Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
News
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/70/8e/9f/708e9f78-2238-2c6b-53df-d69a232fefd9/mza_280434200861338436.jpg/600x600bb.jpg
Minett Mash-Up: De Podcast
Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR
42 episodes
1 week ago
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nie...
Show more...
Leisure
RSS
All content for Minett Mash-Up: De Podcast is the property of Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nie...
Show more...
Leisure
Episodes (20/42)
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nie...
Show more...
1 week ago
35 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng
Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller ...
Show more...
1 month ago
52 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng
Kontaktéiert eis De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péiten...
Show more...
2 months ago
46 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech
Kontaktéiert eis Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete ...
Show more...
3 months ago
48 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 38: Jean Weiler X Käl
Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi me...
Show more...
4 months ago
31 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng
Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft. Location vum Moun...
Show more...
5 months ago
40 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht
Kontaktéiert eis Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt. Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'Brillschoul D'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, ste...
Show more...
6 months ago
55 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng
Kontaktéiert eis Dës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'Italie Eise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus ...
Show more...
7 months ago
40 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng
Kontaktéiert eis Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass. Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises...
Show more...
8 months ago
50 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg
Kontaktéiert eis2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuele...
Show more...
9 months ago
40 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum
Kontaktéiert eisEisen, Stol an NaturFir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schme...
Show more...
10 months ago
58 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 31: Trixi Weis X Kinosch
Kontaktéiert eisEng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méiDëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert ...
Show more...
11 months ago
51 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng
Kontaktéiert eisParticipativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng StadOp eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWaVeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vu...
Show more...
1 year ago
45 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl
Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen.Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an oc...
Show more...
1 year ago
46 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum
Kontaktéiert eisUm Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore ...
Show more...
1 year ago
47 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines
Kontaktéiert eisOp engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Cam...
Show more...
1 year ago
50 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 26: Carole Lorang X Ariston
Kontaktéiert eisNo eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an...
Show more...
1 year ago
48 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange
Kontaktéiert eisNo Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.Uckange, um Enn vun der...
Show more...
1 year ago
46 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub
Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.Eis „M...
Show more...
1 year ago
55 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 23: Rudolf Noben X 4MH
Kontaktéiert eisVu Sammler, Schmuggler a StongenThematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäe...
Show more...
1 year ago
39 minutes

Minett Mash-Up: De Podcast
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nie...