Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
History
Sports
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/40/5a/90/405a90f2-5030-1d7f-c6f5-316c7b531c0e/mza_10490786721969525762.jpg/600x600bb.jpg
Fënster Op
radio 100,7
41 episodes
18 hours ago
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Show more...
News
RSS
All content for Fënster Op is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Show more...
News
Episodes (20/41)
Fënster Op
Finnland
Finnland ass e Land a Skandinavie mat Grenzen zu Norwegen, Schweden a Russland. An der Landessprooch heescht Finnland Suomi. D’Finne gëllen zënter Joren als besonnesch glécklech Leit, wei de World Happiness Rapport behaapt. D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. Iwwert all des Theme schwätzt de Cédric Reichel mat der Maija Voutilainen, dem Jouko Raatikainen, an dem Lassi Kangasluoma.
Show more...
1 week ago
47 minutes

Fënster Op
Burkina Faso
De Burkina Faso leit a Westafrika, ouni direkten Accès zum Mier, mat als Nopeschlänner de Mali, Niger, Benin, Togo, Ghana an der Cote d’Ivoire. Lëtzebuerg ass zënter den 90er Joren en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der Haaptstad Ouagadougou. Den Nationalsport ass d’Vëlofueren. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Serge Daniel Kaboré, Roger Kiemdé Yamnoma, Stanislas Kaboré.
Show more...
2 weeks ago
50 minutes

Fënster Op
Montenegro
Montenegro läit am Balkan a Südosteuropa. An der Landessprooch heescht des Land ganz einfach schwaarze Bierg, Crna Gora.. Zanter 2006 ass dëst Land, dat laang Joren en deel vun Ex-Jugoslawie war an dono an enger Federatioun mat Serbie war, komplett onofhängeg. D’Bevëlkerung vu Montenegro ass ongeféier esou grouss wei Lëtzebuerg, dat awer op enger 5 mol esou grousser Fläch. Déi montenegrinesch Communautéit zu Lëtzebuerg ëmfaasst Schätzungen no tëschent 10.000 a 15.000 Leit. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Emina Hodžić, dem Hasan Šaćirović, an dem Aldin Avdić.
Show more...
3 weeks ago
42 minutes

Fënster Op
Georgien

An der Landessprooch heescht Georgien Sakartvelo. Et huet Landesgrenze mat Armenien, Aserbaidschan, Russland an der Tierkei an huet Zougang zum Schwaarze Mier. 3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land an deem ee mat Lari bezilt. Scho virun 8.000 Joer gouf hei Wäin hiergestallt. Berüümt ass des Land och fir seng Kléischter, zum Beispill an der Kasbek Regioun oder zu Mzcheta an och fir de polyphone Chakrulo Gesang deen och immateriellt Kulturierwe vun der Unesco ass. Déi zwee Landesdeeler Abchasien a Südossetien sinn zënter 2008 de facto vu Russland besat. Iwwert all des Themen huet de Cédric Reichel mat dem Irakli Kasradze, der Nano Mamageishvili an der Mziko Bukhnikashvili geschwat.

Show more...
1 month ago
50 minutes

Fënster Op
Venezuela
Venezuela läit am Norde vu Südamerika, huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss. Bekanntsten Iessen aus dësem Land sinn Arepas, eng Zort décke Panech aus Mais. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam José Gregorio Gomes Faria, der Carolina Lazo Albrecht an dem Gustavo Morales.
Show more...
1 month ago
49 minutes

Fënster Op
Bolivien
Bolivie läit an der Mëtt vum südamerikanesche Kontinent. Ëmgi vu Brasilien, Paraguay, Argentinien, Chile a Peru, huet et selwer kee Mierzougang. D’Haaptstad ass Sucre, mee déi meeschte kennen éischter de Regierungssëtz La Paz, mat 3.650 Meter iwwer dem Mieresspigel och den héchste Regierungssëtz op der Welt. Dacks beschwéiere sech auslännesch Fussballnationalekippen iwwer d’klimatesch Bedéngungen, wa si an iwwer 3.600 Meter Héicht e Match zu La Paz oder El Alto spille mussen. Dëst Land ass och bekannt fir seng Sproochevillfalt, mat 37 offizielle Sproochen an dem Undeel un indigene Gruppen an der Bevëlkerung. Touristesch sinn den Titicacaséi an de Salar de Uyuni, de gréisste Salzséi op der Welt, ze erwänen. De Cédric Reichel huet sech mat der Jinneth Miranda, dem René Illanes an der Adda Justiniano ënnerhalen.
Show more...
4 months ago
54 minutes

Fënster Op
Schweden
Schweden ass e Kinnekräich tëschent Norwegen a Finnland, e Land mat 10 Milliounen Awunner:innen. Et ass d’Land vun den Elchen, vun der Fika, also der Kaffispaus mat Kanelbullar, den Zimtschnecken, an natierlech dat Land, aus deem en zimmlech grousst Miwwelgeschäft kënnt, awer och Abba, Roxette oder Ace of Base. Iwwer all dës Klischeeën an awer och iwwer Den stora älgvandringen - déi grouss Elchwanderung, huet de Cédric Reichel mat der Catharina Biver, der Amanda Biver, der Louise Wettergrin an der Jessica Quigg geschwat.
Show more...
4 months ago
56 minutes

