Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
History
Sports
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/6a/4e/2c/6a4e2c22-7aea-6bd0-7f35-7da8b69cdd63/mza_17013598057597940255.jpg/600x600bb.jpg
Déi gutt Mod
Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
33 episodes
2 days ago
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.
Show more...
Society & Culture
Business,
Management
RSS
All content for Déi gutt Mod is the property of Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.
Show more...
Society & Culture
Business,
Management
Episodes (20/33)
Déi gutt Mod
#32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille
De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.
Show more...
1 week ago
34 minutes

Déi gutt Mod
#31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch
An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër? Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun der Aarbechtsplaz an eng oppen Diskussioun iwwer Rollen a Verantwortung kënnen d’Betribskultur stäerken an d’Zesummenaarbecht verbesseren.
 Zousätzlech schwätze mir mat der Journalistin Maxi Pesch iwwer säi Podcast 1000 Deeg. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Kanner an den éischten 1000 Deeg fir hir Entwécklung brauchen, a wéi dat mat der Iddi vun enger nohalteger Zukunft zesummenhänkt. D’Maxi deelt seng Erfarunge beim Opbau vu senger eegener Mark, enger engagéierter Community, erkläert, firwat hat de Podcast lancéiert huet, a weist op Sujeten hin, déi nach méi staark nobausse gedroe musse ginn. Hei geet et bei de Podast: 1000 Deeg: https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=8fc5c4b6d12a4c57
Show more...
1 month ago
40 minutes

Déi gutt Mod
#30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership
An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.
Show more...
2 months ago
38 minutes

Déi gutt Mod
#29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)
Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.
Show more...
3 months ago
42 minutes

Déi gutt Mod
#28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)
Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“ Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill? Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet d’Luxembourg Tech School mat opgebaut, erzielt eis vu sengem ongewéinleche Wee vun der Finanzen an de Kultursecteur, bis hin zum Opbau vun enger innovativer Schoul fir Jonker an der Tech-Welt a beweist, dass eng Karriär net ëmmer linear muss sinn. Mir schwätzen iwwert finanziell Sécherheet an aner Ängscht déi opkomme wann een iwwert e Beruffswiessel nodenkt an et ginn e puer Tipps, wéi ee sech op sou e Changement preparéiere kann.
Show more...
4 months ago
1 hour 7 minutes

Déi gutt Mod
#27 Humor op der Aarbecht
Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz. Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war ënnerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patientin, déi him erzielt huet, wéi et ass, eng Krankheet ze hunn, déi d’Gesellschaft just mat eelere Mënschen just verbënnt an d’Lynn war op europäeschem Terrain ënnerwee. Hei geet et bei den Artikel ronderëm jonk Parkinson-Patient*innen: https://journal.lu/de/parkinson-mit-40-kein-einzelfall
Show more...
5 months ago
27 minutes

Déi gutt Mod
#26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom
Mir hunn näischt geschafft kritt, well et riets a lénks sou vill ze maache gouf oder war et net awer just Prokrastinatioun?  Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Mir schwätzen iwwert eng nei Aarbechtsplaz oder Positioun a wéi laang et dauert bis een endlech ukomm ass. Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen. Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products
Show more...
7 months ago
40 minutes

Déi gutt Mod
#25 Systemperfektionismus
D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter. D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder System. Mir brauchen dech! Du interesséiers dech fir Audio- oder Videoproduktioun oder kenns een*t, deen dat géif spannend fannen? Da mell dech mat engem CV an enger Lettre de Motivation bei melody.hansen@journal.lu oder lynn.warken@journal.lu a verbréng däi Summerstage mat eis!
Show more...
8 months ago
18 minutes

Déi gutt Mod
#24 Sport an (On)zefriddenheet
Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass. Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job onzefridde sinn. Mee firwat ass dat esou? Mir schwätzen iwwert “sech bekloen” - de Lëtzebuerger Vollekssport.
Show more...
8 months ago
33 minutes

Déi gutt Mod
#23 Kënnegen an astellen
Wat eng opreegend Woch! D’Lynn an d’Melody hunn déi éischte Kéier an hirem Liewen nei Mataarbechter*innen agestallt. Direkt nom Onboarding-Dag deelen si hir frësch Andréck mat Iech: Wourop muss ee bei der Astellung oppassen? Wat sinn d’Erwaardungen – souwuel vun de neie Leit wéi och vun der bestoender Ekipp? A wisou kann ee "frësche Bléck" op eis Aarbechtsprozesser esou wäertvoll sinn? A wa mir schonn iwwer Aarbecht schwätzen: Pünktlechkeet ass e vill diskutéiert Thema! Fir d’Lynn ass se e Must, d’Melody gesäit dat – nenne mir et – méi flexibel. Mee wéi beaflosst eisen Time-Management eisen Alldag, a wéi eng Tricks funktionéiere wierklech, fir net ëmmer ze spéit ze sinn? An natierlech schwätze mir och iwwert déi aner Säit vun der Medail: d'Kënnegen. Wéi schwéier ass et, eng Entscheedung ze treffen? Wéi vill Loyalitéit si mir eiser Ekipp schëlleg? A firwat ass et ëmmer wichteg, fir sech selwer anzestoen? Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products
Show more...
9 months ago
40 minutes

