D'Laure an d'Cheryl si keng Frëndinnen, nach net! Si léiere sech an dësem Podcast kennen a wat wär e bessert Thema fir déi éischt Episod wéi "Frëndschaften".
Séier gëtt hinne bewosst wéi ënnerschiddlech si sinn - wärend d'Cheryl sech freet wéi et nei Leit ka kenne léieren, ouni ze vill physical touch a Kommunikatioun, freet d'Laure sech wéi et säin daily hug vu senge Frëndinne ka kréien, lo wou et se net méi all Dag an der Schoul gesäit. An e puer Saache si si sech awer eens: u Frëndschafte muss ee schaffen, breakups sinn ok an alles am Liewen, och Relatiounen, si Still loading...
Eng Produktioun vu komma.
Dir hutt Themen, déi d'Laure & d'Cheryl solle behandelen oder wëllt matschwätzen? Da kommentéiert hei oder schreift eis op Insta oder Tiktok @komma.lu
D'Cheryl a Laure am real talk mode ☝️
Anekdoten, struggles, Humor, villäicht e puer Tipps a ganz vill "omg same"!! Däi Liewen ass och still loading? Da kanns du zu 100% mat deenen Zwee relaten - all zweeten Donneschdeg schwätze si iwwer alles wat si am Alldag beschäftegt.
👉 Wat genee dat ass erkläre si iech scho mol am Trailer a wéi et da viru geet, dat fanne se Episod fir Episod mat iech zesummen eraus #stillloading
💜💚 eng komma production.