bistro
#11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz
An dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Date Volume duerstellt a wei Lëtzebuerg sech kéint als Virreider ob deem Marché établéieren. Am Comptoirsgespréich schwätzen d'Carole an de Georges iwwert de Skoda Tour du Luxembourg an iwwert dem Carole seng Bilanz vu sengem Joer als FJD Presidentin 2023-2024. Lauschtert eran - et ass wei ëmmer der Wäert.
Show more...
10 months ago
46 minutes

FJD presents: Business Bistro
#10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie
Déi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Special” Episod schwätze mir zesumme mam Michel Weckering deen eis méi zum Thema Ekonomesch Instabilitéit erzielt an dem Dean Kauffmann an Norman Adler déi eis hiert Wëssen zum ganz vasten Thema Neo-Ökologie ze vermëttele probéieren.
Show more...
12 months ago
1 hour

FJD presents: Business Bistro
#9 - Georges Zahlen (Axiomatic)
Am Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a Statistiken sin natierlech och rem dobei. Am Deep Dive geet et mam CEO a Matgrënner vun Axiomatic, dem Georges Zahlen, iwwert den Tissue économique vu Lëtzebuerg, d’Périnnitéit vun de Lëtzebuerg Betriber an och iwwert déi grouss Défise an Opportunitéiten déi an den nächste Joer ob eis duerkomme wäerten. Desweidere gitt der gewuer wei lukrativ ee Business ronderëm Dreckskëschte ka sinn. Et lount sech also wéi ëmmer fir eran ze lauschteren – Prost ob de FJD Business Bistro.
Show more...
12 months ago
1 hour 13 minutes

FJD presents: Business Bistro
#8 - Mike Koedinger (Maison Moderne)
An der Episod 8 vum FJD Business Bistro geet et em d'Mediewelt an natierlech besonnesch iwwert d'Medien zu Lëtzebuerg. Wat liesen d'Carole an de Georges oder sinn och si schonn Opfer vu Social Medie ginn a liesen iwwerhaapt keng geschriwwe Presse mei? Wei ass d'Presse Hëllef hei am Land opgebaut a ween kritt wat? All dat gitt der am Deep Dive tëschent dem Carole an dem Georges gewuer. Am Comptoirsgespreich ass de Mediemogul vu Lëtzebuerg zu Besuch - keen anere wei de Mike Koedinger selwer. Si schwätze mat him iwwert seng formidabel Carrière. Wei huet alles ugefaang an wou geet et hin. Wéi kritt een een Event wéi Nexus innerhalb vu 6 Méint opgestallt a wat steet fir d'nächst Joer um Programm? Dat a villes méi kennt dir iech elo ulauschteren. Vill Spaass bei der Episod 8.
Show more...
1 year ago
1 hour 11 minutes

FJD presents: Business Bistro
#7 - Laurent Schonckert (Cactus)
Am Comptoirsgespréich deelen de Georges an d’Carole hir Akafsexperienzen zu Lëtzebuerg, an de Georges huet wéi ëmmer e puer interessant Zuelen zur Hand.  Am Deep Dive geet et mam administrativen Direkter vum Cactus, dem Laurent Schonckert, iwwert d’Zukunft vum Supermarché sou wéi mir e kennen, iwwert dem Cactus säin neie Slogan “Mat Häerz dobäi”, awer och iwwert déi ëmmer méi grouss international Konkurrenz. An och wéi lokal Produiten ëmmer méi Visibilitéit fannen an de Bio sécher net dout ass. Natierlech geet den Trioi och op dem Laurent seng ganz interessant Carrière, seng Passioun fir de Fussball an d’Fëschen an. A wee sech elo freet wou de "Yuppi" bei deem Ganze bleift - keng Angscht: och iwwert dat weltberüümt Maskottche gouf diskutéiert. Lauschtert eran a genéisst äre Business Bistro.
Show more...
1 year ago
1 hour 12 minutes