Déi gutt Mod
#22 An der Ëffentlechkeet stoen (feat. Anne Calteux)
Alles Guddes am neie Joer! D’Melody deelt mat eis, firwat hatt bis elo nach ni e positiivt Verhältnis zu Geld hat a wéi et dat dëst Joer ännere wëll. An der Ëffentlechkeet stoen – déi eng zéien hir Energie doraus, fir anerer ass et éischter e Mëttel zum Zweck. Doriwwer hu mir mam Anne Calteux geschwat, eis Invitée an dëser Episod. Wat ass de Rôle vun der Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg? A wéi huet d’Anne seng Zäit als ë.a. Cheffe de Cabinet am Gesondheetsministère, besonnesch wärend der Covid-Pandemie, erlieft? Hat gëtt eis en Abléck a säi fréieren an haitegen Alldag. Mir schwätzen iwwert d’Sujet’en: Sech musse méi beweise wéi den Aarbechtskolleeg a wéi ee léiert schwiereg Situatioune besser ze geréieren an auszehalen. Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products
Show more...
9 months ago
51 minutes

Déi gutt Mod
#21 Formatiounen, Soft Skills an d’Selbstwäertgefill (feat. Muriel Morbé)
Merry Christmas! An der leschter Episod fir dëst Joer schwätzen d'Lynn an d'Melody iwwert d'Work-Life-Balance bei Dirigeanten. Si tendéieren dobäi éischter zu "Go with the flow"... E weidere Sujet ass de Lifelong Learning. D’Muriel Morbé, Directrice vum House of Training an Directrice Talents and Skills bei der Chambre de Commerce erkläert, firwat Formatiounen net just fir Entreprisen an hir Mataarbechter*inne wichteg sinn, mee och fir all eenzelnen. Op engem Aarbechtsmaart, wou mëttlerweil 4 Generatiounen zesummeschaffen, ass d'Demande no Soft Skills ëmmer méi grouss. Si diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwert d'Zukunft vum Leadership an deelen hir Erfarungen, wéi schéin et ass, eleng ze reesen. Dir wëllt méi iwwert de journal.lu gewuer ginn: https://journal.lu/de
Show more...
10 months ago
36 minutes

Déi gutt Mod
#20 Erfarungen deelen
"Happy Birthday!" Scho 4 Joer schaffe mer zesummen – ugefaangen als Chefredactrice a Programmcheffin, a säit 2023 hu mer eng nei Bezéiung: Chefredactrice an Directrice Générale. Eis Aarbechtsdynamik huet sech doduerch verännert. Dem Lynn kann et heiansdo net séier genuch goen, an d'Melody huet d'Tendenz ob d'Brems ze trëppelen. Ma gutt, dass mer eis an der gëllener Mëtt kënnen treffen. Mir hunn d'Erfarung gemaach, dass wann een och mol seet, wat net sou gutt leeft, et net als Schwächt gesi gëtt, mee beemol och anerer ufänke sech opzemaachen. Zum Schluss schwätze mer vum “Bropriating”: Wärend engem Meeting proposéiert dir eppes, kee lauschtert drop, kuerz drop déi nämmlecht Propose vun engem aneren an déi Iddi gëtt geholl. Huch... wéi ass dat da gaangen? Iwwert déi Artikelen hu mir am Episod geschwat: https://journal.lu/de/autihd-schafft-neue-chancen-fuer-luxemburgs-arbeitsmarkt https://journal.lu/de/kranke-die-es-nicht-sind-das-problem-mit-dem-zunehmenden-absentismus
Show more...
11 months ago
22 minutes

Déi gutt Mod
#19 Ënner Drock (feat. Annick Goerens)
An dëser Episod schwätze mer iwwert déi verschidden Aarte vun Drock: den Drock vu baussen, den Drock, dee mir eis selwer maachen, Zäitdrock, finanziellen Drock an de politeschen Drock, dee Journalist*innen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi spieren. Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D’Annick Goerens, frësch aus den USA ageflunn, hei huet hat fir RTL d'US-Wale couvréiert. D’Annick erzielt, wéi et bei engem Wal-Event harceléiert an erausgehäit gouf. Zousätzlech kréie mir en Abléck hannert d’Kulisse vun den daily News. "Mir schaffen am Misär," seet d'Annick a schwätzt iwwert seng Erfarungen als Korrespondentin fir d’ZDF a säin Asaz an engem Krichsgebitt. Hat deelt mat eis, wéi hat et fäerdeg bréngt, trotz allem säin Équiliber ze behalen. Schlussendlech diskutéiere mer iwwert Méiglechkeeten, wéi d'Leit rëm méi Vertrauen an d'Medie faasse kënnen.
Show more...
11 months ago
43 minutes

