Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Health & Fitness
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts126/v4/74/f2/ac/74f2ac90-54f7-7f96-d093-ccaaa02a7ede/mza_15042305904002586741.jpg/600x600bb.jpg
Croque-monsieur
Jil Hamm & Gil Kasel, Eldoradio
35 episodes
9 months ago
Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.
Show more...
Leisure
RSS
All content for Croque-monsieur is the property of Jil Hamm & Gil Kasel, Eldoradio and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.
Show more...
Leisure
Episodes (20/35)
Croque-monsieur
#35 Känguwho?
D'Jil huet seng Masteraarbecht ofginn an ass elo e fräie Mënsch, de Gil dogéint ass gefaangen a senger Wunneng voller Schimmel. International war eng lass mat den Europawahlen, op nationalem Plang huet e Känguru fir Opreegung gesuergt. Eng Fro hu mer nach u Leit déi am OP schaffen: Wat beschwätzt dir sou wärend enger banaler OP?
Show more...
1 year ago
45 minutes

Croque-monsieur
#34 Schimmel
D'Jil war a Südfrankräich, hat eng schéin Zäit, huet awer och e Mann beobacht deen sech am Restaurant de Batti gestallt huet 🍨 Um Wee zréck op Lëtzebuerg gouf et dunn zu Paräis nach eng deier Iwwerraschung 🚄 Mee Doheem ass et io souwisou am schéinsten, sou soen se mol... Mir bezweifelen dat, wann ee gewuer gëtt, dass ee Schimmel am Buedzëmmer huet 👀
Show more...
1 year ago
48 minutes

Croque-monsieur
#33 OriginAL
Mir kucken zréck op en erfollegräichen ESC, souwuel fir Lëtzebuerg wéi och fir eng Hallschent vum Croque-monsieur: Wien huet d'Wett gewonn a kritt eng Pizza spendéiert?🍕 De Gil huet dann en extremen Opreeger erlieft, andeems hie richteg blöd ugemaach gouf a Rassismus virgeworf krut. Shoutout un de Gil: Hien ass dobäi professionell a roueg bliwwen💆 D'Jil huet dann eng Fro un iech: Wéie Géigestand halt dir esou laang bis en ausernee fält an absolutt net méi ze gebrauchen ass? Eis Äntwerte ginn et an der Episod #33
Show more...
1 year ago
48 minutes

Croque-monsieur
#32 Den Chicken
De Gil beweist sech als Expert vum ESC 2024 a bréngt et fäerdeg d'Jil a sécher och iech mam Hype unzestiechen💃🕺 Mir wënschen dem Tali vill Gléck fir ganz uewen um Podium ze stoen a kucken awer och no ënnen, nämlech an dem Gil säi Keller, an deem komesch Saache geschéien... Och komesch si verschidden nei Emojis an den Handy ze rësele fir eng vermeintlech Polaroid-Foto kënnen ze gesinn🤔
Show more...
1 year ago
51 minutes

Croque-monsieur
#31 Gummibär
25 Grad a Sonn konnte mer am Abrëll erliewen, dat mécht Loscht op grillen, schwammen, Pneue wiesselen an op Festivallen ze goen💃🕺 Mir schwäerme vun e puer Line-ups a mir verroden iech och fir wéi ee Land mir bei der EM halen. Wéi gewinnt hannerfroe mir och den Alldag: Kuckt dir iech och d'Akeef vun anere Leit an der Kees un a stellt iech Zenarie vir? A wou kaaft dir Kondomer? Am Supermarché oder online?
Show more...
1 year ago
51 minutes

