Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
News
Sports
TV & Film
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/52/ac/27/52ac2751-662d-dc1b-0849-74814ca3e9fe/mza_2098044483947938248.jpg/600x600bb.jpg
Europa Aktuell
radio 100,7
50 episodes
3 days ago
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Show more...
News
RSS
All content for Europa Aktuell is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Show more...
News
Episodes (20/50)
Europa Aktuell
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon huet et um Enn awer nach geklappt: D’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner si sech de Mëttwoch eens ginn iwwer en europäescht Klimazil fir 2040 - um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass Flexibilitéit. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manner rigide Reegelen ënnerworf ginn. Mee wat gouf eigentlech festgehalen - a wat heescht dat elo fir d’Klimakonferenz a Brasilien, déi virun der Dier steet?
Show more...
1 week ago
8 minutes

Europa Aktuell
Belsch: De Bart de Wever bleift Premier - mee fir wéi laang?
Mir froen eis Korrespondentin Agathe Cherki, wat hanner der belscher Regierungskris stécht.
Show more...
1 week ago
5 minutes

Europa Aktuell
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon si sech d’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn iwwer een europäescht Klimazil fir 2040. Um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass “Flexibilitéit”. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manner rigide Reegelen ënnerworf ginn. Mee wat gouf eigentlech festgehalen - a wat heescht dat elo fir d’Klimakonferenz a Brasilien, déi virun der Dier steet? Eng Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
Show more...
1 week ago
8 minutes

Europa Aktuell
Albanien: Ee vun de Frontrunner fir Member vun der EU ze ginn
Néng Kandidate sti vrun der Dier, fir Member vun der EU ze ginn. D'EU-Kommissioun presentéiert haut, Dënschdeg, 4.11., de Rapport doriwwer, wou si an deem Prozess dru sinn. Als éischt, an där File vu Länner, fir an d’EU eranzekommen, ass de Montenegro, duerno kënnt Albanien. Den Europadeputéierten Andreas Schieder, éisträichesche Sozialdemokrat a Rapporter vum Europaparlament iwwer Albanien erkläert, wou d'Land den Ament an deem Bäitrëttsprozess drun ass.
Show more...
1 week ago
6 minutes

Europa Aktuell
EU-Liwwerkettegesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss
D’EU-Parlament sollt sech näischt vun de Staats- a Regierungscheffe virschreiwe loossen, seet de Marc Angel. Den LSAP-EU-Deputéierte war ee vun deenen, dee sech net un ee Kompromëss gehalen huet, deen no wochelaange Verhandlungen tëschent de Fraktioune vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberale fonnt gi war.
Show more...
1 week ago
5 minutes

Europa Aktuell
Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz
D’Propose fir d’Reglement géint d’Entwaldung ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, sou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun a schwätzt sech weider dofir aus, datt Lëtzebuerger Betriber gréisstendeels misste vun de Reegelen befreit ginn. D'Fro ass, wéi vill aner Länner sech där Positioun uschléissen.
Show more...
2 weeks ago
5 minutes

Europa Aktuell
EU-Sommet: keng Visiounen
Ukraine, Klima - den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kuckt zréck op de EU-Sommet vum Donneschdeg a stellt fest, datt déi 27 sech erëm an der Konscht vum Kompromëss üben.
Show more...
3 weeks ago
3 minutes

Europa Aktuell
Russescht Staatsverméigen benotzen: D'Iddi koum net virun um EU-Sommet?
Um EU-Sommet gëscht goufen keng konkret Decisioune geholl - zum Beispill net doriwwer ob d’Ukrain da soll déi Sue vum russesche Staat, déi zanter dem Krich an der EU blockéiert sinn, zuer Verfügung gestallt kréien. Och déi ëmstridde Fro, mat wéi engem Klimazil d’EU op d’Klimakonferenz Mëtt November a Brasilie fiert, ass op bliwwen. Wat heescht dat? Ass d’Iddi, déi russesch Suen ze benotzen quasi vum Dësch ? An wéi stinn d’Chancen, datt d’EU net mat eidelen Hänn op der Klimakonferenz do steet? Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Show more...
3 weeks ago
6 minutes

Europa Aktuell
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall - elo muss geliwwert ginn - dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Si huet den Doneschdeg ee Fahrplang virgeluecht - wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetzen mussen - op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang? Eng Analyse vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Show more...
4 weeks ago
6 minutes

Europa Aktuell
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall, elo muss geliwwert ginn, dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Bréissel huet e Mëttwoch ee Fahrplang virgeluecht, wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetzen mussen. Op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang a ween iowwerhëlt de Kommando? Eng Analyse vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Show more...
1 month ago
6 minutes