Fënster Op
Nationalfeierdag-Spezial
Wéi gëtt an anere Länner Nationalfeierdag gefeiert? Wéi ee Stellewäert huet deen Dag do a wat sinn eventuell Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg? Eis Invitéen am Fënster Op hunn eis iwwer hir respektiv Länner erzielt. Dir gitt zum Beispill gewuer, wéi wichteg Freedefeier op Malta ass, oder datt a Länner wéi Tschechien oder Schwede guer net esou richteg gefeiert gëtt.
Show more...
4 months ago
15 minutes

Fënster Op
Usbekistan

Usbekistan ass en duebelt Banneland, also e Land ëmgi vun anere Länner ouni direkten Zougang zum Mier a grenzt u Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan, Afghanistan an Turkmenistan. Mat iwwer 30 Milliounen Awunner:innen huet et déi gréisste Bevëlkerung an Zentralasien. Usbekistan ass bekannt wéinst senger laanger Geschicht als Deel vun der historescher Seidestrooss. Bekannt si virun allem déi al Medressen, Alstied a Moscheeën zu Samarkand, Khiva a Bukhara. Kulinaresch féiert kee Wee laanscht Plov, en traditionelle Räisplat. Dem Cédric Reichel seng Invitéë sinn: Mukhammaddyior Melikuziev, Jasurbek Ayupov, Goulnora Soultanova, Utkirbek Rustamov.

Show more...
5 months ago
47 minutes

Fënster Op
Venezuela
Venezuela läit am Norde vu Südamerika an huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. Dëst Land verfüügt offiziell iwwert déi gréissten dokumentéiert Pëtrolsreserven op der Welt. An de leschte Joren hu Millioune Leit dëst Land wéinst Hyperinflatioun, Repressioun, Gewalt a Perspektivlosegkeet verlooss. Den Tourismus am Land ass zënter 2019 total agebrach. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Maria Cabrera an der Maryher Delphin.
Show more...
5 months ago
47 minutes

Fënster Op
Aserbaidjan
Den Aserbaidjan ass e Land a Virderasien, tëscht dem kaspesche Mir an dem Kaukasus. Hei liewen 10 Millioune Mënschen, bal 90% dovu schiitesch Muslimen. An der Haaptstad Baku liewen iwwert 2 Millioune Leit. An de leschte Joren hunn hei grouss Evenementer wéi d'ESC-Finall, d'Weltklimakonferenz COP a Matcher vun der Fussballeuropameeschterschaft 2021 stattfonnt. D’Land vermaart sech och touristesch als "Land of Fire". Et däerf een awer och net verschweigen dass dëst Land wéinst senger Mënscherechtslag an dem rezente Krich mat Armenien an der feelender Pressefräiheet och ëmmer rëm international an der Kritik steet. De Cédric Reichel am Gespréich mam SananYusifov, dem Toghrul Hasanov an der  Diana Hasanova.
Show more...
5 months ago
48 minutes

Fënster Op
Holland
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. Holland ass liicht méi grouss wéi d’Schwäiz, huet nach ëmmer Kolonien an et liewe bal 18 Millioune Mënschen an dësem Land. Rotterdam ass ee vun de gréissten Häfen an der Welt, Amsterdam d’Haaptstad a vill international Institutiounen hunn hire Setz an Holland. Klischeeën iwwer dëst Land sinn natierlech, datt d’Hollänner gäre Campen, vill Vëlofueren a gäre Kéis iessen. Ass Holland iwwerhaapt déi richteg Bezeechnung fir dat Land op Lëtzebuergesch? Doriwwer an iwwer villes méi huet de Cédric Reichel mat der Linda Bos, der Marieke Kremers, dem Raymond Aendekerk an dem Hein Gerd Triemstra geschwat.
Show more...
6 months ago
55 minutes

Fënster Op
Philippinnen
D’Philippinne sinn e Staat a Südostasien a bestinn aus 7.641 Inselen, vun deenen der nëmmen 2.000 bewunnt sinn. Do wunnen insgesamt iwwer 114 Millioune Mënschen. Berüümt ass dëst Land fir seng Räisterrassen, vun deene verschiddener iwwer 2.000 Joer al sinn. Et ass och e Land mat eng grousser Sproochevillfalt a ganz villen Dialekter. An et gëtt dacks gesot, datt d’Philippinnen déi längste Chrëschtzäit op der Welt hunn. Doriwwer an iwwer villes méi huet de Cédric Reichel mam Dennis Yaun, dem Jason Teves an dem Vincent Chong geschwat.
Show more...
6 months ago
37 minutes

Fënster Op
Armenien

Schonn 301 no Christus huet dëst Land d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl. De biblesche Bierg Ararat gëllt als Nationalsymbol an dësem Land, e läit awer an der Tierkei. Armenien huet eng laang Schachtraditioun an e puer vun de weltbeschte Schachspiller kommen aus dësem Land. Et liewe méi Armeenier am Ausland wéi am Land selwer an d’Diaspora huet e groussen Afloss op d’Land. Iwwer all dës Theemen huet de Cédric Reichel mat der Tatev Margaryan, der Liana Baghdasaryan an dem Seg Kirakossian geschwat.

