D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
All content for FJD presents: Business Bistro is the property of Moskito / FJD and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Am Comptoirsgespréich deelen de Georges an d’Carole hir Akafsexperienzen zu Lëtzebuerg, an de Georges huet wéi ëmmer e puer interessant Zuelen zur Hand.
Am Deep Dive geet et mam administrativen Direkter vum Cactus, dem Laurent Schonckert, iwwert d’Zukunft vum Supermarché sou wéi mir e kennen, iwwert dem Cactus säin neie Slogan “Mat Häerz dobäi”, awer och iwwert déi ëmmer méi grouss international Konkurrenz.
An och wéi lokal Produiten ëmmer méi Visibilitéit fannen an de Bio sécher net dout ass.
Natierlech geet den Trioi och op dem Laurent seng ganz interessant Carrière, seng Passioun fir de Fussball an d’Fëschen an. A wee sech elo freet wou de "Yuppi" bei deem Ganze bleift - keng Angscht: och iwwert dat weltberüümt Maskottche gouf diskutéiert.
Lauschtert eran a genéisst äre Business Bistro.
FJD presents: Business Bistro