Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Fiction
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/6d/8c/6b/6d8c6ba3-eb13-e2df-38a4-abf3220964b7/mza_16306573900511008915.jpg/600x600bb.jpg
Grousse Kino
radio 100,7
50 episodes
18 hours ago
Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.
Show more...
News
RSS
All content for Grousse Kino is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.
Show more...
News
Episodes (20/50)
Grousse Kino
Bluttsëffer
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen: "Springsteen - Deliver me from nowhere" (Scott Cooper), "Das Verschwinden des Josef Mengele" (Kirill Serebrennikov), "Dracula" (Radu Jude), an déi zwee CinEast-Fimer "Two Prosecutors" (Sergei Loznitsa) a "Wind, talk to me" (Stefan Djordjevic).
Show more...
1 week ago
55 minutes

Grousse Kino
Genee esou war et
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen: "Fiume o morte" (Igor Bezinovic), "Nouvelle Vague" (Richard Linklater), "Moi qui t'aimais" (Diane Kurys) a "Chien 51" (Cédric Jimenez).
Show more...
2 weeks ago
55 minutes

Grousse Kino
Maache wat richteg ass
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Berlinguer, la grande ambizione" (Andre Segre), "Amrum" (Fatih Akin), "Averroès & Rosa Parks"/"La Machine à écrire et autres sources de tracas" (Nicolas Philibert) an "Tron - Ares" (Joachim Rønning).
Show more...
3 weeks ago
55 minutes

Grousse Kino
Bis zum Ëmfalen
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Les Tourmentés" (Lucas Belvaux), "The Long Walk" (Francis Lawrence), "Put Your Soul On Your Hand and Walk" (Sepideh Farsi) an "A Big Bold Beautiful Journey" (Kogonada).
Show more...
1 month ago
55 minutes

Grousse Kino
Keng Verbindung mat der jonker Generatioun?
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Un simple accident" (Jafar Panahi), "One Battle After Another" (Paul Thomas Anderson), "Re-creation" (Jim Sheridan & David Merriman) a "Classe moyenne" (Antony Cordier). Als Bonus: e Gespréich mam iranesche Realisateur Jafar Panahi
Show more...
1 month ago
55 minutes

Grousse Kino
Wat huet déi da geridden?
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Dalloway" (Yann Gozlan), "El Jockey" (Luis Ortega), "The North" (Bart Schrijver) a "Splitsville" (Michael Angelo Covino).
Show more...
1 month ago
56 minutes

Grousse Kino
De Verloscht ewech danzen
E Papp sicht seng Duechter an der marokkanescher Wüst a fënnt eng Zort Ersatzfamill an der Gesellschaft vu marginaliséierte Mënschen, déi an der Rave-Party hire leschten Auswee gesinn, eng Mamm huet hir Duechter verluer a fënnt onerwaart Ersatz an der Form vun enger Pianistin, déi en Autosaccident iwwerlieft huet – an eng aner Fra riskéiert, duerch hir Scheedung hire Ruff ze verléieren. A "Sirât" vum Oliver Laxe, zu Cannes mam Prix du Jury ausgezeechent, am Christian Petzold sengem "Miroirs No. 3" an iergendwéi och am Simon Curtis sengem "Downton Abbey: The Grand Finale" geet et em Verloscht, Ofwiesenheet an Trauer. D'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen déi dräi Filmer.
Show more...
1 month ago
55 minutes

Grousse Kino
Schläichend Mutatiounen
Wann ee sech Suergen ëm seng Kanner mécht, kann een dat bis an de Wansinn dreiwen - am Grousse Kino kënnen d’Vesna Andonovic, d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker dës Ausso direkt dräimol iwwerpréiwen - an zwar an "Alpha" vun der Julia Ducournau, deen dëst Joer zu Cannes am Wettbewerb gelaf ass, am Kiyoshi Kurosawa sengem Auto-Remake "La voie du serpent" an am Ron Howard senger Robinsonade "Eden".
Show more...
2 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Kee liichte Kascht
Datt d’Schicksal ee schwéier trefft, wann een dozou zwangsrekrutéiert gëtt, dem Hitler säin Iessen ze schmaachen, läit op der Hand. Mee och aner Schicksalsschléi kënnen engem schwéier um Mo leien: sech ze bestueden oder op dem Noper seng Kaz opzepasse ka genee esou, wann net esou guer méi fatal sinn. Am Grousse Kino beschwätzen d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker dem Darren Aronofsky säin "Caught Stealing", dem Jay Roach säin "The Roses" an dem Silvio Soldini säin "Le Assagiatrici".
Show more...
2 months ago
54 minutes

