Zesumme mat enger Grupp vu Jonken tëschent 15 a 25 Joer gouf an de leschte Méint um radio 100,7 un enger neier, réng digitaler Offer fir e jonke Public zu Lëtzebuerg geschafft. Vum Logo, bis Konzept an och Contenue waren déi jonk Kandidaten a Kandidatinnen, déi sech fir de Programm gemellt haten, vun Ufank u mat involvéiert.
Dat éischt Format: Still Loading …, e Video-Podcast mam Cheryl (25) an dem Laure (20), mécht den Ufank. All zweeten Donneschdeg schwätzen déi Zwee iwwer d’Transitioune vum Liewen, an deenen net ëmmer alles direkt kloer ass - déi Phas tëschent Schoul an Uni, vun éischte Jobs an éischte Bezéiungen, bis hin zu Decisiounen an neien Ufäng. Mat vill Humor, Real Talk an heiansdo och mat Gäscht gräife si Theemen op, déi si, genee esou wéi vill aner Jonker, an hirem Alldag beschäftegen.
D’Laure, Host vu Still Loading …, an d’Catherine, Programm-Produzentin vum Jugendprogramm, stellen d’Konzept vu komma an déi éischt Episod vum Vidcast am Moiesstudio vum radio 100,7 vir.
Dir wëllt direkt an déi éischt Episod vu "Still loading ..." eralauschteren? Da kënnt Dir online maachen op Spotify, YouTube oder Apple Podcast.
Show more...