Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
TV & Film
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/b6/4a/73/b64a738e-b6a1-bf38-f995-124dd4624465/mza_1297939723958417142.jpg/600x600bb.jpg
LGS Zeltgepëspers
LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
8 episodes
3 days ago
Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen. Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS Zeltgepëspers Ab elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren. Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo <3
Show more...
Leisure
RSS
All content for LGS Zeltgepëspers is the property of LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen. Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS Zeltgepëspers Ab elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren. Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo <3
Show more...
Leisure
Episodes (8/8)
LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #07 - Eis RaRo an der ganzer Welt verdeelt

An dëser 7. Episod schwätze mir mat engem RaRo an engem Clanchef iwwer de RaRo Lancement an iwwer déi verschidden Odysseeën, déi nächst Joer stattfanne wäerten. Zousätzlech dozou kritt dir nach e klengen Iwwerbléck ëm wat et bei dësen Odysseeën amfong geet a wéi se vum World Thinking Day ënnerstëtzt ginn.

Och de Jules war am Juli nees mat sengem Mikro ënnerwee an huet sech um Mystaria ëmhéieren.

Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)

Intro + Réckspigel (00:00)

Lancement an Odysseeën (02:36)

Mystaria Feldinterview (10:15)

Ausbléck + Outro (21:16)

Show more...
1 week ago
25 minutes

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #06 - Tëscht Politik a Benevolat

An dëser 6. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Méiglechkeet mam Minister Claude Meisch iwwer Benevolat an de Wäert vum Scoutismus zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Heen huet eis ënner anerem erkläert wat seng Aufgaben als "Guiden a Scoutsminister" sinn a wéi d'Scoutsbeweegung vun uewen erof ënnerstëtzt gëtt. Zousätzlech dozou hu mir mam Marc a mam Angelique iwwer hier Zäit als Commissaire Generaux geschwat a krute gezielt, wéi eng Aufgaben een an dësem Amt huet a wéi si hier Zäit als CoGe empfonnt hunn. Och de Jules war an dëser Episod nees ënnerwee an huet eis um STAP zu Bilschdref e puer Andréck agefaangen.

Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)

Intro + Réckspigel (00:00)

STAP Feldinterview (06:47)

Interview mam Claude Meisch (18:48)

Interview mat de Commissaire Generaux (31:14)

Ausbléck + Outro (54:35)

Show more...
1 month ago
56 minutes 40 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #05 - 750 Wëllefcher am Häerz vu Stroossen

An dëser 5. Episod vum LGS Zeltgepëspers hu mir eis mat de Campcheftaine vum Nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" ennerhalen. Si hunn eis e puer méi genau Abléck an déi ganz Organisatioun ronderëm de Camp ginn an eis erzielt wéi dëst nationaalt Event mat ongeféier 750 Wëllefcher ofgelaf ass.

Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)

Intro + Réckspigel (00:00)

Interview Mucky an Anne (01:45)

Ausbléck + Outro (21:53)

Show more...
2 months ago
23 minutes 40 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #04 - Zäitrees mam Jéiss: Erzielungen aus senger Zäit als Scout

An dëser 4. Folge vum LGS Zeltgepëspers hate mir e ganz interessant Gespréich mam Jos Loos, genannt de Jéiss, deen eis e puer flott Geschichten aus senger laanger Zäit als Scout erzielt huet. Vun Theme wéi dem internationale Camp JUBICA, bis zu Erzielungen aus senger Zäit als internationale Commissaire war alles dobäi.

Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)

Intro + Réckspigel (00:00)

Interview Jéiss (02:29)

Ausbléck + Outro (22:18)

Show more...
3 months ago
23 minutes 58 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #03 - Andréck vum AbsurdCup an FAQ mat de Programmcommissairen

Fir déi drëtt Episod vum Zeltgepëspers ware mir op den AbsurdCup zu Ettelbréck e puer Andréck afänken wouvu mir iech e Best-of presentéieren. Mir hunn AvEx, hier Chef an d'Ekipp interviewt fir iech en authenteschen Androck vum Dag ze bidden. Zousätzlech hu mir d'Cathy an de Charel aus der Programmekipp op Besuch, déi eis Froe wéi: "Firwat brauchen d'LGS eng Programmekipp?", oder "Wat ass de Minigrupperod?" beäntwert hunn.

Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentaren matdeelen.

Mir freeën eis :)

Show more...
4 months ago
40 minutes 41 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #02 - Tëscht Trëppeltier an Trophäen

An dëser zweeter Episod vum Zeltgepëspers kritt Dir e ganz exklusive Bléck hannert d'Kulisse vu 4 nationalen Aktivitéiten, déi sech am leschte Mount bei den LGS ofgespillt hunn. Am Interview hu mir de Georges an den JJ, déi eis eppes iwwert den Oflaf vun der dësjäreger Special Edition vum IronScout erzielen, wéi och d'Jil, den Hugo, d'Chloe an de Max, déi eis jeeweils hier Erliefnisser vun der JoCapi, dem Bibertreff an dem Wëllefchersrallye erzielen.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum LGS Podcast kënnt dir eis ab elo per Mail op podcast@lgs.lu matdeelen. Mir freeën eis :)

Show more...
5 months ago
52 minutes 5 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #01

Episode 1

Show more...
6 months ago
12 minutes 4 seconds

LGS Zeltgepëspers
Zeltgepëspers #00

Prolog

Show more...
6 months ago
4 minutes 18 seconds