Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/96/1e/e9/961ee9a0-83be-d497-761f-5d4dc1bbd2cb/mza_6272570277514562563.jpg/600x600bb.jpg
Konferenzen
radio 100,7
30 episodes
6 days ago
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen
Show more...
News
RSS
All content for Konferenzen is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen
Show more...
News
Episodes (20/30)
Konferenzen
"Frühling der Revolution ...
... Europa 1848/49 und der Kampf für eine neue Welt". Ee Virtrag a Gespréich mam Historiker Christopher Clark, dëst am Kader vum 20. Anniversaire vum Institut Pierre Werner, dem 175. Anniversaire vun der Chamber an der Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg" am Lëtzebuerger Nationalarchiv. De Virtrag stoung och am Zeechen vum Auteure-Forum “Das Blaue Sofa“ vu Bertelsmann, wou dem Auteur Christopher Clark säi rezent Buch mam selwechten Titel am Mëttelpunkt stoung. De Christopher Clark, 1960 zu Sydney gebuer, léiert als Professer fir modern europäesch Geschicht um St. Catharine's College zu Cambridge. D’Moderatioun hat de Samuel Hamen, hie schafft als Fräiberuffler a Literaturkritiker, ënner anerem fir den Deutschlandfunk, Zeit Online. Hie lieft zu Heidelberg an zu Dikrech. De Virtrag an d’Gespréich goufen den 29. September 2023 an der Abtei Neimënster opgeholl. Montage: Carlo Link D’Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg am Lëtzebuerger Nationalarchiv" ass verlängert bis de 24. Februar 2024.
Show more...
1 year ago
55 minutes

Konferenzen
Robert Schuman Lecture 2023, les mois de l'Europe zu Esch-Uelzecht
D'Uni Lëtzebuerg, de Centre for Contemporary and Digital History (C²DH), d'Robert Schuman Initiative for European Affairs vun der Uni Lëtzebuerg, de Lycée de Garçons Esch, den European Merit Foundation, den European Movement Luxembourg, d'Representatioun vun der Europäescher Kommissioun vum Europaparlament zu Lëtzebuerg, an de radio 100,7 als Mediepartner, haten zesummen fir déi drëtt Editioun vun "Les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht agelueden. "L'Europe à l'heure des défis: réalités et perspectives", esou war den Discours mam Jean-Claude Juncker am Kader vun "2023 Robert Schuman, les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht, iwwerschiwwen. Jean-Claude Juncker © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain De Jean-Claude Juncker ass zanter 2021 President vun der Académie de Droit Européen, vun 2014-2019 war hie President vun der Europäescher Kommissioun, vun 2004-2013 President vum Eurogroupe a vun 1995-2013 Premier Minister vu Lëtzebuerg. Eng Konferenz a franséischer Sprooch vum 7. Juli am Lycée de Garçons zu Esch, enregistréiert vun der Uni Lëtzebuerg / Montage: Carlo Link. Jean-Claude Juncker an de Moderator Daniel Codello, Gemeng Esch © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain Froen-Äntwerten (Publikum) Conclusiounen (Anne Calteux, Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg a Christoph Schroeder, Parlement européen au Luxembourg) Lauschtert eran
Show more...
2 years ago
55 minutes

Konferenzen
"dat huet jo näischt mat mir ze dinn" ...
© Chantal Maquet Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ... An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen. An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot: Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA). Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center. "Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech. Enregistrement a Montage: Carlo Link Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch? D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf. D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft
Show more...
2 years ago
1 hour