Déi gutt Mod
#18 Transparenz op der Aarbechtsplaz
Dat Gefill, um Enn vum Dag mat allem fäerdeg ze sinn – kennen d’Lynn an d’Melody net méi. An dëser Episod geet et ëm Erfollegsmomenter, d’Kommunikatioun an der Ekipp, an déi schmuel Ligne tëscht Informatiounen deelen an an d’Rechtfäerdegung falen. Wat ass nach méi kontraproduktiv wéi eng Cheffin, déi vun uewen erof dirigéiert? Eng Féierungspersoun, déi keng Entscheedungen trëfft.
Show more...
1 year ago
25 minutes

Déi gutt Mod
#17 Leadership an Emotiounen (feat. Eileen Byrne)
Et geet ëm d’Scheiteren a firwat Emotioune politesch sinn. D’Melody war zu Bonn um bfuture Festival fir d’Zukunft vum Journalismus an d’Lynn erkläert, wéi ee mat der Zäit léiert, déi éischt Reaktioune vu Leit anzeschätzen a se “auszehalen”. Iwwert Emotioune schwätzen déi zwee och mam Eileen Byrne ouni déi d’Regisseurin hir Aarbecht net maache kéint.    D'Gespréich dréint sech ëm moderne Leadership, doriwwer, firwat d'Eileen keen "Terror um Set" toleréiert, an iwwer säin aktuelle Film Mariaenengraben. Kritik ass ubruecht, mee w.e.g vun där Zort mat där een och eppes ufänke kann.Si schwätzen iwwer d'Aarbecht hannert de Kulissen, de Verloscht vu Geschwëster oder Partner, an d'Ënnerscheeder an der Art a Weis, wéi jidderee mat Trauer a mam Dout ëmgeet. Dem Eileen Byrne säi Kuerzfilm "Touch Me" iwwert Broschtkriibs: https://stream.sooner.lu/fr/id/1972094000043757670/touch-me D’Buch Radikal Emotional: Wie Gefühle Politik machen: https://maren-urner.com/buecher Den Achtsam Podcast: https://open.spotify.com/episode/1VN9ejNQ87R5Aa3JFMf8H3?si=920801e7d291442b
Show more...
1 year ago
54 minutes

Déi gutt Mod
#16 D'Rush Hour vum Liewen
Mir hu rëm näischt geschafft, dës Kéier well de Poopst do war an d’Erkältungen ausgebrach sinn. Firwat mir d’Visite vum Poopst kritesch gesinn a wat am Kapp vu Chef*inne virgeet wa si net an Héichform sinn erziele mer iech an dësem Episod. Ausserdeem schwätze mer iwwer Ausnamesituatioune a wéi ënnerschiddlech d’Melody an d’Lynn mat ongeplangte Momenter ëmginn. An zum Schluss ass et un iech: Äre Feedback zu der leschter Episod zum Sujet “Belaaschtbarkeet”. An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op melody.hansen@journal.lu, ob lynn.warken@journal.lu oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.
Show more...
1 year ago
30 minutes

Déi gutt Mod
#15 Belaaschtbarkeet
De Summer ass fort a mir si rëm do: Déi gutt Mod start an déi zweet Staffel. An der éischter Episod kucke mir op déi méi roueg lescht Méint zréck. D’Lynn erzielt vu sengem „erwuessene Summer“, d’Melody huet e Festival opgeriicht, erkläert wat “mat den Hänn schaffen” fir en Impakt op säi Wuelbefannen hat a mir ginn Insights an de Paralympics-Podcast fir deen de Lëtzebuerger Journal ee Joer laang d’Athlet*inne begleet huet an zum Schluss den Tom Habscheid déi éischt Medail säit 40 Joer mat Heem bruecht huet. Ausserdeem geet et em Belaaschtbarkeet am Aarbechtsalldag. Wéi een Afloss huet eist Privatliewen dorop, wéi wichteg ass eng raimlech Trennung vun Aarbecht a Fräizäit – a kann ee léieren, besser duerzehalen? Stéchwuert Resilienz. Zum Schluss brauche mer dech: An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op melody.hansen@journal.lu, ob lynn.warken@journal.lu oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech. Hei geet et bei de Paralympics-Podcast "D'Hoffnungsdréier": https://open.spotify.com/show/4teknHsHmKNsdAxsbfvYtH?si=T_YCXoz0SlyEwWjAau7bOA
Show more...
1 year ago
30 minutes

Déi gutt Mod
#14 Wäertschätzung op der Aarbecht
Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social Media Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.
Show more...
1 year ago
25 minutes

Déi gutt Mod
#13 Den éischten Androck
Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeg*inne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blender*innen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"?  Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?" D'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen: https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0090779 Den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro: https://journal.lu/de/portugiesinnen-und-die-schule-eine-komplizierte-beziehung
Show more...
1 year ago
33 minutes

Déi gutt Mod
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.