Croque-monsieur
#30 Gesiichtskiermes
All 10. Episod beäntwere mir är Entweder-Oder-Froen: Ob mir fir ëmmer ouni Këssen oder ouni Decke schlofen? Ob mir op engem Date éischter Lego oder Playmobil spillen oder eis awer fir Malen nach Zahlen entscheeden? Ob mir éischter op sämtlech Navigatiounssystemer op eisem Handy verzichten oder op all d'Méiglechkeeten Musek iwwert den Handy ze lauschteren? Dës Episod hëlt dann och eng onerwaart Wendung a mir froen eis, wéi ee Gil/Jil sech éischter en Tattoo stieche loosse géing a wien éischter géing vis-a-vis vum Günther Jauch sëtzen. Lauschtert elo déi 30. Episod vum Croque-monsieur a rot mat.
Show more...
1 year ago
49 minutes

Croque-monsieur
#29 On our way to Hollywood
Alles Guddes Gil fir deng 29 ehmmm 27 Joer! Gottseidank... well eng 29. Episod feiert ee mol gären, mee wann deGil u säin 29. Gebuertsdag denkt, da ginn all d'Alarmklacken un, well dat heescht jo, dass hie just nach 1 Joer Zäit huet bis déi béis 30 uklappt🎂😈 D'Jil dogéint hat 30 ehmmm 3 wonnerschéin Deeg zu Hamburg, mat just engem Opreeger am Zuch🚭 Mir kruten dann nach eng Bänk erageschéckt an déi huet Potenzial, eis Bänk fir eng Jubiläumsepisod ze ginn - Hollywood mir kommen!
Show more...
1 year ago
45 minutes

Croque-monsieur
#28 An der Schwämm vergiess
Mir haten iech gefrot: Wou steet déi schéinsten Nodenk-Bänk? Dir hutt se eis geschéckt an, léif Croquetten, natierlech deele mir des Bänken mat iech. Mir kucken awer och op ee wichtegen Deel vun eisem Alldag: d’Mëttegpaus. Ass dat de perfekten Zäitpunkt fir Sport ze maachen? Oder ass et e wäertvolle Moment fir mat den Aarbechtskolleeg*innen ze socializen? An erënnert dir iech nach un är Mëttegpaus am Lycée, wou der iech vu Pizza a Grillwurschten ernäert hutt? De Gil huet dann och eng intressant Erfarung am Schoul-Schwamme gemaach, an d’Jil kläert op, no wéi enge Krittären dir eng Schwämm raussiche sollt. Wann dir iech dann och schonn oft gefrot hutt, wéi Architekt*innen op falsch Iddie kommen, wéi Schauspiller*innen sech scheinbar op Kommando kënnen iwwerginn, a wéi d'Police Handye vun Doudegen entspäert, da lauschtert eran d'Episod 28 vum Croque-monsieur.
Show more...
1 year ago
56 minutes

Croque-monsieur
#27 Nodenk-Bänk
No iwwert engem hallwe Joer hu mir et rëm gepackt zesummen am Studio ze stoen an iwwert d'Liewen ze philosophéieren, zesummen ze sangen an ze laachen🎙 Elo siche mir dann no der schéinster a beschter Bänk fir nozedenken - wou steet är Liblings-Nodenk-bänk? Instagram: croquemonsieur.podcast 💭
Show more...
1 year ago
56 minutes

Croque-monsieur
#26 Ech ginn haut net al
Fréier war alles besser! An de Kino goe war nach bezuelbar, d'Bomien hunn nach Wäffelcher gebak an et hat keen den Handy ronderëm den Hals hänken. Haut ass awer och villes besser: et muss een net um Punkt véierel op 8 beim Fernseh setze fir de Blockbuster net ze verpassen, et kann een sech via App iwwer aner Leit beschwéieren an et kann een ouni Ticket aus dem Parking fueren. Iwwer skinny Jeans vu fréier oder baggy Jeans vun haut kann een diskutéieren, mee Gare la Box den Tatort ännert säin Intro!
Show more...
1 year ago
47 minutes

