Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
33 episodes
3 days ago
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.
All content for Déi gutt Mod is the property of Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.
De Summer ass fort a mir si rëm do: Déi gutt Mod start an déi zweet Staffel. An der éischter Episod kucke mir op déi méi roueg lescht Méint zréck. D’Lynn erzielt vu sengem „erwuessene Summer“, d’Melody huet e Festival opgeriicht, erkläert wat “mat den Hänn schaffen” fir en Impakt op säi Wuelbefannen hat a mir ginn Insights an de Paralympics-Podcast fir deen de Lëtzebuerger Journal ee Joer laang d’Athlet*inne begleet huet an zum Schluss den Tom Habscheid déi éischt Medail säit 40 Joer mat Heem bruecht huet.
Ausserdeem geet et em Belaaschtbarkeet am Aarbechtsalldag. Wéi een Afloss huet eist Privatliewen dorop, wéi wichteg ass eng raimlech Trennung vun Aarbecht a Fräizäit – a kann ee léieren, besser duerzehalen? Stéchwuert Resilienz. Zum Schluss brauche mer dech: An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op melody.hansen@journal.lu, ob lynn.warken@journal.lu oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.
Hei geet et bei de Paralympics-Podcast "D'Hoffnungsdréier": https://open.spotify.com/show/4teknHsHmKNsdAxsbfvYtH?si=T_YCXoz0SlyEwWjAau7bOA
Déi gutt Mod