Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Technology
Health & Fitness
Sports
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts122/v4/61/c8/f8/61c8f876-17e7-0b10-c814-48a26fa3626b/mza_8138200250894924402.jpg/600x600bb.jpg
Gamer Things
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
107 episodes
1 week ago
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
Show more...
Science Fiction
Fiction,
Comedy Fiction,
Leisure
RSS
All content for Gamer Things is the property of Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
Show more...
Science Fiction
Fiction,
Comedy Fiction,
Leisure
Episodes (20/107)
Gamer Things
Episod 107 - SILKSONG kickt eis asses a BORDERLANDS 4 kickt hir Fans?
Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.
Show more...
1 week ago
1 hour 9 minutes

Gamer Things
Episod 106 - September ass Neijoerschdag!
Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dowéinst schwätzen d'Jonge vu Gamer Things natierlech och dodriwwer. Komm gären däi Pefferkär dobäi leen!
Show more...
3 weeks ago
1 hour 9 minutes

Gamer Things
Episod 105 - Gamer Things op der Gamescom: Live aus Köln
An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮  Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi spannendst nei Ukënnegungen, hir Highlight-Spiller, d’Stëmmung op der Foire an déi kleng Momenter, déi een nëmme matkritt, wann een op der Plaz ass.
Show more...
1 month ago
1 hour 22 minutes

Gamer Things
Episod 104 - Gamescom 2025: Mir si prett!
D’Gamescom 2025 steet virun der Dier – an de Mike mécht sech prett fir eleng dohinner ze fueren! 🎒🎮 An dëser Episod vu Gamer Things schwätze mir zu zwee iwwer dat wat kënnt, ob wat de Mike sech am meeschte freeë kann a wéi säin Agenda op der Foire ausgesäit. Natierlech geet et och ëm Battlefield 6 Beta: éischt Andréck, Highlights an e bësse Gejéimers, wann et nach hapert.  💬 Wat erwaarts du vun der Gamescom? An hues de d’BF6 Beta scho getest? Hannerlooss eis däi Feedback gären an de Kommentaren! 
Show more...
1 month ago
1 hour 11 minutes

Gamer Things
Episod 103 - BATTLEFIELD an DONKEY KONG BANANZA
Battlefield 6 gouf offiziell mat engem Trailer ugekënnegt an domat fänkt den Hype un. De Mike boxt sech grad duerch Donkey Kong Bananza op der Switch 2 an erzielt eis vu sengen éischten Andréck. Dat an nach villes méi, gëtt et dës Woch bei GAMER NET OP DE... THINGS!
Show more...
2 months ago
1 hour 8 minutes

Gamer Things
Episod 102 - Nei Spiller,grouss Hoffnungen: Wildgate, Battlefield & méi
An dëser Episod vun Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren iwwert de crewbaséierten Extraction Shooter Wildgate – kann dëse Mix aus Raumfaart, Action a Strategie de Genre nei definéieren? 🚀 Donieft schwätze mir iwwer de Remake vun Tony Hawk’s Pro Skater 3+4, deen elo offiziell eraus ass: Wéi gutt funktionéiert d'Skate-Nostalgie am Joer 2025? 🛹 Zum Schluss kucke mir op Battlefield 6 – d’Erwaardunge sinn héich, mee gëtt et endlech nees ee richtegen Hit fir d’Serie? 💥 🎁 Gewënnspill-Zäit! Gewannd'Deluxe Edition vun Death Stranding 2 – mir erklären am Podcast, wéi’s dumatmaache kanns! 🎧 Lauschter eran, loosst Feedback a vergiess net ze abonéieren!
Show more...
2 months ago
1 hour 10 minutes

Gamer Things
Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG
Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct presentéiert ginn, an - oha - do kann een sech nëmme freeën! Dat a villes méi, wéi gewinnt bei Gamer Things!
Show more...
3 months ago
1 hour 9 minutes

Gamer Things
Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do
Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.
Show more...
3 months ago
1 hour 24 minutes

Gamer Things
Episod 99 - Elden Ring, Battlefront & TLOU
Nei Welten a bekannte Geschichten: An dëser Episod vu Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren déi spannendsten Neiegkeeten aus der Gaming-Welt:  • 🗡️ Elden Ring: Nightreign – Dëse Standalone-Titel am Elden Ring-Universum bréngt nei Gameplay-Elementer an en 3-Spiller Koop-Modus.  • 🌌 Star Wars Battlefront 3 – Gerüchter iwwer eng méiglech Fortsetzung maachen d’Ronn, nodeems een Ex-Entwéckler Undeitung gemaach huet. EA fokusséiert sech an där Zäit op aner Franchisen, wat d’Zukunft vun Battlefront 3 onsécher mécht.  • 🏰 Tower Dominion – Dëst roguelike Tower-Defense-Spill kombinéiert strategeschen Terrain-Design mat dynamesche Verdeedegungssystemer an dat mat 30 Helden an engem endlosen “Frontier Mode”. • 🍄 Saison 2 vun The Last of Us – D’Finale huet mat engem dramatesche Cliffhanger opgehalen. Dobäi ass d’Zukunft vun Ellie an Abby onsécher bliwwen. D’Serie gouf fir eng drëtt Saison verlängert, déi gëtt Enn 2026 oder Ufank 2027 erwaart. 🎧 Lauschter eran a bleif um neiste Stand vum Gaming-Universum – op Lëtzebuergesch!
Show more...
4 months ago
1 hour 15 minutes

Gamer Things
Episod 98 - DOOM THE DARK AGES ass doo(m) a GTA VI ass schéin
Eng gutt gefëllten Episod gëtt et dës Woch: esou ass zum Beispill DOOM The Dark Age released an huet, trotz fantastesche Reviews, duerch säi Präis d'Debatt ronderëm 80 Euro-Games weider ugefacht, GTA 6 huet alt nees eise Podcast gelauschtert an eise Wonsch no engem neien Trailer erhéiert an de Mike schwäermt an den allerhéchsten Téin vu Clair Obscur. Dat alles a vill méi an dei neier Episod vu Gamer Things. LFG!
Show more...
4 months ago
54 minutes

Gamer Things
Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY?
Et ass souwäit: GTA 6  gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!
Show more...
5 months ago
1 hour 9 minutes

Gamer Things
Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon?
BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!
Show more...
5 months ago
1 hour 6 minutes

Gamer Things
Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet
D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.
Show more...
6 months ago
1 hour

Gamer Things
Episod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop?
No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen. De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns hannerloossen :D
Show more...
6 months ago
1 hour 11 minutes

Gamer Things
Episod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS
De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.
Show more...
6 months ago
1 hour 13 minutes

Gamer Things
Episod 92 - Sony State of Play
Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!
Show more...
7 months ago
1 hour 9 minutes

Gamer Things
Episod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans?
Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.
Show more...
7 months ago
1 hour 7 minutes

Gamer Things
Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2
Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.
Show more...
8 months ago
1 hour 13 minutes

Gamer Things
Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk
MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?
Show more...
8 months ago
1 hour 18 minutes

Gamer Things
Episod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024
D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss. VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.
Show more...
9 months ago
1 hour 11 minutes

Gamer Things
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.