Show more...
6 months ago
44 minutes

Fënster Op
Mexiko

A Mexiko liewen dem World Happiness Rapport no déi 10. glécklechst Mënschen op der Welt. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an Enchiladas an och wat d’Gedrénks ugeet, kritt een do sécher och méi wéi nëmmen Tequila oder Mezcal. A wéi eng Bedeitung huet den Día de los Muertos fir si? De Cédric Reichel huet mat der Patricia Schurmann, der Patricia Cabrera an dem Luis Maldonado geschwat.

Show more...
7 months ago
40 minutes

Fënster Op
Irland
Irland ass déi drëttgréissten Insel an Europa, awer geopolitesch an zwee gedeelt. Op där enger Säit d’Republik Irland, op där anerer Säit Nordirland, dat zu Groussbritannie gehéiert. Irland huet siwe Mol den Eurovision Song Contest gewonnen, e Rekord. D’Iren zelebréieren och hir Clichéen, wéi hir Léift zum Guinness, der Faarf gréng a rouden Hoer. Mee ass Saint Patrick’s Day eigentlech wierklech iresch? De Cédric Reichel huet mat der Jill Mullan, dem Aidan Mullan, dem Kevin Mohan an dem Ronan Frawley geschwat.
Show more...
7 months ago
43 minutes

Fënster Op
Iran
Den Iran faszinéiert vill Leit wéinst senger Geschicht, senger joerhonnertenaler Kultur, senge grousse Wäiten oder och der Architektur, déi vum Zoroastrismus beaflosst ass. Den Iran ass eent vun den 20 flächeméisseg gréissten an och bevëlkerungsräichste Länner. Mee et ass och e Land, dat vill Männer a Fraen an de leschte Joren hu misse verloossen, sief et wéinst hirer Relioun, hirer politescher Haltung oder well si als Fra anescht liewe wollte wéi virgeschriwwen. De Cédric Reichel huet mat der Shiva Akhlaghi, der Nadia Kendall, der Shabnam Sabzehi an dem Yasha Zare iwwer den Iran geschwat.
Show more...
7 months ago
49 minutes

Fënster Op
Ungarn
Ungarn huet 10 Milliounen Awunner:innen a läit a Mëtteleuropa. Et ass e Binnestaat an huet Grenze mat am Ganze siwen anere Länner: der Slowakei, der Ukrain, Rumänien, Serbien, Kroatien, Slowenien an Éisträich. Ungaresch gëllt als eng vun de schwéierste Sprooche, fir se ze leieren. D’Haaptstad Budapest ass duerch dee längsten europäesche Floss, d’Donau, an Zwee gedeelt. An iwwer déi ungaresch Kiche gëtt an dëser Sendung och vill geschwat. De Cédric Reichel huet mat der Judit Nagy, der Julia Nagy an dem Gergő Kovács geschwat.
Show more...
8 months ago
51 minutes

Fënster Op
Tierkei
D’Tierkei läit zu 97 Prozent um asiatesche Kontinent an nëmmen dräi Prozent um europäeschen. Getrennt si se duerch de Bosporus. D’Haaptstad ass net Istanbul, déi bevëlkerungsräichsten a gréisste Stad vum Land, mee Ankara. Bekannt ass d’Tierkei och fir seng grouss Fussballkultur, seng Plagen un der Ägäis a seng Bierglandschaften an Ostanatolien. An de leschte Joren hunn awer och vill Tierken aus politesche Grënn missten hiert Land verloossen. De Cédric Reichel huet mat der Ezgi Göktürk, dem Fatih Turgut an dem Ahmet Meyveci geschwat.
Show more...
8 months ago
43 minutes

Fënster Op
Chile

Chile ass fir vill vun eis dat laanggezunne Land a Südamerika. D’Land huet eng Nord-Süd-Längt vu 4.200 Kilometer an dat bei enger duerchschnëttlecher Breet vu manner wei 200 Kilometer. Touristesch huet dëst Land och vill ze bidden. Mee d’Land gouf och gepräägt vun enger Militärdiktatur ënner dem Augusto Pinochet vun 1973 un. Dës huet d’Liewe vun eisen 3 Gäscht vun dëser Woch nohalteg gepräägt. De Cédric Reichel huet geschwat mam Luis Gustavo Roy Contardo, der Marianela Carvajal an dem Daniel Henríquez Kries.

Show more...
8 months ago
1 hour 3 minutes

Fënster Op
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.