Grousse Kino
Dysfunktional Bezéiungen
Eng Koppel, déi esou laang openee pecht, bis se wuertwiertlech net méi vunenee lasskënnt, een alkoholesche Realisateur a säi kéngste Projet - an eng Fra, déi lues a lues muss realiséieren, datt si dement ass an de Rescht vun hirem Liewen an engem Heem wäert verbréngen: d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen dem Joachim Trier säin zu Cannes mam Grand Prix ausgezeechente "Sentimental Value", dem Michael Shank säin australeschen Horrorthriller "Together" an der Sarah Friedland hire "Familiar Touch".
Show more...
2 months ago
54 minutes

Grousse Kino
Aen op a kucken
Filmer vun der Woch: "Sorda" (Eva Libertad), "Brief History of a Family" (Lin Jianje) an "The Swedish Torpedo" (Frida Kempff). Et schwätzen de Michel Delage an d'Valerija Berdi.
Show more...
2 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Den Horizont ass d'Zil
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Vittoria" (Alessandro Cassigoli & Casey Kaufman), "The Salt Path" (Marianne Elliott) a "Weapons" (Zach Cregger).
Show more...
2 months ago
54 minutes

Grousse Kino
Esou eppes scho gesinn?
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Vermësst" (Joé Freilinger), "Sex" (Dag Johan Haugerud) an "Dracula" (Luc Besson).
Show more...
3 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Gefällt Iech de Film?
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Hot milk" (Rebecca Lenkiewicz), "Sorry, Baby" (Eva Victor) an "Dangerous animals" (Sean Byrne).
Show more...
3 months ago
54 minutes

Grousse Kino
Sträitkultur
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Eddington" (Ari Aster), "Kouté vwa" (Maxime Jean-Baptiste) an "Ernest Cole - Lost and Found" (Raoul Peck).
Show more...
3 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Et huet emol net wéi gedoen
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "La Pie voleuse" (Robert Guédiguian), "Love" (Dag Johan Haugerud), "L'Accident de piano" (Quentin Dupieux) a "Superman" (James Gunn).
Show more...
3 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Realitéit oder Duerstellung?
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Materialists" (Celine Song), "Pfau - Bin ich echt?" (Bernhard Wenger), "Enzo" (Laurent Cantet, Robin Campillo) an "13 jours, 13 nuits" (Martin Bourboulon).
Show more...
4 months ago
54 minutes

Grousse Kino
Vun de Gefore vun der Hybris
Figure vun der Männlechkeet an hir Travers’en: am Grousse Kino begéine mer haut engem gealterte Spioun am Hélène Cattet a Bruno Forzani hirem "Reflet dans un diamant mort", engem gealterte Rennfuerer am Joseph Kosinski sengem "F1" an engem jonke Schauspiller, dee méi wëll sinn, wéi en ass am Johann Dionnet sengem "Avignon". Nieft männlecher gëtt et awer och weiblech Hybris: an der Maylis Vallade an der Liane-Cho Han hirem "Amélie et la métaphysique des tubes" geet et em ee klengt Meedchen, dat mengt, et wier Gott.
Show more...
4 months ago
56 minutes

Grousse Kino
Véier Allegorien op eng futtis Welt - an eng kleng Grëtz Hoffnung
Zombieapokalyps, Draachen an ee Weltënnergank, Feminicide a korrupt Polizisten an Indien, een Hin an Hier tëschent dem Paräis vum Monet an dem Paräis vun haut wéi an engem Woody-Allen-Film: d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker beschwätze ganzer fënnef Filmer: Dean DeBlois säi Fantasy-Epos "How to Train Your Dragon", dem Mike Flanagan seng Steven-King-Kuerzgeschichtverfilmung "The Life of Chuck", dem Danny Boyle säin Horrorfilm-Sequel "28 Years Later", der Sandhya Suri hiren Drama "Santosh" an dem Cédric Klapisch seng Familljechronik "La venue de l’avenir".
Show more...
4 months ago
55 minutes

Grousse Kino
"Schwéier" Gebuerten am Grousse Kino
De Marc Clement, d'Vesna Andonovic an d'Kerstin Thalau beschwätzen: "Slocum et moi" (Jean-François Laguionie), "Jeunes mères" (Frères Dardenne) a "Hayao Miyazaki and the Heron" (Kaku Arakawa). Als Bonus: e Gespréich mam Jean-François Laguionie, virun der Sortie vu sengem neien Animatiounsfilm "Slocum et moi".
Show more...
5 months ago
55 minutes

Grousse Kino
Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.