Konferenzen
L'Histoire de l'Ukraine ...
Conférence et entretien du 18 avril au Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, pour essayer de comprendre la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine. En février 2022, la guerre a fait son retour sur le continent européen. Après la révolution de Maïdan en 2014, l'annexion de la Crimée et les huit années de guerre dans le Donbass, la guerre de 2022 a pris une nouvelle dimension en s'étendant à toute l'Ukraine. Du côté russe, cette guerre est justifiée par des falsifications et des manipulations de l'histoire. La conférence, en français et allemand, vise à donner des clés pour comprendre les dimensions historiques très présentes de ce conflit. A travers la discussion de plusieurs experts et historiens de Russie, d'Ukraine, d'URSS et des pays et sociétés post-soviétiques, cette conférence vise à mettre en avant la dimension historique du conflit et à fournir une bonne clé de compréhension des dimensions historiques très présentes de ce conflit. Elle proposera une rétrospective de l'histoire de l'Ukraine au 20e siècle, mais aussi un regard sur l'histoire du début du 21e siècle pour éclaircir la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine. Les historiens Alain Blum et Tanja Penter donneront des clés pour essayer de comprendre la situation actuelle. Modération: Philippe Schockweiler, Journaliste Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Écouter la suite de la conférence (questions / réponses) Tanja Penter, Philippe Schockweiler, Alain Blum ©IPW Biographies: Alain Blum est un historien et démographe français, né le 31 décembre 1958. ll est directeur de recherche de l'Institut national d'études démographiques (INED), directeur d'études associé à l'École des hautes études en sciences sociales (EHESS). Il a été directeur du Centre d'études des mondes russe, caucasien et centre-européen (CERCEC) jusqu'au 2012. Alain Blum est membre du comité de rédaction de la revue Kritika - Explorations in Russian and Eurasian History et, depuis 1998, des Cahiers du monde russe. Tanja Penter est professeur d'histoire de l'Europe de l'Est à l'Université de Heidelberg depuis 2013. En 1999, elle a obtenu son doctorat à l'université de Cologne avec une thèse sur la Révolution Russe de 1917. En 2008, elle a soutenu sa thèse d'habilitation à l'université de la Ruhr à Bochum sur les expériences de travail et de vie quotidienne de la population du bassin ukrainien du Donetsk sous la domination stalinienne et nationale-socialiste.
Show more...
2 years ago
56 minutes

Konferenzen
Robert Schuman et sa Déclaration pour l'Europe 9 mai 1950 ...
Esou war eng Manifestatioun de 4. Mee am Kader vum Europadag 2023 an am Zesummenhang mat der Inauguratioun vun enger Ausstellung an der Gemeng Esch-Uelzecht iwwerschriwwen. Agelueden haten d'Uni Lëtzebuerg, de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, d'Stad Esch an d'Europaparlament. Mir héieren Extraiten vun dësen Intervenanten:​ Georges Mischo, Deputé-Maire vun Esch Prof. Dr Jens Kreisel, Rektor vun der Uni Lëtzebuerg Dr. Elena Danescou, Coordinatrice vum Europe Direct vun der Uni Lëtzebuerg Dr Ludovic Delepine, Chef de l'Unité des Archives du Parlement européen (Vir-enregistréierten Message) Dr. Étienne Deschamps, Historiker vum Service de recherche vum Europäesche Parlament Marc Angel, Lëtzebuerger Europadeputéierte a Vizepresident vum Europäesche Parlament, hien hat iwwer déi nei Erausfuerderungen an d'Zukunft vun Europa geschwat Christoph Schroeder, Chef du Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg Enregistrement a Montage: Carlo Link - Technik: Gemeng Esch D'Ausstellung, déi bis de 7. Juli 2023 an der Escher Gemeng ze gesinn ass, wäert als Plaz fir Studiendeeg a Seminären déngen, fir déi Jonk op d'Geschicht vum europäesche Bau am Zäitalter vun der Digitaliséierung ze sensibiliséieren an d'Multimedia Archiwe kritesch ze ënnersichen. Ausstellung iwwer de Robert Schuman @Gemeng Esch
Show more...
2 years ago
55 minutes

