An dëser Episod kucke mir méi genee op d’Diskussioun ronderëm d’Zoustand vun der fräier Meenungsäusserung haut. Vun de rezente Kontroverse ronderëm Charlie Kirk a Jimmy Kimmel bis bei d’Roll vu soziale Medien stelle mir d’Fro: Ass fräi Ried an Meenungsfräiheet nach ëmmer wierklech méiglech – oder steet se ënner Ugrëff? Mir schwätzen iwwer d’Risiken, déi mat dësem Recht verbonne sinn, ob de Staat et ouni Kompromëss garantéiere kann, a wéi déi politesch Polariséierung d’Grenze vum ëffentleche Gespréich beaflosst.
An dëser Episod gi mir der Fro no: Firwat gleewen d’Mënschen?Vum Urspronk vum Glawen an deenen éischte Kulturen, iwwer d’Reformatioun mam Luther an d’Opklärung, bis bei haut – wou Glawen net onbedéngt reliéis muss sinn, mee och Vertrauen an d’Demokratie, d’Léift oder de Fortschrëtt ka bedeiten. Mir kucken, wéi de Glawen Zivilisatioune geformt huet, wéi en och korrumpéiert gouf, a wéi d’Institutiounen, déi dorop opgebaut sinn, sech entwéckelt hunn.Am Kär bleift d’Fro: Net ob mir nach Glawen brauchen – mee wouran mir haut wëlle gleewen.
Fitness gëtt an eiser Gesellschaft ëmmer méi wichteg. Vill Léit, zumools Jonker, huele Gesondheet ëmmer méi eescht a Fitness Influencer ginn ëmmer méi viral. Och mir gi mam Trend. An dëser Episode gi mir virun allem op eis Triathlon Experienzen an. Vum Deepak dee mëttlerweil praktesch Semi-pro ënnerwee ass bis den Oli dee mat engem Vëlo aus dem 20ten Joerhonnert um Bierg hänke bleift. Donieft erkläert den Deepak firwat "Chameaux" dat bescht Spill op der Fouer ass an den Oli geet op Yacht Windowshopping. Plus mir stellen den éischten "Neo Fact" fir.
Mir blécken zréck op ee Joer Caritas Desaster um politesche wéi um ekonomesche Plang. Wien ass Schold a firwat wësse mir haut nach ëmmer net méi wéi virun engem Joer. Den Olivier mëscht eng Mafia Tour duerch Palermo a mir stellen den neien Trainer vun der FLF fir.
An der alleréischter Episod vu Pardon my Lëtzebuergesch schwätze den Olivier an den Deepak iwwer d' Reunioun vun Oasis zu Manchester, ginn op de viralen Moment rondrëm de CEO vun Astronomer an, a kucken op d’Feierkatastroph beim Tomorrowland. Zwëschenduerch gëtt et Chill-Vibes zu Zürich – a bei der Fraen-EM gëtt kloer: d’Zäit vu „Boy’s Only Football“ ass eriwwer.