Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/96/1e/e9/961ee9a0-83be-d497-761f-5d4dc1bbd2cb/mza_6272570277514562563.jpg/600x600bb.jpg
Konferenzen
radio 100,7
30 episodes
6 days ago
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen
Show more...
News
RSS
All content for Konferenzen is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen
Show more...
News
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/96/1e/e9/961ee9a0-83be-d497-761f-5d4dc1bbd2cb/mza_6272570277514562563.jpg/600x600bb.jpg
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)
Konferenzen
55 minutes
5 years ago
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (7)
Fabienne Gilbertz © Carlo Link Am Discours iwwer d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid entwéckelen de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman a liwweren domat wichteg Impulser fir d'Entwécklung vum Lëtzebuergeschen als Literatursprooch, a mam Lëtzebuerger Schrëftstellerverband entsteet eng Auteursgewerkschaft, déi sech fir d'Unerkennung vum literaresche Schreiwen als Beruff a fir d'Rechter vum Lëtzebuerger Auteur asetzt. An dësem Virtrag gëtt no den Urspréng vun dëse literareschen an institutionelle Verännerunge gefrot. Et gëtt ënnersicht, wéi sech de Literaturbetrib nom Zweete Weltkrich an am Zesummenhang mat de gesellschaftlechen Evolutioune vun där Zäit entwéckelt (68er- a Fraebeweegung, Bedeitungsverloscht vun der kathoulescher Kierch, sozialpolitesch Reformen etc.). Dofir gi verschidden Elementer vum Literaturbetrib méi genee analyséiert: Literaresch Zäitschrëften a Publikatiounsserien, d'Grënnung vun onofhängegen Theaterensembelen, Veranstaltunge wéi d'Munnerefer Dichterdeeg an d'Konsdrefer Scheieren, Gruppéierunge wéi Impuls an de lochness-Verlag a gewerkschaftlech Strukturen wéi d'Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft. Et kann dobäi gewise ginn, datt d'Entwécklung vum Literaturbetrib op dräi zesummenhänkend Niveauen ofleeft: Éischtens kann an de literareschen Texter eng Beweegung fort vun der sougenannter Heimatliteratur hin zu enger engagéierter an experimenteller Literatur observéiert ginn, zweetens kënnt et, strukturell gesinn, zu der Grënnung vun alternativen, politesch onofhängeg a kënschtleresch oppenen Institutiounen, a schliisslech verännert sech och d'Selbstbild an d'Selbstbewosstsi vun de Lëtzebuerger Auteuren. Ee Virtrag vun der Fabienne Gilbertz (Institut National des Langues - INL), opgeholl den 9. Mäerz am CAPE zu Ettelbréck a verschaff vum Carlo Link. - Audio-File : Analys 3. Beräich - Veranstaltungs-Formater, Auteurs-Kollektiver a Gewerkschaften - Dokteraarbecht vum Fabienne Gilbertz, erauskomm am Winterverlag: https://www.winter-verlag.de/de/detail/978-3-8253-7884-4/Gilbertz_Wortproduzenten_PDF/ - CAPE - Centre des Arts Pluriels d'Ettelbruck: https://www.cape.lu/fr/home/1/home.html
Konferenzen
Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen