Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.
An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'erhalen, och wann de Rhythmus haart ass.
An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.
An dëser Episode schwätze mir, iwwer d’Roll vun der mentaler Gesondheet am Sport. Zumols d' Maggy deelt seng eege Erfahrungen, wéi hat mat senger Verletzungen ëmgaange ass a wéi wichteg et ass, net nëmmen de Kierper, mee och de Kapp ze stäerken.
Mir diskutéieren, wéi mental Coaching hëllefe kann, erëm Vertrauen ze fannen, a wéi vill d'Ënnerstëtzung vum Team an der Famill bedeit. Zousätzlech schwätze mir driwwer, wéi mir Strategien entwéckelen, fir Stress a mentalen Drock ze meeschteren – an d’Wichtegkeet vum oppene Dialog, fir sech net eleng ze fillen.
An dëser Episode schwätze mir iwwert eis Preseason: wéi mir eis agelieft hunn, mat wat fir klengen a grousse Problemer mir konfrontéiert waren – vum Auto deen nach net prett war bis bei Saachen déi am Appartement gefeelt hunn. Donieft huele mir och d’Ännerungen an der FLBB ënnert d’Lupp, dorënner de wichtegen Trainerwiessel bei den Dammen.
Lauschter eran fir eis Insights a fir en éierleche Bléck hannert d’Kulissen vun der Fraenekipp!
An eisem Gespréich erzielen mir, wéi mir eis dëse Summer fit gehalen hunn – bal all Dag an der Hal, bal keng richteg Paus, ëmmer um Ball bliwwen. Mir schwätzen doriwwer, wéi eng Ziler mir eis gesat hunn a wéi et elo erëm zréck an de Veräin geet. Donieft erënnere mir eis un d’Zäit, wou mir zesummen zu Saarlouis gespillt hunn – mat villen witzegen Momenter. A mir schwätzen och iwwer d’Erfarunge mam Coach am leschte Joer, wou mir net an der selwechter Equipe waren, mee alleng an eisem Veräin – wéi en drop reagéiert, wann am Training gelacht gëtt, an datt et heiansdo bal e bëssen ze seriö gëtt… mee mir fannen ëmmer eng Manéier, fir Humor an d’Spill ze bréngen.
An dësem Episod hu mir mol serieux geschwat:
Wéi steet et ëm de Basket zu Lëtzebuerg?
Mir kucken op d’Entwécklung (oder de Manktem dovunner), schwätzen iwwert d’Struktur am Sport, d’Roll vu Vereiner – mee och iwwer eng Thema déi dacks ënner de Teppech gekéiert gëtt:
Wéi gesäit et mat der Mentalitéit an der Astellung vun de jonke Spillerinnen aus?
An der éischter Episode stelle mir eis vir - Dir kritt en Abléck an eist sportlech Liewen, wéi mir iwwerhaapt op d’Iddi komm sinn, zesummen e Podcast ze starten, a wat dir an de nächsten Episode kënnt erwaarden.
Ob Dir selwer am Basket sidd oder einfach gäre méi hannert d’Kulisse vu passionéierte Sportler kuckt – dëst ass den Ufank vun eiser Rees.