De Meyershaff huet jorelaang no engem Nofollger gesicht. Ausgerechent e geléierten Affekot huet d'Erausfuerderung ugeholl. Wéi koum et dozou a wat brauch een eigentlech dofir? Doriwwer diskutéiere mir mat der Sylvie Meyers-Weis, déi zesumme mat hirem Mann den Haff nach bedreift, an den Dylan Vieira Da Silva, deen d'Relève wëllt huelen.
Dat ass d'Chance, déi een aktuell huet, fir e passende Knachemuerch- oder Stammzellespender ze fannen, wann et keen an der Famill gëtt. Gebraucht ginn esou Spende beispillsweis, fir Mënsche mat Leukemie ze hëllefen. Et gëtt e Regëster an deem all d’Spender weltwäit agedroe sinn. Geréiert gëtt deen hei am Land vun der Associatioun Don de moëlle. Hir Sekretärin, Pia Gorza, ass Invitée bei eis am Studio.
Wann et däischter ass, soll een Dosenden där Stäreschnäize mam bloussen A kënne gesinn. Explikatioune vum Eric Buttini aus dem natur musée.
Chemnitz ass dëst Joer eng vun den zwou europäesche Kulturhaaptstied. Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Florence Thurmes ass do Direktesch vun de Konschtausstellungen.
Wéi en Impakt de Plastikoffall op eis Natur an Ëmwelt huet, dat ass antëschent warscheinlech jidderengem bewosst. Et gëtt geschat, datt tëschent 80 an 150 Milliounen Tonne Plastik an de Weltmierer schwammen an all Joer kommen der nach 8 Millioune weider derbäi. Aktuell verhandelt déi international Gemeinschaft zu Genf um Lac Léman iwwer en neien Traité fir géint d’Plastikpollutioun virzegoen. Den Optakt vun de Verhandlunge war schonn 2022. D’Negociatioune sinn awer net einfach, an déi verschidde Staaten a Regierunge si sech op ville Punkten net eens. Enn 2024 sollt dat neit Ofkommes eigentlech um Dësch leien. Ob et dës Kéier klappt, doriwwer schwätze mir mat der Journalistin Laura Mercier. Si suivéiert d’Verhandlungen op der Plaz fir dat onofhängegt Presseorgan Contexte.