Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Music
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts113/v4/e7/5f/80/e75f806f-f8b1-8be8-57da-99439d1e60cf/mza_1091330388378986352.jpg/600x600bb.jpg
Paus.
Jill & Yannick
218 episodes
1 week ago
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").  Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?
Show more...
Comedy
RSS
All content for Paus. is the property of Jill & Yannick and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").  Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?
Show more...
Comedy
Episodes (20/218)
Paus.
#167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").  Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?
Show more...
1 week ago
1 hour 20 minutes 7 seconds

Paus.
#166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie
Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert. Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "Mister Bear"-Gossip a Fässer, déi ni zou sinn. An dëser Folg ginn et ausserdeem nach FOMO bei der "Luxlait", Fächeren am Kaffi an dat anert coolt Claire, mee och K-Pop Demon Hunters, e Mäerder bei der Police, eng Männerkleeder-Moudenikon an de sixpackegste Musikvideo vun allen Zäiten.
Show more...
3 weeks ago
1 hour 27 minutes 5 seconds

Paus.
#165 Dee mat der Welttour zu Wickreng
Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche.  D'Crème de la crème (an d'Jill) huet sech versammelt, fir tëscht milkafaarwege Kleeder an iwwerwältegendem Botter déi längste Fëmmpaus ever ze maachen.  Déi schéinst Krausel vun der Welt, dem Yannick seng aner Schrëftaart, d'Lady Gaia, d'Whitney an d'Mariah, Romeo a Julia am "Ernster" a natierlech och S.A.R. – jiddereen ass op dësem besonnegen Dag mat dobäi.  On top: Tourismus am eegene Land, eng Misswahl mam Elsa, e katastrophale Brunch a Stanniol – wou fannt dir dat alles beieneen, wann net an ärem Nummer 1 Business-Podcast?! Dofir lauschtert vive vive vive eran!
Show more...
1 month ago
1 hour 19 minutes 54 seconds

Paus.
#164 Dee mam illegale Backstagebesuch (sorry Nosi)
Endlech geet et nees em eis! D'Summer-Paus. ass eriwwer a si sinn erëm do: de Starmaker an d'kompresséiert Sardinnebéchs. Et gouf vill Schmu gedriwwen, Feedback ginn, Zäit an der Horizontaler verbruecht a bal beim Parkautomat gekusst. Postoperativ Investigatiounen an urgent Insolatiounen waren och um Start – an iwwer all dëst (a nach vill méi) gitt dir elo geupdated! Mir waren Oben ohne um "e-Lake", an der längster Kontroll vun der Welt, mat Flamen op "TikTok" a beim Lena Dunham an den dms. Et geet ëm Bieden am "Basic Fit",  Baba Ganoush mat ganz spezielle Pouvoiren a Blosinstrumenter.  Mat dobäi sinn och Catfish-Leit, eng trashy Pop-Madame, d'Charol Canning, de "Matlock" am Altersheem, de Luigi, de Jimmy, de Stephen an de Charly.  Et bleift ze klären: Gëtt et deemnächst e Podcast-Crossover oder Kanner-Special? Wien ass d'Beyoncé vun deene ganz Jonken? An ass alles am Botter (sexy royale Botter, fir genau ze sinn) oder gëtt et Sträit am Paus.-Team?
Show more...
1 month ago
1 hour 26 minutes 56 seconds

Paus.
#163 Dee mam Bob
Let's go!! Déi läscht Summer-Paus. kënnt eng Woch éischter ewéi gewinnt a liwwert en Zesummentreffen, dat Olympia an de Schiet stellt.  D'Jïel an de Yåkz hunn e grouss gemaach an haut huet de lëtzebuergësche Kelce-Brudder sech ausgebadged, fir iwwer Käerzen, d'"Moutarderie de Luxembourg", RTL-Kommentarer an Dönerpizza ze diskutéieren: de Bob Bertemes – jéngste Pensionnaire vu Lëtzebuerg, Gay Community-Ikon a most relatable Sportler ever! Et stinn ënner anerem (méi oder manner penibel) Kenneléiergeschichten, tea aus dem olympeschen Duerf a Meme-Kultur um Ordre du jour. Journalistesch investigativ gëtt et natierlech och – mat Froen ewéi: Wéi geet Lëtzebuerg mat senge Sportler*innen ëm? Hänkt d'Klatz wierklech um Nol? A wéini kënnt e sexy Kalenner eraus?
Show more...
1 month ago
1 hour 9 minutes 18 seconds

Paus.
#162 Dee mam Pit
Fir déi zweetlescht "Summer-Paus." deelt äre Liblings-Schlagerduo sech Kopfhörer a potert mam Paus.-Haus und Hof-Fotograf Pit zu Porto. Huet eis Drag-Schwëster Iddie fir en zukünftegt Cover? Gëtt et deemnächst eng Podcast-Episod aus dem "Berghain"? A ween hat eigentlech de Rock-a-field am Gaart? All dat soll haut geklärt ginn. De jéngste Gaascht vun allen Zäiten (und von allen, die noch kommen werden) huet vill Nostalgie matbruecht – ënner anerem Indie Sleaze, "Born This Way", iPods an Tumblr. "Drag Race", Fotografie an eis most 2010er Looks dierfen och net feelen.  Et gëtt donieft awer natierlech nach onzenséiert iwwer plakeg Bieren, Labubus op "Only Fans" a Serienstars op "Grinder" geschwat. Queerness oblige!
Show more...
2 months ago
1 hour 7 minutes 49 seconds