Croque-monsieur
#25 Gäns an der Kutsch
Beim Gil, aka The Flash, schautert eppes tëschent de Been an d'Jil stellt fest, dass Verletzungen um Daum an un den Zéiwen extra wéi dinn. D'Jil recommandéiert eng Achterbunn am Phantasialand an de Gil huet eng Film-Empfeelung fir iech. Déi zwee si sech eens, dass eng gewësse Reklamm am Kino op kee Fall feelen dierf a si sinn och allen zwee begeeschtert vum Luxembourg Song Contest, wou nieft demTali och Schëppe Siwen an Erënnerung bleiwen. D'Fro un iech no dëser Episod: Maacht dir Vakanz oder gitt dir reesen? Ah an: Wéi ass de Pluriel vu Schwan??
Show more...
1 year ago
48 minutes

Croque-monsieur
#24 Huel meng Spuerbéchs
Deier, mee eng ganz schéin Erfarung: De Gil war um Zuckerbäckerball an huet domat eppes vu senger Bucket List konnte sträichen. Deier, mee hoffentlech iergendwann eng cool Erfarung: dat ass dem Jil säin aktuelle Stand fir d'Olympesch Spiller vu senger Eemer-Lëscht ze erliewen. Weider dreemen heescht et dann och fir 8 Lëtzebuerger Kënschtler a Sängerinne respektiv Bands: Wien vertrëtt Lëtzebuerg um ESC an op der wéivillter Plaz wäerte mir landen? Däitschland huet, wat dat ugeet, jo definitiv kee gudde Ruff, ma si sinn och bekannt fir hir vill Reegelen, duerch déi heiansdo och déi skurrilste Gesetzer entstinn. Skurril ass och d'Hoffnung, eng Spuerbéchs kéint en Abriecher verdreiwen... Alles dat a méi an der 24. Episod vum Croque-monsieur.
Show more...
1 year ago
54 minutes

Croque-monsieur
#23 Policeasaz am Fitness
Mir schreiwen d'Joer 2024 a kucken op d'Evolutioun vu Reklammen, bei deene Frae fréier e Risiko agaange sinn, wann si net an der Kiche waren, an haut gefrot ginn, wa Risiken an Niewewierkungen optauchen. Natierlech komme mir awer och net dolaanscht, op Chrëschtdag zréck ze kucken, op 5 Deeg Reschter iesse bis Silvester an op Elteren déi net present ware, wou Gehier verdeelt gouf. Fir 2024 wëll dann eng Hallschent vum Croque-monsieur sech manner opreegen, déi aner sech selwer manner ënner Drock setzen, déi eng sicht nach eng Schwammchallenge an déi aner wäert e Marathon lafen. Och de Croque-monsieur gëtt revolutionéiert, soudass mir eis scho virbereede fir de Fall wou mir esou prominent ginn, dass mir Pseudonymmer brauchen. An domat: Alles Guddes am neie Joer!
Show more...
1 year ago
49 minutes

Croque-monsieur
#22 Handmassage an der Sauna
Ob an der Bib, am Zuch, am Tram oder am Spa – heiansdo wëll ee ganz einfach seng Rou… an da spillt de Rescht vun der Gesellschaft net mat…🙄 Wéi ass dat da wann ee, wéi de Gil, eleng an d'Vakanz geet: Wëllt dir do a Rou gelooss ginn oder wiert dir frou nei Leit (déi net mam Lëtzebuerger Fändel ronderëm lafen) kennenzeléieren? Léif Croquetten, sot eis wéi, wou a firwat dir eleng Vakanz maacht, d’Jil brauch är Tipps! Am neie Joer gëtt et dann en Update, bis dohi wënscht de Gil schéi Feierdeeg mat vill Kéis an d’Jil wënschte gudde Rutsch an eng nei Saison Croque-monsieur🧀🥪
Show more...
1 year ago
57 minutes

Croque-monsieur
#21 Kakuetten am Whirlpool
Wetten,dass de Gil beim Feieren ëmmer no iech kucke kënnt? Wetten, dass d'Jil sechaktuell eng 1,0 am Fach "Prokrastinéieren"  séchert? Wetten,dass d'Jil an de Gil den Thomas Gottschalk fréier total gefeiert hunn an hautfeieren, dass hien Äddi sot?
Show more...
1 year ago
57 minutes

