D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
All content for FJD presents: Business Bistro is the property of Moskito / FJD and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”.
Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn huet, dat gitt dir an dëser Folleg gewuer.
Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwer d’Jobcalypse, den Impakt vun AI ob den Aarbechtsmarché, dem Georges säin neie Meeting Outil an natierlech geet et och em den Trounwiessel an d’Monarchie souwéi dorëm dass 2 vun de 4 Chambellane Membere vun der FJD sinn.
Lauschtert eran a mir freeën eis iech an der Saison 3 rëmzefannen.
FJD presents: Business Bistro