Paus.
#161 Dee mam Fabienne
Nothing beats a ... Concert am Atelier! Dofir ass haut d'Mamm vun de Staren, der Stad Diddeleng a "Catch a smile" an eiser Summer-Paus.  Et geet ënner anerem ëm iconic Rockshows, 48 Stonne mam Robbie Williams an e legendären Owend mam Lemmy.  Mat dobäi sinn och schwiereg Kënschtler*innen, den James, d'Stierwen vun ale berüümte Männer an e fliegender Teppich. A wéi enge Länner gëtt et blot Waasser AN Mënscherechter? Wat ass eigentlech no den "SK Babies" gelaf? A wéini kënnt d'Beyoncé endlech op Lëtzebuerg?
Show more...
2 months ago
1 hour 20 minutes 26 seconds

Paus.
#160 Dee mam Kitty
D'Summer-Paus. geet weider a mat dobäi ass haut keen aneren ewéi d'edgy "Kindle"-Queen a Member vun "The Cocktails": d'Kyra a.k.a. Kitty (oder och Kythi).  Paakt är Mini-"Dianas" aus a kommt mat eis an d'Kölner Clubszeen aus den 2010er, mam Streckeisen an d'Frittebud an op de Gehaansbierg.  Mat dobäi sinn e Festival-Recap (vu "Frauenfeld" bis "Werchter"), nei Rockstars (Midlife-Crisis incoming!), an True Crime op TikTok. Et gëtt "Feuer, Eis und Dosenbier" mat Kaviar, de Canaletto an e Psycholog mat Bassgittar.  Et bleift ze klären: Kann d'klengt Latinum de Grondstee fir eng Frëndschaft leeën? Wat ass "Braceletsgate"? A mat wei engem däitsche Promi feiert et sech am beschten?
Show more...
3 months ago
1 hour 6 minutes 27 seconds

Paus.
#159 Dee mam Lizzy
An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och just eng "Intervention".  Mir schwätzen ënner anerem iwwer Halloween an der Villa, "Disney"-adults an Heroin fir Ufänger. Et gëtt och nach Mikro-Mobbing, Concerten ouni T-Shirts an Zitater mat Selbsterkenntnis. Mat dobäi sinn ausserdeem Krichszeenen um "Picadilly", Espresso Martini (literally), Beebee-Tennis a "Recession Indicators". Och de Bildungsoptrag kënnt nees net ze kuerz: Wat ass "Pausisyphus"? Wat sinn déi dommst Google-Froen? Ass "Brach" d'Zukunft vum Marketing? A wisou ass d'Buffy e Steak?
Show more...
3 months ago
1 hour 4 minutes 16 seconds

Paus.
# 158 Dee mat der Homoerotik am Ouer
Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags. Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival. Mir gi mat den Aliens an den Europapark an diskutéieren iwwer Marketing, "American Apparel" an e persesche Rapper. Natierlech geet et och ëm "the concert that could have been an e-mail", dem Charel Goerens seng grouss Musekskarriär a Millennial-Tipps fir Saachen am Summer.  Ze kläre bleift also just nach: Ass Karamell 10 Kalorie wäert? Wéi vill Dates kann een an enger Woch hunn? Wien ass d'Twiggy XKX? A wisou ass d'Antonia Rados bei de Mormonen?
Show more...
3 months ago
1 hour 2 minutes 2 seconds

Paus.
#157 Dee mam F***ennnationalfeierdag
Herzlichen Glückwunsch zu mir! Et geet um Surfbriet a Richtung Kneppenhepperdampferfest - well et ass Zäit fir eng nei Episod vun ärem Liblingspodcast!  Tëscht Dokteschrechnungen an italieenesche Bopen am Weltall gëtt sech iwwer "Picon Béier"-Männer opgereegt, Thomas Mann-Joer gefeiert an "GNTM" analyséiert.  Impfunge mat Mulch, d'franséisch Schiller a Goethe an d'Ikkimel (feat. Jang Linster) sinn eben esou en Thema ewéi en Hörsturz vun der eegener Stemm hunn, den Doud vun Zeechentrick-Figuren a Fastfood-Frëndschaft. Och op d'Bildung gëtt natierlech nees opgepasst: Wat ass eng Bey-pression  ? Wei ee groussen Dichter huet den "deng Mamm"-Witz erfonnt? A wat huet d'Marie Curie mat Ringlights ze dinn?
Show more...
4 months ago
1 hour 9 minutes 21 seconds