FJD presents: Business Bistro
#6 - Marc Thein (Socom)
Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam Marc iwwert seng Aventuren an der éischter Lëtzebuerger Photovoltaik-Produktiounsfirma, doriwwer wei een op d’Iddi kënnt sech mat esou eppes als Konkurrenz zu den asiatesche Produiten ze lancéieren, mä och iwwert dem Marc seng vill Hobbyen a Passiounen déi vu Sport, iwwert kachen an engem eegene Wäibuttek alles couvréieren. Virdru gëtt et e Comptoirsgespréich an d’Statistike vum Energieverbrauch beim Normalnotzer, sou wéi déi eng oder aner, méi oder manner interessant Lavomat-Experienze vum Georges oder Carole. Lauschtert eran a genéisst!
Show more...
1 year ago
1 hour 8 minutes

FJD presents: Business Bistro
#5 - Betty Fontaine (Brasserie Simon) & Carole Bentz (Domaine Claude Bentz)
An der 5ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert d’Zukunft vum Schisport a ginn e puer interessant Zuelen zum Alkoholkonsum an Europa. Am Deep Dive waren d’Betty Fontaine vun der Brasserie Simon an d’Carole Bentz vum Domaine Viticole Claude Bentz op Besuch. Vun der Zukunft vum Béier, respektiv Wäin a Cremant, iwwert d’Opportunitéiten am Alkoholbusiness, der Positioun vu Lëtzebuerg, bis zur Thematik vu Fraen an engem dach mei traditionelle Männerdomaine war alles dobäi - en absolutte Must fir eranzelauschteren. Am Beschte mat engem Béier oder enger Kippchen am Grapp.
Show more...
1 year ago
1 hour 1 minute

FJD presents: Business Bistro
#4 - Misch Strotz (Neon Internet)
An der 4ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert hir Fues-Experienzen an den neien Apple Vision Pro Brëll. Am Deep Dive war de Misch Stroz vun Neon Internet op Besuch. Zesumme mat him schwätzen eis 2 Hosts iwwert d’Opportunitéiten , d’Challengen an d’Zukunft vun a mat der kënschtlecher Intelligenz. Lauschtert eran.
Show more...
1 year ago
50 minutes

FJD presents: Business Bistro
#3 - Patrick Hoffmann (Floreal) & Philippe Wagener (Philippe Loschetter)
An der 3ter Episode vum Business Bistro schwätzen de Georges Krombach an d’Carole Retter iwwert hiere Joreswiessel an treffen am Deep Dive ob de Philippe Wagener an de Patrick Hoffmann. 2 Business Männer déi allen 2 hire gréngen Daum entdeckt hunn an dëst elo als Haaptkarriär verfollegen. Desweideren zielt de Georges e bëssen iwwert d’FJD Theaterstéck - De Knéckjang - eng absolut Première zu Lëtzebuerg.
Show more...
1 year ago
55 minutes

FJD presents: Business Bistro
#2 - François Mousel (Managing Partner PwC)
An der 2. Episod vum Business Bistro mécht d’Carole e klenge Recap vu senger Aventure um Chrëschtmaart an de Georges vun engem Staminee mat der GenZ. Ausserdeem waren déi 2 op e Business Deep Dive bei de Managing Partner vun PwC, François Mousel, fir säin interessante Wee dohinner ze beliichten a mat him iwwert d’Challenges an d’Opportunitéiten am Recrutement an vun der AI ze schwätzen.
Show more...
1 year ago
58 minutes

FJD presents: Business Bistro
#1 - Marc Lauer (CEO Foyer Group)
An dëser éischter Episod treffen d'Carole an de Georges de Marc Lauer, CEO vum Foyer Group, op e Business Deep Dive an de Georges vu senger Aventure op der Luxembourg Art Week. A lass, mam éischte Business Bistro!
Show more...
1 year ago
54 minutes

FJD presents: Business Bistro
#0 - Trailer
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Show more...
1 year ago
1 minute

FJD presents: Business Bistro
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.