Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
News
Sports
TV & Film
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts115/v4/88/d7/a8/88d7a8c7-64c7-3576-2114-33f3f4b20049/mza_1456301842254313851.jpg/600x600bb.jpg
Am Bistro mat der woxx
woxx
66 episodes
6 days ago
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Show more...
News
RSS
All content for Am Bistro mat der woxx is the property of woxx and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Show more...
News
Episodes (20/66)
Am Bistro mat der woxx
Vum Kyoto-Protokoll bis COP30
Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D’Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d’Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d’Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund? The post Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 week ago
20 minutes 18 seconds

Am Bistro mat der woxx
D’Robotaxi-Illusioun
Episod 358 – D’Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d’Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion ​ The post D’Robotaxi-Illusioun first appeared on Radio ARA.
Show more...
2 weeks ago
19 minutes 28 seconds

Am Bistro mat der woxx
Iwwert Suizid schwätzen léieren
Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D’Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D’Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.
Show more...
3 weeks ago
19 minutes 41 seconds

Am Bistro mat der woxx
D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter
D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zum Deel e bësse konfus sinn, an doriwwer wisou d‘Doktesch– an Zänndokteschassociatioun d‘Konventioun mat der CNS wëll kënnegen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Deux ans de sursis pour la caisse de maladie The post D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 month ago
16 minutes

Am Bistro mat der woxx
Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt
Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d’Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise   The post Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 month ago
17 minutes 58 seconds

Am Bistro mat der woxx
Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat
Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzebuerger Arméi amgaangen ass, sech ze veränneren. Dat ass een Ausdrock vun enger méi grousser Militariséierung, déi een och zu Lëtzebuerg spiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Recrutement militaire : La musique qui marche au pas…The post Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 month ago
11 minutes 25 seconds

Am Bistro mat der woxx
Lipödem: Beine wie Blei
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d’Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d’Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d’Keesen ab 2026 d’Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d’Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d’Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie BleiThe post Lipödem: Beine wie Blei first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 month ago
18 minutes 11 seconds

Am Bistro mat der woxx
Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d’Industrie an d’Logistik. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d’Pläng sinn, wat d’Bedeitung vum Projet fir d’national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen HerstellungThe post Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave first appeared on Radio ARA.
Show more...
1 month ago
10 minutes 16 seconds

Am Bistro mat der woxx
Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam
Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d‘Hygiène schlecht an d‘Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerdent a wisou dës Zoustänn ee Symptom fir ee gréissere Problem zu Lëtzebuerg sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Mut in der NotThe post Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam first appeared on Radio ARA.
Show more...
2 months ago
12 minutes 14 seconds

Am Bistro mat der woxx
Wirtschaftlech Interessen a Protester – D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid
Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech Verflechtungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika wärend der Zäit vun der Apartheid. Et gouf awer net just eng Fluchlinn a vill Relatioune mat der Finanzplaz, mä och Protest do dogéint. D’woxx-Matgrënnerin an Historikerin Renée Wagener erkläert am Podcast d’Detailer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Geschäft mit der Apartheid: Ein schwerer AbschiedThe post Wirtschaftlech Interessen a Protester – D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid first appeared on Radio ARA.
Show more...
2 months ago
15 minutes 32 seconds

Am Bistro mat der woxx
D’Enn vu Windows 10: Wat elo?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d’Konsequenzen vum Support-Enn, d’Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by MicrosoftThe post D’Enn vu Windows 10: Wat elo? first appeared on Radio ARA.
Show more...
2 months ago
21 minutes 36 seconds

Am Bistro mat der woxx
Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d’„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d’Geschicht vum Site – an d’Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn.  Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen  The post Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang first appeared on Radio ARA.
Show more...
2 months ago
17 minutes 36 seconds

Am Bistro mat der woxx
Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon
Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.   Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, direction Arlon, où un collectif citoyen tente de sauver un champ cultivé en bio, menacé par un projet de complexe sportif. Entre spéculation foncière, pression immobilière venue du Luxembourg et résistances locales, cette histoire raconte bien plus qu’un conflit d’aménagement : elle met en lumière les tensions entre modèle agricole durable et développement urbain. L’article dont nous avons parlé : Agriculture biologique et urbanisation : Résistance préventive à ArlonThe post Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon first appeared on Radio ARA.
Show more...
3 months ago
13 minutes 18 seconds

Am Bistro mat der woxx
PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D’PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d’Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert eran! Déi véier Artikelen, iwwer déi mir geschwat hunn:– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (2/4): Unsichtbare Herkunft – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (3/4): Drum prüfe, was sich ewig hält – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (4/4): Kampf gegen PFAS-Windmühlen Den éischten Deel vum Podcast zum Thema:Am Bistro mat der woxx #343 – Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?The post PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen first appeared on Radio ARA.
Show more...
3 months ago
22 minutes 54 seconds

Am Bistro mat der woxx
Wat heescht d’Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg?
De leschte Mëttwoch huet den Internationale Geriichtshaf (IGH) zu Den Haag een historescht Gutachte verëffentlecht. Et geet dobäi ëm d‘Verantwortung zum Klimaschutz vun alle Staaten, an ëm d‘Fro, ob Schuedenersatzfuerderunge méiglech sinn. A béide Froe war d‘Äntwert vum IGH jo. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi dëst Urteel bewäert gëtt a wat et fir Lëtzebuerg heesche kéint. Kommen elo och Klimakloen op de Grand–Duché duer, a wisou huet Lëtzebuerg eng historesch Verantwortung, wat d‘CO2–Emissiounen ugeet? Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pflicht zum Klimaschutz The post Wat heescht d’Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
Show more...
3 months ago
9 minutes 36 seconds

Am Bistro mat der woxx
Was ist toxische Männlichkeit?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D’Melanie Czarnik ass der Fro nogaangen, wéi sech toxesch Männlechkeet zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht – a wien dru schafft, dës Rollenbiller ze duerchbriechen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchale Männlichkeit: jung, männlich, toxisch?The post Was ist toxische Männlichkeit? first appeared on Radio ARA.
Show more...
4 months ago
18 minutes 7 seconds

Am Bistro mat der woxx
Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?
Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou d‘PFASen iwwerall virkommen. Wéi geféierlech ass dat? Wéi si mir bei der Recherche virgaangen? Wouriwwer wäerte mir an deenen nächsten Deeler schwätzen? Dat alles gitt dir an dëser Podcastepisod gewuer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewigThe post Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
Show more...
4 months ago
19 minutes 44 seconds

Am Bistro mat der woxx
Psychische Gesundheit und LGBTQIA+
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d’Liewensqualitéit, op d’Sécherheetsgefill, op d’Gesondheet. D’Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d’Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische GesundheitThe post Psychische Gesundheit und LGBTQIA+ first appeared on Radio ARA.
Show more...
4 months ago
19 minutes 54 seconds

Am Bistro mat der woxx
Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn?
„Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D’Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron Sparks“ ukucken, deen dat zu Esch op enger neier Plaz ëmsetzt. Nieft deene praktesche Saache ginn et awer och an der Virgoensweis vill Saachen, déi ee beuechte muss, fir eng Atmosphär ze schafen, an där jiddereen*t wëllkomm ass. Wéi dat geet, beschwätze mir an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Inklusion im Sport: Design für alleThe post Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn? first appeared on Radio ARA.
Show more...
4 months ago
19 minutes 59 seconds

Am Bistro mat der woxx
Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet (Zug) Dokumente freizugeben, die eigentlich für die Öffentlichkeit bestimmt waren. Vor kurzem wurde das endgültige Urteil gesprochen.Joël Adami hat den Fall von Anfang an begleitet und ordnet ein, was dieses Urteil bedeutet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur TransparenzThe post Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz first appeared on Radio ARA.
Show more...
5 months ago
20 minutes 45 seconds

Am Bistro mat der woxx
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.