Paus.
#156 Dee mam Üben
Den "Houfrëgmount" ass amgaang an är problematic faves sinn am Asaz – mat Aarullen a GANZ ville Ligen!
Kenne mir de Bachelor an d'Hanni? Lafe mir den "ING"-Marathon beim Opernsangen? Muss ee vun eis no enger Hochzäit auswanderen? Live aus dem Hondskuerf ginn et (opgewiermten) Köln-Gossip, schéint Aanrullen an eng Diskussioun iwwer Iwwerkompensatioun. Fouteuses de merde, Schlager (halb Fisch, halb Arielle) an e mysterious Girl zu Klierf sinn och mat um Start. Et gi vill Froe beäntwert an der nach méi gestallt... Wéini kritt d'FLF endlech eng rout Kaart? Si mir gutt fir d'Gen Z? Ass Lëtzebuerg ze kleng fir grouss Geschichten? An hätt de Gandhi Rammstein gutt fonnt?
Show more...
4 months ago
1 hour 7 minutes 38 seconds

Paus.
#155 Dee mam Flippo
Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt Maskottchen-Drama an Drammänner aus dem Backstage, Punk-Sirenen op TikTok a Beauty Blenders beim ESC. En plus stinn nach a story about a Boy named Benny, Fashion-Magazin-Cover-Dreem an Tattoos am Schluechthaus um ordre du jour.
Show more...
5 months ago
1 hour 29 minutes 45 seconds

Paus.
#154 Dee mat de Labubus
D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg. Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit. Ausserdeem gi prominent Doudesfäll, brennend Plantagen an en Tennisaarm beschwat. Nieft enger (Prä-)Analys vum ESC ginn et och nach Norichte vum Verona, Tacos an der Mass a Schweinebackenrücken mit Honigkuchenpferdkartoffeln. Ach du meine Nase!
Show more...
5 months ago
1 hour 24 minutes 6 seconds

Paus.
#153 Dee mam Klaus Kinski am Palladium
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus. Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der Päischtcroisière an eng Dokterthees iwwer eng gutt amerikanesch Famill.  Mir streeën nach e puer verletzend Poschen, e Libesgedicht, eng Telenovela an d'Tante Tina an de Mix a wënschen iech e schéine Sonnde mat "Paus."!
Show more...
6 months ago
1 hour 32 minutes 27 seconds

Paus.
#152 Dee mam Koks am Waasser
Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits. Mat dobäi sinn haut ënner anerem den Til Schweiger an d'Charlotte Gainsbourg, Gruppeleit, UK-Idiotien a Feminismus op der falscher Plaz. Den Ouschtermenu besteet aus bloem Matcha, Bärlauch a Kamellen-ASMR (méi oder manner). An och um Feierdag ginn sech natierlech eng jett Froe gestallt: Wat ass eng Tyrolienne? Wisou leie Batterien an der Vase? A ween ass den Härgottsblieschen? Abracadabra!
Show more...
6 months ago
1 hour 20 minutes 59 seconds

Paus.
#151 Dee mat der Speckmaus
D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker". An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an d'Bettina, d'Mme vu Singapur an d'Sylvie Vartan mat dobäi. Niewt Spotify-Geräischer, engem drëtte Member-Reveal a Sträit an der Podcast-Welt geet et ënner anerem ëm d'"Kotzende Tulpen", propper Récksäiten an eng Serie ewéi e Spice Girls Video.
Show more...
7 months ago
1 hour 27 minutes 51 seconds

Paus.
#150 Dee mam eenzegen Influencer vun der Welt
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour.  Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mausen an onneideg Sexzeenen  – viirun heiklen Theme gëtt sech och an dëser Episod net gescheit. Duercherneen a confused ewéi eh und je ginn sech nees wichteg Froe gestallt: Wiem vun eis gehéiert d'Éislek? Sollt den Harald Glööckler op d'Wallëscht? A ween der Däiwel ass d'Ruth? Mir hu net just Relatioune mat Spuenien, Frae mat Schankebrëller an Halluzinatiounen an de Bierger, mee glowen och vu bannen a baussen! Eist Geheimnis? Boo-dhism (an en Touch probiotesch Bakterien).
Show more...
7 months ago
1 hour 17 minutes 41 seconds

Paus.
#149 Dee mam Fraendag (en Dag ze spéit)
Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e grousse Béier a kleng Gesten. Nieft Momfluencer, déi de Verstand verluer hunn, Schlager aus de 70er a schéine Männer vun haut sinn haut och schicksalshaft Concerten, Wumms aus de fréien 2000er an en iconic Trio dobäi. A l'amour et l'amitié!
Show more...
8 months ago
58 minutes 21 seconds

Paus.
#148 Dee mat der Geisel bei de Metal-Fans
Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit mat expressege gemini-Aktiounen op grousse Bünen a bei roude Luuchten (Spice up your life!), dem Comeback vun Hollywoodikonen an apokalyptesche Spaassgedrénkser. Wéi geet Intimrasur am Gesiicht?Sinn d' Renée Zellweger an d Jennifer Coolidge eng Persoun? A ween ass iwwerhaapt d' Felicity Joyman?
Show more...
8 months ago
1 hour 11 minutes

Paus.
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").  Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?