Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Music
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/22/99/75/229975e6-2f05-b76f-7740-5998ea39cd6a/mza_15263716756972707972.jpg/600x600bb.jpg
Gréng op den Oueren
Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
17 episodes
3 weeks ago
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
Society & Culture
RSS
All content for Gréng op den Oueren is the property of Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal) and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
Society & Culture
Episodes (17/17)
Gréng op den Oueren
Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen
Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen? Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen. Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.
Show more...
1 month ago
28 minutes

Gréng op den Oueren
Mam Wandrad vun der Zäit goen
Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn. Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no. Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.
Show more...
3 months ago
26 minutes

Gréng op den Oueren
Nohalteg ënnerwee mat der CFL
Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn. Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus. Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.
Show more...
6 months ago
25 minutes

Gréng op den Oueren
Green Events
Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht. Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien.
Show more...
7 months ago
25 minutes

Gréng op den Oueren
Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft
Waasserstoff – eng Technologie mat Potential. An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen.
Show more...
1 year ago
25 minutes

Gréng op den Oueren
Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand
Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen? An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen. Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
1 year ago
30 minutes

Gréng op den Oueren
Fraen an der Welt vun der Energie
An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien? Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
1 year ago
37 minutes

Gréng op den Oueren
Smart Doheem
An dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren? Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! De Charel Lentz baut nämlech grad een neit Haus. Bausse mat vill Holz a bannen… eebe smart. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
1 year ago
33 minutes

Gréng op den Oueren
Startups mat Fokus "Energie"
De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen: de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmermans vu SolarCleano. Digital Zwillingen, Wäschroboter vu PV-Anlagen a Batterien, deenen een zweet Liewe geschenkt gëtt: vill Spaass mat spannende Lëtzebuerger Success-Stories. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
31 minutes

Gréng op den Oueren
Energie Myth Busters
An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal. Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit an der Foussgängerzon an der Stad gestallt. De Max geet de bekanntste Mythen op de Grond a probéiert mat der Hëllef vum Laurent Melchior vun Enovos d'Léisungen dozou ze fannen. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
30 minutes

Gréng op den Oueren
Stroum doheem produzéieren
Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣ ⁣ De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos mécht d'Theorie hannert de PV-Anlage méi gräifbar a weess, wéi eng Optiounen et gëtt, fir d'Lag vum Daach ideal auszenotzen. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence gëtt Detailer zu de verschiddene Subventiounen, déi een bei esou engem Investissement zegutt huet.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
29 minutes

Gréng op den Oueren
Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg
Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣ ⁣⁣ D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. De Schwéierpunkt läit op der Photovoltaik. Mir gi gewuer, dass Solarpanneauen och schwamme kënnen a kréien erkläert, wéi eng Roll landwirtschaftlech Flächen an Zukunft kënne spillen. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
27 minutes

Gréng op den Oueren
Liichtverschmotzung
Kënschtlech Luucht huet méi e groussen Afloss op Mënsch an Déier, wéi ee mengt. Kann et sinn, dass mir eis d’Welt méi hell gemaach hunn, wéi se eigentlech misst an dierft sinn?⁣⁣ ⁣ Mir sinn dës Kéier op Besuch beim Liichtberoder vum Naturpark Our. Den Daniel Gliedner erkläert eis ënner anerem, firwat d’Thema an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt huet, wéi d’Stroossebeliichtung nei geduecht ka ginn a wat fir positiv Effekter et dobäi fir d’Gesondheet gëtt. Den Tiago De Sousa, Chargé d’études bei der Naturverwaltung, seet eis, wéi d’Problematik national an international an Ugrëff geholl gëtt. An de Laurent Melchior vun Enovos gëtt praktesch Tuyauen, fir net nëmme Luucht, mee och Energie ze spueren.⁣⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
25 minutes

Gréng op den Oueren
Klimafrëndlech liewen
Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z'änneren, wéi den Ufank vum Joer.⁣ Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d'Klima.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D'Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d'Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zukunft sinn. Mir luussen och beim Estelle Flammang am Buttek Onperfekt zu Maarnech eran, hannert deem eng Initiativ stécht, déi sech fir lokal a saisonal Liewensmëttel staark mécht. A vun Enovos gëtt et einfach Tuyauen, fir Energie ze spueren, woubäi de Klient-Portal my.enovos och eng wichteg Roll spillt.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
31 minutes

Gréng op den Oueren
Energetesch renovéieren
Et muss net ëmmer nei sinn. Renovéiere kann och eng Optioun sinn, besonnesch wann ee Wäert leet op Klimaneutralitéit an Energieeffizienz.⁣ ⁣ Mir sinn op Besuch beim Ben Birkel zu Hitten, deen d‘Scheier renovéiere gelooss huet, déi viru bal 100 Joer vu sengem Grousspapp gebaut gouf. Mat dobäi ass den Expert Marc Neu. Hie bedreift en ökologesche Baustoffhandel (www.naturbaustoff.lu) an ass schonn iwwer zwee Joerzéngte laang am Energieberäich täteg, ënner anerem als Energieberoder. Am Gespréich mat der Klima-Agence raume mir donieft op mat Virurteeler ronderëm energetescht Renovéieren a loossen eis vun engem Simulator ënner d’Äerm gräifen. A vun Enovos gëtt et praktesch Detailer zu den enoprimes, déi jiddereen ufroe kann.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
Show more...
2 years ago
35 minutes

Gréng op den Oueren
Nohaltegt Bauen
Wéi plangt een en Haus, wann ee klimaneutral an energieeffizient wëll bauen? An op wat muss ee besonnesch gutt oppassen, fir dass de Projet e Succès gëtt?⁣ ⁣ Beim Max Pesch ass de Wonsch vun engem Holzhaus mat engem héijen Ecostandard Realitéit ginn. Mir maache mat him zesummen en Tour duerch d'Haus (Auteur vum Projet: Witry & Witry architecture urbanisme) a ginn ë.a. gewuer, wat eng Lehmmauer matzen an der Stuff fir Virdeleer huet a wéi eng Roll d'Photovoltaik ka spillen. Donieft gëtt et Tipps vum Sarah Juchems vun der Klima-Agence a puncto Subventiounen, an och Besuch vun enger Influencerin.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
Show more...
3 years ago
29 minutes

Gréng op den Oueren
Grénge Stroum zu Lëtzebuerg
Hunn ech grénge Stroum doheem? A wa jo, wou kënnt en iwwerhaapt hier? De Max war bei Enovos laanscht luussen, fir sech vun dräi Experten aus verschiddene Servicer doriwwer opklären ze loossen.⁣ ⁣ Den Alain Hübsch ass als Head of Market Operations & Power Asset Trading bei Enovos responsabel fir den Akaf vum Stroum. De Roger Rütze huet den Duerchbléck wat Certificaten ugeet a kann erklären, wéi de Stroum säi grénge Label kritt. An de Germain Emeringer huet mat senger Equipe am Customer Service Center souwuel on- wéi offline Dag fir Dag en oppent Ouer fir d'Clienten, a weess, wou de Schong meeschtens dréckt. Donieft gëtt et och Tipps vum Energieberoder, ë.a. zum spuersamen Ëmgang mat der Energie.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
Show more...
3 years ago
29 minutes

Gréng op den Oueren
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.