Konferenzen
"Was nun, Global Citizen?" Am Kader vum Global Citizenship-Zyklus
Buch-Cover: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft". Foto vun der Raumstatioun MIR '97. Riets den Dr. Roland Bernecker bei der Konferenz/Gespréich (23.03.23) "Die vielen Kulturen müssen begreifen, dass sie auf überwiegend getrennte Vergangenheiten zurückschauen und auf überwiegend gemeinsame Zukünfte vorausblicken", esou deen däitsche Philosoph a Publizist Peter Sloterdijk 2018. Dëst Zitat beschreift d'Fuerderung un d'Global Citizenship (d'Weltbiergerschaft) ganz gutt. "Was nun, global citizen? - Die Zukunft des planetarischen Bewusstseins im Zeitalter von Klimawandel, Krieg und Kulturkämpfen" Den 23. Mäerz 2023 hunn den Dr. Roland Bernecker a Samuel Hamen iwwer dëst Theema am Neimënster diskutéiert. Et goung ënner anerem dorëms, wou de Begrëff Global Citizenship entstanen ass, a wéi eng Roll de Begrëff haut fir eis, ënner den aktuelle politeschen an ökologesche Konditiounen, nach spille kann. Organiséiert vun der Commission luxembourgeoise pour l'Unesco an dem Institut Pierre Werner, mat der Ënnerstëtzung vum Neimënster. Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Biografien vun den Intervenanten: Den Dr. Roland Bernecker ass 1961 zu Bendorf/Rhein gebuer, hie war vun 2004 bis 2019 Generalsekretär vun der däitscher UNESCO-Kommissioun. Nodeems hien zu Frankfurt/Main Literatur a Philosophie studéiert hat, huet hien iwwer déi europäesch Opklärung promouvéiert. No Fuerschungs- a Léier-Aktivitéiten an Däitschland, Italien a Frankräich, war hien Direkter vum franséisch-däitsche Kulturinstitut zu Nantes. Hie gouf 1998 Kulturberoder vun der däitscher UNESCO-Kommissioun a vun 2002 bis 2004 huet hien am Auswärtigen Amt geschafft zu Berlin geschafft. De Samuel Hamen schafft als Freelance Schrëftsteller zu Dikrech an Heidelberg. Hie krut ënner anerem 2020 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2022 gouf hie mat engem Stipendium vun der Roger-Willemsen-Stëftung ausgezeechent. Dr. Roland Bernecker (l.) a Samuel Hamen, Moderator vum Zyklus Global Citizenship (© IPW) D'Buch: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft" vun den Auteuren Roland Bernecker a Ronald Grätz koum 2017 am Steidl Verlag eraus. "Blue Marble" (Blo Jick), vun der an der Konferenz geschwaat gouf, ass eng bekannte Foto vun der Äerd déi d'Crew vun der Apollo 17, am Joer 1972 aus enger Distanz vu ronn 29.000 km, gemach hat (© NASA) Lauschtert d'Aleedung: Simone Beck (Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun)
Show more...
2 years ago
55 minutes

Konferenzen
Influencer-Late-Night-Show
De Melitta Mann an d'Klementine ware gëschter, d'Reklamm vun haut gesäit anescht aus an huet vill méi Afloss. Influencer:inne prägen d'Plattforme wéi Instagram, YouTube an TikTok, si guidéieren a manipuléiere Millioune vun Unhänger an hire Kafentscheedungen, si maache Publicitéit, net nëmme fir Produkter, mee och fir en neoliberale Liewensstil an zweiwelhaft Kierperbilder. D'Podcaster an d'Auteure vun "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" (2021), Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt, analyséieren e Phenomeen, dee vill iwwer d'Stagnatioun vun der Wirtschaft souwéi iwwer Postdemokratie verréit. Eng Live-Performance "Influencer-Late-Night-Show" vum 21. Oktober, organiséiert vum europäesche Kulturzentrum IPW, Institut Pierre Werner, am Kader vun der Serie Politik a Gesellschaft. Enregistrement: IPW - Montage: Carlo Link Biographien: De Wolfgang M. Schmitt bedreift zanter 2011 den YouTube-Kanal "Die Filmanalyse" ënner dem Motto "Kino anders gedacht!" An hirem gemeinsame Podcast "Wohlstand für alle" schwätzt hie mam Ole Nymoen iwwer Geld, wéi och d'Geschicht vu wirtschaftlechen Iddien a politescher Wirtschaft. Den Ole Nymoen studéiert Soziologie an Ekonomie zu Jena a schafft als Freelance Journalist. Zesumme mam Wolfgang M. Schmitt schwätzt hien an hirem gemeinsame Podcast. Am Joer 2021 hate si hiert Buch "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" am Suhrkamp Verlag publizéiert. Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt © (Podcaster an Auteuren) Lauschtert d'Fortsetzung vun der Live Performance
Show more...
2 years ago
1 hour

Konferenzen
L'islam au défi du fanatisme
Si l'islam est aujourd'hui sur le devant de la scène, c'est souvent qu'il occupe le banc des accusés: terrorisme, fanatisme, l'actualité l'associe à ce que la religion peut produire de plus inquiétant pour des sociétés largement sécularisées. Qu'est-ce au juste que ce fanatisme que, depuis les Lumières, on reproche aux religions? Et l'islam est-il, par sa nature même, touché par cette maladie de la religion? Conférence au sujet de la relation entre l'islam et le fanatisme organisée par l'Institut Pierre Werner en coopération avec la Fondation CANDIDA (sous l'égide de la Fondation de Luxembourg) et LSRS (Luxembourg School of Religion & Society, Centre Jean XXIII). Enregistrement: IPW | Montage: Carlo Link Biographie: Le Père Adrien Candiard, OP[*] théologien, est français et vit au Caire. Après une formation en histoire et en sciences politiques, le père Candiard a rejoint l'ordre dominicain en 2006. Après sa formation en théologie, il est arrivé en Égypte en 2012. Il y a obtenu un master en islamologie à l'Université américaine du Caire, et rédige aujourd'hui un doctorat à l'École pratique des hautes études (EPHE) de Paris. Ses recherches portent sur la théologie musulmane classique (kalām) et les relations entre raison et révélation en islam. [*]OP = L'ordre des Prêcheurs ou des Frères prêcheurs (O.P. - en latin: Ordo Fratrum Prædicatorum), plus connu sous le nom d'ordre dominicain et historiquement connu également sous le nom de Jacobins, est un ordre catholique né à Toulouse sous l'impulsion de Dominique de Guzmán en 1215. Père Adrien Candiard, OP (Ordre des Prêcheurs, plus connu sous le nom d'ordre dominicain) Introduction de la conférence: Jean Ehret, directeur de la LSRS
Show more...
2 years ago
55 minutes