Europa Aktuell
Frankräich: Kann de Sébastien Lecornu sech als Premier halen?
Eise Korrespondent zu Paräis analyséiert, wéi déi aner Parteie reagéieren, nodeems de Premier ugekënnegt huet déi ëmstridde Pensiounsreform aus ze setzen.
Show more...
1 month ago
5 minutes

Europa Aktuell
Frankräich huet nees eng néi Regierung
Frankräich huet net nëmmen en neien ale Premier mee zanter gëschter Owend och nees eng Regierung, déi haut d’Amt iwwerhëlt an eng schwéier Missioun untrëtt: e Budget duerch d’Parlament kréien a sech méi laang am Amt hale wéi déi dräi Regierunge virun hier. D’Oppositiounsparteien LFI an RN wëllen awer haut schonn e Mësstrauensvote areechen.
Show more...
1 month ago
5 minutes

Europa Aktuell
Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament
D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier Luc Frieden den Dënschdeg am Europaparlament. Hie war dohin invitéiert ginn, fir iwwert d’Zukunft vun Europa ze debattéieren. Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit als Lëtzebuerger Regierungschef zwee Mol gemaach. Deemols stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Débat vun haut - D’Danièle Weber iwwert deen éischten Optrëtt vum Luc Frieden als Premier am Europaparlament.
Show more...
1 month ago
5 minutes

Europa Aktuell
Bis muer den Owend wäert de franséische President en néie Premier nennen
Bis muer den Owend also wäert de franséische President Emmanuel Macron en néie Premier nennen. Dat nodeems de Sébastien Lecornu, dee jo um Méindeg demissionéiert hat, 48 Stonne laang mat de verschiddene Parteien diskutéiert hat fir en Auswee aus der politescher Stagnatioun ze fannen an dee schéngt hien och fonnt ze hunn. Op mannst sot hie gëschter op France 2 datt et eng kléng Majoritéit fir e gemeinsame Budget an der Assemblée gëtt.
Show more...
1 month ago
5 minutes

Europa Aktuell
Analyse mat eisem Paräis-Korrespondent: Frankräich kënnt net zur Rou
Frankräich kënnt einfach net zur Rou. No der iwwerraschender Demissioun vum Premier Sébastien Lecornu gëschter steet d’Land alt nees ouni Premier a Regierung do an de Wee aus der politescher Kris gëtt ëmmer méi schwéier ze fannen. De President Emmanuel Macron huet de Lecornu beoptraagt bis e Mëttwochowend lescht Gespréicher ze féiere fir awer nach eng Léisung ze fannen.
Show more...
1 month ago
4 minutes

Europa Aktuell
Informellen EU-Sommet: Unanimitéit steet zur Diskussioun
Um Ordre du jour vum informelle EU-Sommet zu Kopenhagen steet eng Diskussioun doriwwer, wéi ee kann der Ukrain dat agefruerent russescht Staats-Verméigen zoukomme loossen an doriwwer, wéi d’Ukrain kann am Prozess fir Member vun der EU ze ginn, ee Schratt virukommen. Béid Sujete sinn ëmstridden, mee fir béides brauch een an der EU d’Unanimitéit. A fir se opzehiewen och. D'Danièle Weber iwwer deen EU-Dilemma, iwwer deen net fir d'éischte Kéier debattéiert gëtt.
Show more...
1 month ago
7 minutes

Europa Aktuell
Wéi déi europäesch Riets-Extreem den Charlie Kirk zu engem Märtyrer maachen
E puer Wochen nom Attentat op den Charlie Kirk probéieren och déi europäesch Riets-Extreem den Doud vum ëmstriddenen US-Amerikaner fir hir Zwecker ze notzen. Dat mengt den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger neister Chronik.
Show more...
1 month ago
4 minutes

Europa Aktuell
Dem Mario Draghi säi Rappell
Déi europäesch Wirtschaft géif nach ëmmer ze lues dréien - dee Constat huet dee fréieren EZB-Chef Mario Draghi dës Woch gemaach. An zwar net fir d'éischt.
Show more...
1 month ago
3 minutes

Europa Aktuell
Dialog tëschent Lëtzebuerg a Frankräich fällt op en Neits aus
Zanter 2011 kommen déi Lëtzebuerger an déi franséisch Regierung all Joer fir eng Commission intergouvernementale zesummen. Gëschter hätt et souwäit solle sinn, just a Frankräich gëtt et den Ament keng Regierung, also gouf dës Reunioun verluecht. De Problem ass, datt dat schonn d’lescht Joer de Fall war, esou datt wichteg Sujeten op Äis leien.
Show more...
1 month ago
3 minutes

Europa Aktuell
Brasilien: De Prozess géint de Bolsonaro
De fréiere brasilianesche President Bolsonaro soll e Staatsstreech geplangt hunn a steet elo viru Geriicht. De Jean-Claude Gerez aus Brasilien gëtt Detailer.
Show more...
2 months ago
5 minutes

Europa Aktuell
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus