All content for Moiesstudio is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Déi spuenesch Pop Sängerin Rosalía huet en neien Album erausbruecht mam Titel “LUX”, deen an der internationaler Musekszeen, a virun allem an de Social Media, besonnesch vill Opmierksamkeet kritt. Ob dësem Album fënnt ee sensibel Popballaden a Lidder, déi dozou opfuerdere matzedanzen, awer och Flamenco, dee matrappt, a gefillsvolle Fado fannen hir Plaz op dësem Album. A wat besonnesch interessant ass, ass datt een hei och vill klassesch Influenzen erëmfënnt.
Grond genuch fir d'Cally Kerschen aus der Museksredaktioun vum 100,7 an d'Carole Mallinger aus der Opus-Redaktioun d’Käpp zesummenzestiechen a gemeinsam fir Iech e klengen Abléck an dëse besonneschen Album ze ginn. Am Moiesstudio hu si iwwer dat Besonnescht vun dësem Album geschwat.
Wann Dir nach en anere Bléckwénkel op dësen Album wëllt kréien, da kennt Dir och bei eis Kolleege vum Opus 100,7 an d'Mediathéik kucke goen. Do fannt Dir och nach e Gespréich, axéiert op d'Elementer aus der klassescher Musek, déi op dësem Album ze fanne sinn. D'Cally Kerschen an d'Carole Mallinger waren op Besuch beim Lex Kauffmann am Harmonesche Moien fir iwwer den Album “LUX” vun der Rosalía ze schwätzen.