Konferenzen
Denkmalschutz quo vadis?
"Luxembourg under Destruction" a "Stoppt de Bagger" haten de 4. Oktober op e Ronndëschgespréich am Sang a Klang agelueden. Den Architekt Christian Bauer an d'Professere vun der Uni Lëtzebuerg, Florian Hertweck (Architektur) a Markus Hesse (Stadfuerschung) wëllen an der Diskussioun dobäi hëllefen d'Problematik ze beliichten, virun allem déi soziopolitesch Hannergrënn vun enger Ex-an-Hop Mentalitéit, déi anscheinend méi zu Lëtzebuerg wéi soss anzwousch an Europa ausgepräägt ass. D'Moderatioun: Richard Graf (WOXX a Stoppt de Bagger) Enregistrement a Montage: Carlo Link Lauschtert d'Fortsetzung vum Ronndëschgespréich
Show more...
3 years ago
56 minutes

Konferenzen
Die Hydra des Dschihadismus - Asiem El Difraoui
[ Text, Institut Pierre Werner (IPW) ] : [ Nachdem der "IS" in Trümmern lag und "Kalif" al-Baghdadi im Oktober 2019 von US-Truppen getötet wurde, schien der "Krieg gegen den Terror" einmal mehr beendet. Aber der Dschihadismus ist längst eine globale Bewegung geworden, der Dutzende von Organisationen angehören - und mit Gewalt allein ist ihr nicht beizukommen. Seit drei Jahrzehnten verfolgt Asiem El Difraoui als Filmemacher, Journalist und Wissenschaftler diese Entwicklung. Er traf Kampfgefährten bin Ladens in Khartum und PR-Strategen, die in Berlin-Charlottenburg Propagandavideos produzierten. In Kriegsgebieten wie Bosnien, dem Irak oder in Afghanistan hat er selbst den Terror gegen die Bevölkerung miterlebt. Und immer wieder kam der Terror auch zu ihm, wie in Gestalt der Anschläge 1995 und 2015 in Paris, die sich in seiner unmittelbaren Nachbarschaft ereigneten. Kenntnisreich und anschaulich schildert Difraoui, wie der Dschihadismus entstanden ist, wie seine Denkmuster und PR-Strategien sich gewandelt haben und woraus die Hydra ihre Kraft bezieht. Was macht die todbringende Ideologie gerade auch für junge Menschen in Europa attraktiv? Welchen Anteil hat der Westen, haben die Medien an ihrem Erfolg? Und wie kann es gelingen, ihre Macht zu brechen? Ein aufrüttelnder Appell, sich einer der größten Gefahren der Gegenwart zu stellen. ] Gespréich vum 13. Juni 2022 an der Abtei Neimënster, zum Buch mam selwechten Titel, "Die Hydra des Dschihadismus", dat 2021 bei Suhrkamp eraus koum. Moderatioun: Petz Bartz Enregistrement: IPW, am 13. Juni 2022 Mastering a Montage: Carlo Link [radio 100,7] Fortsetzung vun der Konferenz a Froen an Äntwerten aus dem Publikum: Lauschteren Gespréich tëschent dem Petz Bartz (lénks) an dem Asiem El Difraoui © IPW Biografien [ Text IPW ] : [ Asiem El Difraoui, geboren 1965, war schon immer ein Reisender und Mittler zwischen den Kulturen. Als Sohn eines ägyptischen Vaters und einer deutschen Mutter wuchs er in der Nähe von Frankfurt auf, studierte in London und Kairo und promovierte in Paris bei Gilles Kepel. Er gilt heute als einer der führenden europäischen Experten zum Thema Dschihadismus, berät deutsche und französische Regierungsorgane und kommentiert auf ARD, BBC und CNN. ] [ Patrick "Petz" Bartz ist ein luxemburgischer TV-Journalist, der seit 1995 für RTL arbeitet. 2019 reiste er mit der Kamera nach Syrien, um eine Reportage über den Luxemburger Dschihadisten Steve Duarte zu drehen. Für diesen Beitrag wurde er im selben Jahr in die Finalrunde des Amnesty Mediepräis gewählt. 2020 gewann er den Amnesty Mediepräis für seine auf RTL ausgestrahlte Reportage "Blockéiert um Balkan", die sich mit der Notlage von Geflüchteten und Migranten an der bosnisch-kroatischen Grenze auseinandersetzt. ] 2020 krut de Petz Bartz den Amnesty Mediepräis fir säi Reportage op RTL, "Blockéiert um Balkan" © Etienne Grimée
Show more...
3 years ago
56 minutes