Croque-monsieur
#20 Fënns du dat sexy?
We are back mat enger Episod voller Entweder/Oder Froen, bei deene vu Schockelasrullen a Sacher Torte, iwwer Mécken a Krawatten, bis bei Tinder an Hochzäiten, alles dobäi ass. Wéi ass et bei iech, sot dir Moie wann dir an e Wartesall kommt oder duerch de Bësch gitt? Hänkt dir Chrëschtdags Luuchten op, déi wéi verréckt blénken? A wat ass äre Liblings-Léift-Emoji?
Show more...
1 year ago
51 minutes

Croque-monsieur
#19 Opgepasst, fiicht!
D'Thema Uebst a Geméis léisst d'Jil an de Gil einfach net lass... Ma 52 Deeg virun Hellegowend hunn déi zwee dann och Tipps fir iech parat, wéi dir mam Dilemma, jidderengem aus der Famill e super Kaddo ze maachen, ëmgoe kënnt🎁 No dëser Ausso sidd dir entweder am Team "wat gelift, an 52 Deeg ass scho Chrëschtdag an ech hunn nach kee Kaddo an nach net dekoréiert - et gëtt héich Zäit!!" - oder dir denkt iech "Mooooment - elo scho Chrëschtdag beschwätzen?!" Dat denkt d'Jil sech zum Beispill, ma de Gil seet dozou ganz kloer: Et ass ni ze fréi! Wou déi zwee sech op alle Fall eens sinn: Lametta ass ellen, Lametta brennt, Lametta ass schäiss!
Show more...
2 years ago
45 minutes

Croque-monsieur
#18 Kornischong & Gurjett
D'Liewe vu Student*innen ass voller Beobachtunge, Rätselen a Froen: Wisou broden ze vill Mënschen hir Ënne falsch un? Wéi heescht dat laangt gréngt Geméis, dat ee kal ësst? Wéini kënne mir Mënschen eis endlech op Hawaii beamen? Fuere Camionschauffer léiwer Camion oder Auto? An iwwerhaapt, wéi gendert ee "Chauffer" an "Zucchini" richteg? Léif Croque*etten, all dat diskutéiere mir an der 18. Episod vum Croque-monsieur*madame🥪🎙
Show more...
2 years ago
54 minutes

Croque-monsieur
#17 Mucho Kacke
Normalerweisgéinge mir elo ënner Famill a Frënn hëtzeg driwwer diskutéieren, wéi waarm etass fir dës Joreszäit oder eis driwwer opreegen, dass et - wéi all Joer - ELOSCHO Boxemännercher ginn🤬 Duerch déi bevirstoend Walen ass awerAusnamezoustand zu Lëtzebuerg an domat och op Familljeniessen👀 Iwwer wat een sech awer ëmmer opreege kann ass d'DeutscheBand *ehm* d'Deutsche Bahn...🙄 Och am Médico assalles, wuertwiertlech, beim Alen⚖
Show more...
2 years ago
47 minutes

Croque-monsieur
#16 Ophalen de Mond ze halen
E gudde Service verkaf oder gutt fir domm verkaf?🤪 Wien a sengem Beruffsliewen mat Mënschen interagéiere muss, dee kennt d'Konfrontatioun mat Arroganz, Frechheet oder Mangel un Intelligenz🥸 Als Client huet een et awer och net ëmmer einfach: D'Jil huet all puer Méint Angscht ouni Aperhoer aus dem Salon ze goen an de Gil huet Schwieregkeeten bei der Massage ze entspanen ouni d'Brëtsch voll ze sabbelen... Nodeems déi zwee sech konnten auskatzen, hu si nach eng Fro un iech, léif Croquen: Gëtt et eppes an ärem Liewen, dat dir bereit?🤔
Show more...
2 years ago
43 minutes

Croque-monsieur
Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.