Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Fiction
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/cb/a0/c7/cba0c7c2-6bc8-8a5f-6e96-edf3314578da/mza_14805222024371807777.jpg/600x600bb.jpg
KOMM MOL AN DE BÜRO!
Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
6 episodes
1 month ago
De Podcast vun der Fédération des Artisans, an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift. E Podcast produzéiert vum Studio J.
Show more...
Business
RSS
All content for KOMM MOL AN DE BÜRO! is the property of Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal) and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Podcast vun der Fédération des Artisans, an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift. E Podcast produzéiert vum Studio J.
Show more...
Business
Episodes (6/6)
KOMM MOL AN DE BÜRO!
#6 Wou sti mir, Här Premierminister?
De Sozialdësch ass eriwwer. Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant? Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat. Luc, komm mol an de Büro.
Show more...
1 month ago
50 minutes

KOMM MOL AN DE BÜRO!
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?
Wéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land? An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen.
Show more...
4 months ago
56 minutes

KOMM MOL AN DE BÜRO!
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant
Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant? Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.
Show more...
7 months ago
1 hour 5 minutes

KOMM MOL AN DE BÜRO!
#3 Handwierk a Beruffsausbildung
"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn. Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk. Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?
Show more...
8 months ago
1 hour 7 minutes

KOMM MOL AN DE BÜRO!
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik
De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell? D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.
Show more...
9 months ago
50 minutes

KOMM MOL AN DE BÜRO!
#1 Pensiounssystem
Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie? Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren? Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit et dann elo wierklech mat eise Renten aus, a kréien ech nach eng?“ Doriwwer schwätzt d’Alexa Ballmann mam Marc Wagener, Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL). Dir wëllt méi iwwert d'Fédération des Artisans gewuer ginn? https://www.fda.lu
Show more...
10 months ago
33 minutes