Konferenzen
Cette colonie qui nous appartient un peu
Le Luxembourg a-t-il un passé colonial? La plupart des Luxembourgeois répondrait très clairement que non. Certes, l'État luxembourgeois n'a jamais été une puissance coloniale. Mais est-ce aussi simple? Le Musée national d'histoire et d'art (MNHA) se penche sur la question. Si le Luxembourg n'a jamais exercé d'autorité sur un territoire d'outremer ou sur ses populations, nombre d'hommes et de femmes du Grand-Duché ont émigré aux 19e et 20e siècles pour s'établir et travailler dans les colonies d'autres pays européens. Ces Luxembourgeois et Luxembourgeoises y ont occupé toutes sortes de fonctions: soldats, scientifiques, hommes d'affaires, missionnaires hommes et femmes et même fonctionnaires coloniaux. En effet, une propagande active visant à recruter sur le sol luxembourgeois des coloniaux pour le Congo belge s'était largement déployée. Conférence du 9 juin "Cette colonie qui nous appartient un peu" par l'historien et auteur Régis Moes, conservateur au Musée national d'Histoire et d'Art (MNHA) dans le cadre de l'exposition temporaire "Le passé colonial du Luxembourg" du 8 avril 2022 au 6 novembre 2022 au MNHA. Enregistrement: [MNHA] | Montage et présentation: Carlo Link [radio 100,7] Suite de la conférence de Régis Moes: Ecoutez
Show more...
3 years ago
1 hour

Konferenzen
Die Revolution hat ein weibliches Gesicht
Minsk im Sommer 2020. Eine junge Frau im ärmellosen weißen Kleid tänzelt vor einer schwarzen Mauer aus martialisch vermummten Sondereinsatzkräften: Bilder wie diese gingen um die Welt. Der Brutalität des Regimes setzen Hunderttausende mutige Bürgerinnen und Bürger aller gesellschaftlichen Schichten Gewaltfreiheit, kreative Vielfalt und dezentrale Selbstorganisation entgegen. Was sich seit den Präsidentschaftswahlen am 9. August 2020 in Belarus abspielt, geht über eine regionale Protestbewegung gegen gefälschte Wahlen weit hinaus. In Minsk und vielen anderen Städten des weithin unbekannten Landes zwischen Russland und der EU wird Geschichte geschrieben. Weiblich, friedlich, postnational - so charakterisiert Olga Shparaga die Umwälzung in ihrem Land und stellt die Ereignisse in den Kontext europäischer und globaler Emanzipationsbewegungen. "Die Revolution hat ein weibliches Gesicht - Der Fall Belarus", das Buch von Olga Shparaga erschien 2021 im Suhrkamp Verlag. Moderation: Nina Weller Audio-Aufzeichung vom 9. März 2022 im Kulturzentrum, Abtei Neumünster: IPW [Institut Pierre Werner] Mastering und Bearbeitung: Carlo Link [radio 100,7] Biographien: Olga Shparaga, geboren 1975, lehrt Philosophie am European College of Liberal Arts in Minsk. Sie ist Mitglied der feministischen Gruppe des Koordinationsrats, des politischen Organs der Opposition gegen den Diktator Alexander Lukaschenko Nina Weller war bis vor kurzem akademische Mitarbeiterin an der Europa Universität Viadrina in Frankfurt (Oder). Sie forscht zu Erinnerungskulturen in Russland, Belarus und der Ukraine. Sie ist Mitherausgeberin des Buches "Belarus! Das weibliche Gesicht der Revolution. Berlin: edition.fototapeta 2020" und hat im August 2020 den Blog "Stimmen aus Belarus" mit ins Leben gerufen. Verleihung des Internationalen Karlspreises 2022 zu Aachen, an die belarussischen führenden politischen Aktivistinnen (26. Mee): Maria Kalesnikava (inhaftiert), Swetlana Tichanowskaja und Veronica Tsepkalo In Würdigung ihres mutigen und ermutigenden Einsatzes gegen die brutale staatliche Willkür, Folter, Unterdrückung und die Verletzung elementarer Menschenrechte durch ein autoritäres Regime, für Demokratie, Freiheit und Rechtsstaatlichkeit ehrt das Direktorium der Gesellschaft für die Verleihung des Internationalen Karlspreises zu Aachen im Jahr 2022 die belarussischen politischen Aktivistinnen Maria Kalesnikava, Swetlana Tichanowskaja und Veronica Tsepkalo [Karlspreis-Direktorium und Stadt Aachen].
Show more...
3 years ago
56 minutes

Konferenzen
Les Amnésiques - Géraldine Schwarz
Géraldine Schwarz: "A présent que les témoins sont morts, victimes comme bourreaux, il reste le souvenir de leurs mots et de leurs visages, les monuments et les livres. J'ai voulu tisser les fils de la grande histoire avec ceux de la petite, jusqu'à ce que jaillisse un tableau d'antan, avec ses parts d'ombre et de lumière, ses vies écrasées par la mégalomanie des hommes; celles de Lydia et Karl Schwarz qui eurent la malchance de naître à l'orée d'un siècle maudit." Découvrant les arrangements de son grand-père allemand avec le régime nazi, Géraldine Schwarz met au jour la responsabilité des "Mitläufer" dans une dictature: ceux, si nombreux, qui "marchent avec le courant". Suivant sa famille sur trois générations, elle retrace le travail de mémoire mené en Allemagne, qui fait la force de sa démocratie. En le comparant aux lacunes mémorielles en France et ailleurs en Europe, elle soulève une question cruciale: faire des citoyens des victimes de l'Histoire au lieu de les responsabiliser n'a-t-il pas ouvert la voie au populisme et fragilisé nos démocraties? "Les Amnésiques" est paru en 2017 chez Flammarion, la traduction allemande "Die Gedächtnislosen" est parue en 2018 chez Secession. Entretien du premier février 2022 avec l'autrice, journaliste et réalisatrice Géraldine Schwarz à l'Institut Pierre Werner (IPW). Modération: William Irigoyen Enregistrement: IPW / Montage et Mastering: Carlo Link, radio 100,7 Biographies : Géraldine Schwarz est une autrice, journaliste et réalisatrice de documentaires franco-allemande. Son livre "Les Amnésiques" a été traduit dans plus de dix langues et primé notamment par le Prix du livre européen. Suivant son histoire familiale sur trois générations, l'autrice retrace le douloureux travail de mémoire mené en Allemagne qui permit de construire la démocratie et le compare aux lacunes mémorielles en France, en Italie et ailleurs. Pour Schwarz le travail de mémoire est la meilleure école de la démocratie et le fondement d'une conscience européenne. William Irigoyen, né en 1970, est un journaliste (Lire, Geo Histoire, Radio espace 2) et présentateur français. Depuis 2012, il présente le magazine international Arte Reportage. Photo: Géraldine Schwarz © Astrid di Crollalanza | Montage: CL
Show more...
3 years ago
56 minutes

Konferenzen
Titanic - Ënnergang virun 110 Joer
De 14. Abrëll 1912, um 23 Auer a 40 Minutten, ass d'RMS TITANIC, dat deemools gréisste Passagéierschëff, mat enge ronn 2.200 Mënschen u Bord, ob senger éischter Rees tëschent Southhampton an New York, mat engem Äisbierg kollidéiert (RMS steet fir Royal Mail Ship). 2 Stonnen a 40 Minutten duerno goung de Luxusliner am äiskalen Nordatlantik ënner. Eng 700 Leit konnte gerett ginn, ronn 1.500 Fraen, Kanner a Männer haten net iwwerlieft. De Carlo Link proposéiert an enger Radio-Dokumentatioun chronologesch d'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 gemaach an enregistréiert goufen. Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun enger éischter Diffusioun op eiser Antenn vum 14. Abrëll 2002. Audio-Extrait: Lauschtert, d'Lëscht vun der Titanic-Prominenz aus der éischter Klass Geschichts-Quellen: Titanic [Geoff Tibballs] 1997 Toundokumenter: "Témoignages des Survivants" [Institut des Archives Sonores - International Radio/TV-Archiven - Éditions Frémaux & Associés] 2000 O-Téin: Titanic-Film [James Cameron] 1997 Rettungsboot-D vun der Titanic, fotographéiert vun engem Passagéier vum Rettungsschëff, der RMS Carpathia (Ëffentlechen Domaine) Vue op de Bug vun der RMS Titanic am Nordatlantik, Juni 2004 vun der "ROV (Remotely Operated Vehicle) Hercules" wärend enger Expeditioun, déi zréck bei de Schëffswrack koum (Ëffentlechen Domaine)
Show more...
3 years ago
56 minutes

Konferenzen
Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich
Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist. Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen? E Ronndëschgespréich vum 2. Dezember 2021 an der Nationalbibliothéik BNL An der Diskussioun mat dobäi waren: Didier Scheuren, Kënschtler Pascal Schumacher, Museker Anne Simon, Theater Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film Moderatioun: Dr. Nora Schleich Enregistrement: BNL, Mastering a Montage: Carlo Link Schluss an d'Diskussioun mat dem Publikum lauschteren
Show more...
3 years ago
55 minutes

Konferenzen
L'éthique dans la société de l'information
Les normes éthiques comptent-elles en ligne ? Est-ce que les moeurs et valeurs sont respectées dans la société de l'information ? Ou avons-nous besoin d'une réévaluation de ce qu'on considère comme éthiquement correct dans ce domaine à l'heure actuelle ? Cette conférence fera lumière sur des phénomènes tels que le discours de haine, la " cancel culture " ou bien notre dépendance de la fonction " J'aime ". Une discussion autour du concept de la dignité humaine dans le monde médiatisé et technologique va approfondir ce sujet : l'accès à l'éducation et à l'information est un droit humain fondamental - et un des principaux piliers du développement de la personnalité individuelle. L'alphabétisation contemporaine doit donc également inclure des compétences dans la consommation de l'information et dans l'estimation de la fiabilité et la justification du contenu. La collecte et le traitement du savoir forment l'esprit critique et créatif de chaque citoyen mature et autonome. Un entretien avec Prof. Dr. Lukas K. Sosoe, professeur dans la théorie du droit, dans l'éthique et dans la philosophie politique contemporaine. Modération: Ian De Toffoli Enregistrement: Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL) Montage: Carlo Link Conférence Online: Écoutez: Les présentations Écoutez: L'entretien Écoutez: Questions/Réponses Ian De Toffoli (Modération), Prof. Dr. Lukas K. Sosoe. © BnL
Show more...
4 years ago
9 minutes

Konferenzen
Guy Wagner - Winterreise
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Enregistrement: Technik Trifolion Ee Resumé vum Carlo Link. Déi ganz Liesung bréngt de radio 100,7 op Päischtméindeg den 23. Mee, tëschent 17:00 an 18:00 Auer. V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber
Show more...
4 years ago
7 minutes

Konferenzen
Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter
"This is Fake News" - Die bewusste Verbreitung falscher Informationen ist ein historisches Phänomen, doch durch die Digitalisierung der Medien beschleunigte sich auch die Verbreitung von Falschnachrichten. Inzwischen hat sich der Begriff der Fake News für verschiedene Arten falscher Information wie Desinformation, Lügen und Propaganda etabliert. Als sogenannte Fake News kursieren nicht nur Falschmeldungen und Lügen, auch fundierte Tatsachen werden mitunter als alternative Fakten dargestellt und gezielt eingesetzt, um die Meinungsbildung zu beeinflussen. Durch die Digitalisierung der Kommunikationsmedien kommen Fake News oder ähnliche Formen verstärkt zum Einsatz und werden so zum Bestandteil des öffentlichen und politischen Diskurses. Das wirft viele Fragen im Hinblick auf die Rolle der Medien im digitalen Zeitalter auf: Wie kann zwischen Fake und Fakten unterschieden werden und eine nachhaltige Berichterstattung erfolgen? Welche Rolle kommt den Medien, insbesondere auch den Sozialen Medien, dabei zu? Inwiefern gefährden Falschnachrichten die Demokratie, die Debattenkultur und den gesellschaftlichen Zusammenhalt? Und wie kann dies durch zielgerichtete Gesetze reguliert werden ohne dabei Zensur auszuüben? Die Debatte fand im Rahmen der Themenreihe "Fake News" des Trifolion Echternach in Kooperation mit der Zeitschrift forum statt und lädt dazu ein, mit Expertinnen und Experten aus Wissenschaft und Medien über das Thema Fake News und die Rolle der Medien im digitalen Zeitalter zu diskutieren. Die Veranstaltung findet im Rahmen des World Press Freedom Day statt. Teilnehmende: Ines Kurschat (Journalistin & Generalsekretärin des Presserates) Petz Bartz (Journalist & Fotograf) Léonie de Jonge (Politologin aus Luxemburg, Universität Groningen), [Video-Ton] Misch Pautsch (Journalist) Moderation: Henning Marmulla (Redaktionsleiter der Zeitschrift forum ) Luxemburgisch | Deutsch V.l.n.r.: Misch Pautsch, Ines Kurschat, Petz Bartz, Henning Marmulla. © Gilles Kayser Enregistrement: Trifolion / Montage: Carlo Link Deepfake-Video (Barack Obama): https://www.youtube.com/watch?v=cQ54GDm1eL0 d'Suite lauschteren d'Froen / Äntwerten lauschteren
Show more...
4 years ago
55 minutes

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)
Fabienne Gilbertz © Carlo Link Am Discours iwwer d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman a liwweren domat wichteg Impulser fir d'Entwécklung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch, a mam Lëtzebuerger Schrëftstellerverband entsteet eng Auteursgewerkschaft, déi sech fir d'Unerkennung vum literaresche Schreiwen als Beruff a fir d'Rechter vum Lëtzebuerger Auteur asetzt. An dësem Virtrag gëtt no den Urspréng vun dëse literareschen an institutionelle Verännerunge gefrot. Et gëtt ënnersicht, wéi sech de Literaturbetrib nom Zweete Weltkrich an am Zesummenhang mat de gesellschaftlechen Evolutioune vun där Zäit entwéckelt (68er- a Fraebeweegung, Bedeitungsverloscht vun der kathoulescher Kierch, sozialpolitesch Reformen etc.). Dofir gi verschidden Elementer vum Literaturbetrib méi genee analyséiert: Literaresch Zäitschrëften a Publikatiounsserien, d'Grënnung vun onofhängegen Theaterensembelen, Veranstaltunge wéi d'Munnerefer Dichterdeeg an d'Konsdrefer Scheieren, Gruppéierunge wéi Impuls an de lochness-Verlag a gewerkschaftlech Strukturen wéi d'Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft. Et kann dobäi gewise ginn, datt d'Entwécklung vum Literaturbetrib op dräi zesummenhänkend Niveauen ofleeft: Éischtens kann an de literareschen Texter eng Beweegung fort vun der sougenannter Heimatliteratur hin zu enger engagéierter an experimenteller Literatur observéiert ginn, zweetens kënnt et, strukturell gesinn, zu der Grënnung vun alternativen, politesch onofhängeg a kënschtleresch oppenen Institutiounen, a schliisslech verännert sech och d'Selbstbild an d'Selbstbewosstsi vun de Lëtzebuerger Auteuren. Ee Virtrag vun der Fabienne Gilbertz (Institut National des Langues - INL), opgeholl den 9. Mäerz am CAPE zu Ettelbréck a verschaff vum Carlo Link. - Audio-File : Analys 3. Beräich - Veranstaltungs-Formater, Auteurs-Kollektiver a Gewerkschaften - Dokteraarbecht vum Fabienne Gilbertz, erauskomm am Winterverlag: https://www.winter-verlag.de/de/detail/978-3-8253-7884-4/Gilbertz_Wortproduzenten_PDF/ - CAPE - Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck: https://www.cape.lu/fr/home/1/home.html
Show more...
5 years ago
55 minutes

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (6)
Enrico Lunghi © Carlo Link De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi d'Deelhuelen un de Biennalen zu Venedeg zanter 1988, steet a Verbindung mat enger wuessender internationaler Oppenheet vum Land. Am Kulturjoer 1995 an trotz dem Stëllstand am Projet Pei-Musée, gëtt d'Konscht ëmmer méi e feste Bestanddeel vum Liewen zu Lëtzebuerg. Eng Entwécklung, déi ugedriwwe gëtt vun der Ouverture vum Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain am Mäerz 1996. Am éischte Joerzéngt vu sengem Bestoen huet de Mudam dës Positioun weider verstäerkt. D'Konferenz vum Konschthistoriker an Auteur Enrico Lunghi verfollegt déi grouss Momenter vum aussergewéinleche Parcours vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg zeréck. Opgeholl den 10. Februar am CAPE zu Ettelbréck a verschafft vum Carlo Link. Begleetmaterial zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/12/30-joer-konschtgeschicht-enrico-lunghi_73b827.pdf ​Audio-Extrait Nr. 1: Ausstellungen "Casino Luxembourg - Forum d'Art contemporain" Audio-Extrait Nr. 2: Ausstellungen MUDAM Audio-Extrait Nr. 3: Suite Geschicht MUDAM a Conclusiounen
Show more...
5 years ago
55 minutes

Konferenzen
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen