Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
News
Sports
TV & Film
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Podjoint Logo
US
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/b8/cb/00/b8cb00ba-963e-f52d-18e7-07920f8e5bc3/mza_4313554703127976472.png/600x600bb.jpg
One Planet, 20 Futures
CSDD Nohaltegkeetsrot
21 episodes
8 months ago
De Nohaltegkeetsrot präsentéiert "One Planet, 20 Futures" - de Podcast, deen eis all soll hëllefen ze verstoe wéi Lëtzebuerg wierklech nohalteg ka si fir dass eise Planéit fir eis alleguer duer geet. 20 Joër Nohaltegkeetsrot = 20 Episode fir iech! Mir diskutéieren hei d'Zukunftsvisioune vun 20 spannende Leit, déi sech all fir eng besser Zukunft zu Lëtzebuerg asetzen. Wéi et sech fir ee Lëtzebuerger Podcast gehéiert, sinn Episoden op Englesch, Franséisch an Däitsch dobäi. Den CSDD (Conseil Supérieur pour un Développement Durable) ass ee Berodungsinstrument fir d'Regierung an een Think Tank fir Nohaltegekeet zu Lëtzebuerg. Säit 2004 setzt en sech a fir eng Politik déi d'Ökonomie matt sozialer Gerechtegkeet an der Suerg fir d'Ëmwelt a Verbindung setzt. Followt eis op LinkedIn, Instagram, YouTube a Facebook (@CSDD_Nohaltegkeetsrot & @oneplanet_20futures) Credits: Host: Cédric Reichel Film & Montage: Sébastien Eggen & Guy Eggen Coordination Générale: Nathalie Schroeder Graphik Design: Lisa Dabe & Maxime Perriet Musek: Gast Waltzing D'Fro vum Nohaltegkeetsrot: Christina Mayer, Georges Bock, Norry Schneider & Rachel Reckinger Une Production du CSDD - Nohaltegkeetsrot @copyright 2024
Show more...
Society & Culture
Education,
Government
RSS
All content for One Planet, 20 Futures is the property of CSDD Nohaltegkeetsrot and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Nohaltegkeetsrot präsentéiert "One Planet, 20 Futures" - de Podcast, deen eis all soll hëllefen ze verstoe wéi Lëtzebuerg wierklech nohalteg ka si fir dass eise Planéit fir eis alleguer duer geet. 20 Joër Nohaltegkeetsrot = 20 Episode fir iech! Mir diskutéieren hei d'Zukunftsvisioune vun 20 spannende Leit, déi sech all fir eng besser Zukunft zu Lëtzebuerg asetzen. Wéi et sech fir ee Lëtzebuerger Podcast gehéiert, sinn Episoden op Englesch, Franséisch an Däitsch dobäi. Den CSDD (Conseil Supérieur pour un Développement Durable) ass ee Berodungsinstrument fir d'Regierung an een Think Tank fir Nohaltegekeet zu Lëtzebuerg. Säit 2004 setzt en sech a fir eng Politik déi d'Ökonomie matt sozialer Gerechtegkeet an der Suerg fir d'Ëmwelt a Verbindung setzt. Followt eis op LinkedIn, Instagram, YouTube a Facebook (@CSDD_Nohaltegkeetsrot & @oneplanet_20futures) Credits: Host: Cédric Reichel Film & Montage: Sébastien Eggen & Guy Eggen Coordination Générale: Nathalie Schroeder Graphik Design: Lisa Dabe & Maxime Perriet Musek: Gast Waltzing D'Fro vum Nohaltegkeetsrot: Christina Mayer, Georges Bock, Norry Schneider & Rachel Reckinger Une Production du CSDD - Nohaltegkeetsrot @copyright 2024
Show more...
Society & Culture
Education,
Government
Episodes (20/21)
One Planet, 20 Futures
Zukunft #20 avec Timothée Parrique: "L'économie inspirée par l'escargot"
Ce dernier épisode de « One Planet, 20 Futures » nous ramène vers le tout début, l’anniversaire du CSDD. Dans cet épisode Cédric Reichel parle à Timothée Parrique, économiste chercheur à l’université de Lausanne qui s’intéresse surtout à la décroissance. Dans cet épisode on discute ce qui est la décroissance et de comment on peut repenser notre modèle économique basé principalement sur la croissance. Le fait est que 30 ans de données démontrent qu’aucun pays n’a réussi à découpler sa croissance économique de son empreinte écologique comme prévu par la « croissance verte ». On nécessite donc un nouveau concept. Curieux ? Rendez-vous sur Spotify, Apple Podcasts, et YouTube. N’oubliez pas de nous abonner et d’écouter les épisodes d’avant pour plus d’informations sur les actions luxembourgeoises pour un développement durable.   Plus d’informations : Timothée Parrique sur LinkedIn : https://www.linkedin.com/in/timoth%C3%A9e-parrique-7b593450/ Blog de Timothée Parrique : https://timotheeparrique.com/ Rapport Spécial du Groupe d’experts intergouvernemental sur l’évolution du climat (GIEC) : https://www.ipcc.ch/sr15/ Schutter, Olivier de (2024). Eradicating poverty beyond growth: report of the Special Rapporteur on Extreme Poverty and Human Rights, Olivier de Schutter. https://digitallibrary.un.org/record/4049146?v=pdf   Les rubriques : 11:26 - de kritesche Geescht (l’esprit critique) 19:58 - Top Flop 26:22 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot (la question du CSDD) 33:08 - Fakten, Fakten, Fakten (chiffres clés)
Show more...
8 months ago
45 minutes 12 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #19 mam Jeannot Schroeder: "Eng Ökonomie ouni Offall"
An dëser Episode vun "One Planet, 20 Futures" schwätzt eisen Host de Cédric Reichel, mam Jeannot Schroeder, engem Expert an der Kreeslafwirtschaft. Dem Här Schroeder seng Visioun ass, dass et bis 2050 de Begrëff Offall net méi gëtt. Wéi komme mir dohin a wat ass deen éischte Schrëtt? Ween muss aktiv ginn, fir dass mir eng Circular Economy erreeche kënne? Wat hu Daten domadder ze dinn? Dat a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Dir fannt eis op alle Plattforme wou et Podcaste ginn a kënnt eis op LinkedIn (@CSDD-Nohaltegkeetsrot) an op Instagram (@oneplanet_20futures) follegen.   Méi Informatiounen: ISO Norm 59010 - Circular Economy: https://www.iso.org/standard/80649.html PCDS (Product Circularity Data Sheet): https://pcds.lu/ MuD – Musée Des Déchets : https://themud.eu/ Luxembourg Overshoot Day: https://overshoot.footprintnetwork.org/newsroom/country-overshoot-days/ D’Rubricken: 08:14 - De kritesche Geescht 10:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 14:44 - Fakten, Fakten, Fakten 19:48 - Top Flop  
Show more...
8 months ago
27 minutes 37 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #18 mit Sandra Heck: "Gerechtigkeit im Sport, in der Schule und auf dem Arbeitsmarkt"
In dieser Episode, die ausnahmsweise auf Deutsch aufgezeichnet ist, redet Cédric Reichel mit Frau Dr. Sandra Heck, von der interministeriellen Kommission für Gleichheit zwischen Mann und Frau.Gleiche Rechte für alle? Das bleibt ein Traum für Viele sagt Sandra Heck. Im Sport, sowie in den Schulen und am Arbeitsmarkt - überall gibt es Ungleichheiten di nicht nur Frauen, sondern alle Minoritäten betreffen. Diese Episode erklärt warum Gerechtigkeit nicht nur eine Frage der Zahlen ist, sondern vor allem eine Diskussion und eine Umsetzung von struktureller Veränderung sein muss. Wie können wir eine nachhaltige Gesellschaft aufbauen in der wirklich jeder und jede gleiche Chancen hat?Hör jetzt rein! Sie finden uns auf allen Plattformen wo es Podcasts gibt und auf YouTube. *Mehr Informationen: *- Ministerium für Gleichstellung und Diversität: https://mega.gouvernement.lu/de.html - Ministerium für Sport: https://msp.gouvernement.lu/de.html - INAPS (Institut national de l'activité physique et des sports): https://inaps.public.lu/fr.html - Plan d’Action National pour une égalité entre les femmes et les hommes: https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/07-juillet/Plan-d-action-national-Egalite.pdf *Die Rubricken:*04:45 - Fakten, Fakten, Fakten12:19 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot15:46 - Top Flop17:01 - De kritesche Geescht
Show more...
8 months ago
24 minutes 30 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #17 mam Mike Poiré: "Courage hunn als Gemeng eppes ze änneren"
Wéi eng Roll spille Gemengen an der Nohaltegkeet? An dëser Episod vu One Planet, 20 Futures schwätze de Cédric Reichel, eisen Host, mat enger Persoun, déi net just iwwer Verännerung schwätzen, mee se och ëmsetzt: de Mike Poiré, Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg. Zesummen entdecke mir wéi eng Gemeng als Motor fir ee positive Wandel ka wierken, wat dofir néideg ass a wat dat ganzt matt Gemeinwohlökonomie ze dinn huet. Kann dat de Standard ginn? Eng Episod iwwer Politik, déi net nervt, an Decisiounen, déi net nëmmen um Pabeier gutt kléngen. Lauschtert elo fir eraus ze fannen wéi! Dir fannt eis op alle Plattformen wou et Podcasts ginn. Méi Informatiounen: Gemeinwohlökonomie: https://austria.econgood.org/ d’Matrix vun der Gemeinwohlökonomie: https://austria.econgood.org/gemeinwohlbilanz/ d’Gemeng Mäerzeg: https://www.mertzig.lu/ den M-Team: https://www.m-team.lu/publication D’Rubricken: 15:34 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 20:27 - De kritesche Geescht 25:28 - Fakten, Fakten, Fakten 26:10 - Top Flop  
Show more...
9 months ago
33 minutes 48 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #16 mam Jean-Paul Scheuren: "Zesummen eis Stied entwéckelen"
An dëser Episod schwätzt de Jean-Paul Scheuren, Vize-Präsident vun der Chambre Immobilière, matt eisem Host, dem Cédric Reichel, iwwert déi grouss Erausfuerderunge vum Wunnengsmarché zu Lëtzebuerg. Hie bréngt erfreschend Usäz an d'Diskussioun: Wunnen ass net nëmme Besëtz, et ass e Recht, an et geet net nëmmen ëm Präisser, mee ëm gesellschaftlech Verantwortung. Themen aus der Episod: Wei kënne mir bezuelbare Wunnraum fir jiddereen schafen? Wat ass den Ennerscheed tëschent enger Investissioun an der Occupatioun vun engem Haus? Alternativ Wunnforme wéi Tiny Houses a WGs – d’Zukunft fir Lëtzebuerg? Wat ass d’Roll vun den Développeuren a wéi kënne si Deel vun der Léisung sinn? Lauschtert elo, fir nei Perspektiven ze entdecken a iech an d'Diskussioun anzeschalten. Dir fannt eis op alle Plattforme wou et Podcaste ginn. Méi Informatiounen: D’Chambre Immobilière: https://www.chambre-immobiliere.lu/ Den Jean-Paul Scheuren op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/jean-paul-scheuren-7295504b/ Logement abordable: https://fondsdulogement.lu/fr/je-cherche-louer/louer-un-logement-abordable D’Rubricken: 4:49 - Fakten, Fakten, Fakten 10:46 - De kritesche Geescht 16:01 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 20:32 - Top Flop
Show more...
9 months ago
32 minutes 36 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #15 mam Laura Zuccoli: "Demokratie fir Jiddereen"
An dëser Episod vun One Planet, 20 Futures schwätzt de Cédric Reichel mam Laura Zuccoli, fréier Präsidentin vun der ASTI - Association de Soutient aux Travailleurs Immigrés, iwwert Demokratie zu Lëtzebuerg. De Fokus läit op der Fro, wéi eng inklusiv Gesellschaft ausgesinn kéint, déi sech op glaich Rechter, Multikulturalitéit an Zesummenhalt opbaut. Mat Theemen wéi Wahlrecht, Integratioun, a Biergerpartizipatioun, kucke mir, wéi mir d’Zukunft demokratesch a fair fir Auslänner, Frontaliers a Lëtzebuerger kënne gestalten. Lauschter elo a fannt eraus, firwat mir zu Lëtzebuerg politesche Courage brauchen! Du fënns eis iwwerall do wou et Podcaste ginn. Méi Informatiounen: ASTI: https://www.asti.lu/ D'Laura Zuccoli op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/laura-zuccoli-b7a883158/ Fann Deng Gemeng op Hoplr: https://www.hoplr.com/ De Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.lu/en/ Zentrum fir Politesch Bildung:https://zpb.lu/ D’Rubricken: 05:52 - De kritesche Geescht 09:47 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 15:05 - Top Flop
Show more...
9 months ago
30 minutes 35 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #14 mam Georges Bock: "Eng erfollegräich nohalteg Ökonomie"
Wéi kënne mir eise Steiersystem fir eng méi nohalteg Zukunft transforméieren? De Georges Bock, Finanzexpert a Grënner vu Moniflo, diskutéiert seng Visioun fir eng Steierreform, déi Ressourcenverbrauch an Emissiounen besteiert, an net nëmmen d’Aarbecht. Hien erkläert, wéi gréng Investissementer an digital Technologien eis Wirtschaft kënnen transforméieren, a wisou "green goes digital" méi wéi e Slogan ass. Dir wäert iwwerrascht sinn: Ass eng nohalteg Wirtschaft vläicht méi rentabel wéi eng traditionell? Lauschtert dës Episode elo op alle Plattformen an abonnéiert eis op Instagram (@oneplanet_20futures) an op LinkedIn (@csdd_nohlategkeetsrot).   Méi Informatiounen: Moniflo: https://en.moniflo.com/ Tax Shift by CSDD: https://csdd.public.lu/content/dam/csdd/fr/actualites/2023/07/the-taxshift-etude-de-cas-luxembourg-rsum-excutif-fr.pdf ESMA Studie: Säit 24, https://www.esma.europa.eu/sites/default/files/2025-01/ESMA50-524821-3525_ESMA_Market_Report_-_Costs_and_Performance_of_EU_Retail_Investment_Products.pdf  Georges Bock op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/georgesbock/   D'Rubricken: 06:00 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 12:15 - Top Flop 14:44 - Fakten, Fakten, Fakten 24:45 - De kritesche Geescht
Show more...
9 months ago
33 minutes 2 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #13 mam Anouk Hilger: "Eng schnell Energietransitioun"
An dëser Episod schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel matt der Responsable fir Erneierbar Energien bäi Enovos, Dr. Anouk Hilger, iwwer d’Energietransitioun a wéi mir eis Energieproduktioun méi nohalteg kënne gestalten. Theme wéi Photovoltaik, Wandkraaft a Sobriéteit ginn diskutéiert, mee och Froe wéi: Wéi kënne mir déi néideg gesellschaftlech Ënnerstëtzung fir d’Energietransitioun kréien? Wat sinn déi grouss Barrièren zu Lëtzebuerg? Wéi kënne mir administrativ Prozesser beschleunegen? Dir wäert erstaunt sinn ze héieren, wéi séier d’Technologie fortgeschratt ass a wéi vill mir hei zu Lëtzebuerg nach kënne maachen! Lauschtert eis elo op alle Plattforme wou et Podcasts ginn a followt eis op Instagram @oneplanet_20futures an op LinkedIn @CSDD – Nohaltegkeetsrot! Méi Informatiounen: Plan National intégré en matière d'Energie et de Climat (PNEC): https://environnement.public.lu/ Enovos: https://www.enovos.lu/en/ D'Anouk Hilger op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/anouk-hilger D’Rubricken: 06:49 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 13:05 - Top Flop 15:56 - De kritesche Geescht 18:01 - Fakten, Fakten, Fakten
Show more...
9 months ago
30 minutes 59 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #12 mam Philippe Turk: "Zeréck an d'Natur"
An der leschter Episode One Planet, 20 Futures fir 2024 schwätzt den Dr. Philippe Turk, Präsident vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois, iwwert seng Visioun vun enger gesonder Gesellschaft – net nëmmen engem funktionéierende Gesondheetssystem. Zesumme mam Cédric Reichel, eisem Host, diskutéiren si iwwert Präventioun am Plaatz vun der Kuratioun an iwwert d’Roll vun der Bildung an enger sozialer Verantwortung fir d’Gesondheet vun der Gesellschaft ze verbesseren. Wosst Dir zum Beispill dass 70% vun de Krankheeten vermeidbar sinn? Lauschtert eran wann dir rausfanne wëllt wéi dat ka wouer sinn! Dir fannt eis op Spotify, ApplePodcasts, Deezer an Youtube. Followt eis op Instagram @oneplanet_20futures an op LinkedIn @CSDD – Nohaltegkeetsrot! Méi Informatiounen: Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois: https://fhlux.lu/web/ World Health Organization : https://www.who.int/ Fakten iwwert chronesch Krankheeten: https://www.who.int/news-room/fact-sheets/detail/the-top-10-causes-of-death Rubricken: 04:13 - Top Flop 15:05 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 19:18 - Fakten, Fakten, Fakten 23:39 - De kritesche Geescht
Show more...
10 months ago
28 minutes 58 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #11 mam Alexandra Oxacelay: "Eng räich Gesellschaft"
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel mam Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stemm vun der Strooss iwwert sozial Gerechtegkeet an Aarmut zu Lëtzebuerg. Wat heescht et aarm ze sinn an engem vun de räichste Länner vun der Welt? Kënne mir eng nohalteg Gesellschaft hunn, wann 1 vu 5 vun Aarmut betraff ass? Wat fir eng Zukunft hunn aarm Leit zu Lëtzebuerg? Wéi kënne mir zesummen eppes verbesseren? All dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert a followt eis iwwerall do wou et Podcaste ginn. #Spotify #YouTube #Applepodcasts #Deezer   Méi Informatiounen: Stëmm vun der Stroos: https://stemm.lu/en/about-us Dir kënnt si hei ennerstëtzen: https://stemm.lu/en/support-us De Caddy: https://stemm.lu/en/services/stemm-caddy Revenu d’inclusion sociale (REVIS): https://fns.public.lu/fr/revis.html   Rubricken: 10:59 - Fakten, Fakten, Fakten 13:08 - Top Flop 18:50 - De kritesche Geescht 23:01 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
Show more...
10 months ago
32 minutes 54 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #10 mam Gilbert Pregno: "Matt Jonke schwätzen"
“D’Zukunft ass net méi dat wat se mol war” seet de Gilbert Pregno, Psycholog a systemeschen Psychotherapeut, fréiere Präsident vun der Mënscherechtskommissioun. Wat heen domat mengt, ass dass et fréier ee „festgeluechte“ Wee gouf, deen d’Leit gaange sinn an deen huet Sécherheet, Stabilitéit an fir Hoffnung gesuergt. Haut des Daags, an Zäite vun enger Klimakrise, enger weltwäiter Pandemie wéi mer se haaten a Kricher déi sech konstant intensivéiren ass dat net méi méiglech. Wat ass d’Zukunft fir déi Jonk dann? Dat ass d’Fro déi de Cédric Reichel, eisen Host, zesumme mam Gilbert Pregno an dëser Episode diskutéiert. Wéi kenne mir als Gesellschaft de Jonken Hoffnung ginn, hire Courage amplifiéieren an si ënnerstëtzen? Wéi können mer, di „Aal“ vun hiirer Begeschterung, Intelligenz an Engagement profitéieren a vun hinnen léieren. Et ass eng spannend Episode matt ganz ville Facetten, mee och schwieregen Themen, déi Gefiller vun der Machtlosegkeet an Hoffnungslosegkeet opkomme kënne loossen. Wann iech, di Jonk, dat betrëfft, da fannt Dir hei Hëllef: https://www.kjt.lu/fr/1-1-6-1-1-1/ oder rufft um 116 111 un. Lauschtert eis Episode op ärer Lieblingsplattform an abonnéiert “One Planet, 20 Futures”!   Méi Informatiounen: Mënscherechtskomissioun (Commissioun Consultative des Droits de l’Homme - CCDH): https://ccdh.public.lu/fr.html/ Kanner- a Jugendtelefon: https://www.kjt.lu/de/wer-wir-sind/ Semaines de la Santé Mentale 2024: https://www.semainesantementale.lu/   Podcast Recommendation: Lët’z Inform vun Jugendinfo.lu   Rubricken: 12:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 16:49 - De kritesche Geescht 19:21 - Top Flop 24:03 - Fakten, Fakten, Fakten
Show more...
10 months ago
30 minutes 48 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #9 mam Serge Allegrezza: "Eng gréng an inklusiv Ekonomie"
„Mir mussen anescht wuessen“ seet den Dr. Serge Allegrezza, fréieren Direkter vum STATEC wärend 20 Joer. An dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gëtt iwwert d’Méiglechkeeten an d’Erausfuerderunge vun enger grénger a sozial-inklusiver Ekonomie diskutéiert. Wat ass d’Roll vun der Technologie am Kampf géint de Klimawandel? Wéi kënne mir nohalteg wuessen? Wat huet de Revenu national matt eisem Wuelstand ze dinn? Dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Abonnéiert eis op ärer Liblings-Plattform a followt eis op Instagram @oneplanet-20futures a LinkedIn @csdd_nohaltegkeetsrot.   Méi Informatiounen: STATEC website: https://statistiques.public.lu/fr.html PIBien-être : https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/stn11.html One Planet, 20 Futures – Futur #4 avec Jean-Baptiste Nivet sur le système des pensions au Luxembourg One Planet, 20 Futures – Future #2 with Francesco Sarracino on well-being economy   D’Rubricken: 08:10 - Fakten, Fakten, Fakten 10:28 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 13:34 - Top Flop 17:49 - De kritesche Geescht
Show more...
11 months ago
24 minutes 41 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #8 mam Julie Schadeck: "Accès op Natur fir jidfereen"
An dëser Episode schwätzt eisen Host, Cédric Reichel, mam Julie Schadeck, General Manager vun der UNature (fréier Université dans la Nature). No enger laanger Zäit an Amerika, ass d’Julie säit dräi Joer zréck zu Lëtzebuerg a setzt sech dofir an d’Mënschen erëm matt der Natur ze verbannen. Et fänkt schonn domat un dass ee versteet wat Natur ass. Wat sinn d’Virdeeler vun enger déiwer Verbindung matt der Natur? Wéi kenne mir verbonne matt der Natur sinn, ouni als “Esoteriker” bezeechent ze ginn? All dëst a méi gidd Dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert eis op Spotify, Apple Podcasts, Deezer oder YouTube! Mei Informatiounen: UNature Website - org The Crying Indian (1970) - https://www.youtube.com/watch?v=j7OHG7tHrNM Whitburn, J., Linklater, W., & Abrahamse, W. (2019): Meta-analysis of human connection to nature and proenvironmental behaviour. Conversation Biology, 34(1), 180-193. https://conbio.onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1111/cobi.13381 Twohig-Bennett, C., & Jones, A. (2018). The health benefits of the great outdoors: A systematic review and meta-analysis of greenspace exposure and health outcomes. Environmental research, 166, 628–637. https://doi.org/10.1016/j.envres.2018.06.030 Rubricken: 06:21 - Top Flop 11:40 - Fakten, Fakten, Fakten 15:12 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 21:53 - De kritesche Geescht
Show more...
11 months ago
28 minutes 11 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #7 mam Stefan Maas: "Dekarboniséirung elo!"
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Dr. Stefan Maas, Professer op der Universitéit Lëtzebuerg fir Ugewante Mechanik an Energie Effizienz. Et geet em d’Komplexitéit vum Energieverbrauch, d’Zukunft vum Bauwiesen a wéi mir eis Ziler kënnen erreechen – mat Gréngem Denken a pragmateschen Iddien. Sollen nei Gebaier gebaut ginn, déi manner Energie brauchen, oder sollen al Haiser renovéiert gi fir d’Matière première kennen ze halen? Wéi kënne mir Energie effizient späicheren? Firwat solle mir zu Lëtzebuerg eng CO2 Steier aféieren? All dat a méi gitt dir an dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gewuer! Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts an Deezer! Méi Informatiounen: Mauna Loa Kurve: https://gml.noaa.gov/ccgg/trends/graph.html Ecological Footprint Calculator: https://www.footprintcalculator.org/home/en CO2 Steier an der Schweiz: https://www.bafu.admin.ch/bafu/de/home/themen/klima/fachinformationen/verminderungsmassnahmen/co2-abgabe.html Master an der Nohaltegkeet op der Uni.lu: https://www.uni.lu/fstm-en/study-programs/master-en-developpement-durable-energie-et-environnement/ D’Rubricken: 07:16 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 10:30 - De kritesche Geescht 17:50 - Fakten, Fakten, Fakten 20:13 - Top Flop
Show more...
11 months ago
25 minutes 36 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #6 mam Claude Origer: "Eng ganzheetlech Schoul"
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Claude Origer, engem passionéierte Geographiesprof aus dem Athénée, iwwert de Schoulsystem. De Schoulsystem ass ee fundamentalen Deel vun eiser Gesellschaft a soll d’Komplexitéiten an d’Themen dovuner spigelen. Dofir ass et an Zäiten vun Klimawandel, ChatGPT an Krischer wichteg dass Kompetenzen wéi Kritescht Denken, Methodescht Léiren an Zesummenhäng erkennen an der Schould vermëttelt ginn. Wéi kënne mir dat ëmsetzen? Wéi gesäit d’Schoul vun der Zukunft aus? Wat ass d’Roll vum Prof an der Zukunft? All dat a vill méi gidd dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert eis op YouTube, YouTube Music, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer! Méi Informatiounen: site Bildung fir Nohalteg Entwécklung (BNE): https://bne.lu/ Sektioun R: https://men.public.lu/fr/esc-section-r.html Blue Marble, 1972: https://science.nasa.gov/resource/the-blue-marble/ Rubricken: 12:31 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot 15:44 - De kritesche Geescht 23:28 - Top Flop 24:42 - Fakten, Fakten, Fakten
Show more...
11 months ago
30 minutes 44 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #5 mam Stéphanie Zimmer: “Zesummen eng Visioun entwéckelen fir eng nohalteg Landwirtschaft”
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, matt der Dr. Stéphanie Zimmer iwwert Landwirtschaft, Ernärung a Biodiversitéit. D’Stéphanie ass Directrice vum IBLA (Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrökologie Luxemburg) an ass bekannt fir d’Leguminosen (also d’Hülsenfrüchte) op Lëtzebuerg bruecht ze hunn. Wat kënne mir zu Lëtzebuerg fir eng nohalteg Landwirtschaft maachen? Wat sinn d’Hoffnunge fir d’Zukunft a wat ass d’Situatioun am Moment? Wéi kënne mir zu Lëtzebuerg Ernärungssecherheet garantéiren a gläichzäiteg Zäregaser ofbauen, a Biodiversitéit opbauen? Wat fir eng Roll spille Bio Labels a Bio-Baueren an dem Szenario? All dat gitt dir an dëser Episode gewuer. Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer! Méi Informatiounen: IBLA Website: https://ibla.lu/en/ibla/ Vision 2050: https://ibla.lu/ibla/#4370 Weltacker: https://www.2000m2.eu/de/ Antigaspi.lu: https://antigaspi.lu/ EU Bio Label: https://agriculture.ec.europa.eu/farming/organic-farming/organic-logo_en D’Rubricken: 06:34 - Fakten, Fakten, Fakten 10:43 - Top Flop 19:40 - D’Fro vun der Nohaltegkeet 22:19 - De kritesche Geescht
Show more...
12 months ago
29 minutes 51 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #4 avec Jean-Baptiste Nivet: "Dialogue constructif entre générations"
Pour cet épisode, notre host Cédric Reichel a invité Jean-Baptiste Nivet pour parler du système de pension luxembourgeois. Jean-Baptiste Nivet est économiste senior chez IDEA – un think tank qui a été créé à l’initiative de la Chambre de Commerce en 2014 et qui a pour ambition de penser un avenir durable au Luxembourg. Dans cet épisode, on explore donc l'avenir du système de pension au Luxembourg, en abordant : sa vision pour le futur des pensions face au vieillissement de la population l'adaptation permanente du système et les réformes nécessaires les inégalités dans les pensions et les efforts pour les réduire la flexibilité nécessaire pour s'adapter aux parcours professionnels atypiques son chiffre clé : 7 sur 10, représentant le nombre de pensionnés par rapport aux personnes actives qui cotisent en 2050   Rubriques : 18:19 - D'Fro vum Nohaltegkeetsrot 22:11 - De Kritesche Geescht 25:56 - Fakten, Fakten, Fakten 28:24 - Top Flop   Informations complémentaires : IDEA: https://www.fondation-idea.lu/quisommesnous/ Blog post sur la pauvreté des seniors : https://www.fondation-idea.lu/2024/10/17/pauvrete-des-seniors-une-composante-du-debat/ Réforme des pensions de 2012: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/articles/2012/02-fevrier/02-di-bartolomeo.html
Show more...
1 year ago
37 minutes 13 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #3 mam Magali Paulus: "Eng gerecht Welt fir Jiddereen*t"
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Magali Paulus iwwert Biergerbedeelegung. D’Magali Paulus ass geléierten Ethnologin, schafft beim CELL als Coordinatrice vun der Assemblée Climatique et Transition Démocratique an ass passionéiert Aktivistin. Zesummen diskutéire mir iwwert Froen ewéi: Funktionéiert eis Demokratie? Ween däerf zu Lëtzebuerg wielen? Firwat maachen d’Leit (net) matt? Waat sinn déi eischt Schrëtt déi een als Bierger maache kann? All dat, an nach vill méi fannt Dir an dëser Episode raus! Méi Informatiounen: de Klima Biergerrot: https://gouvernement.lu/fr/publications/rapport-etude-analyse/klima-biergerrot.html/ (rapport final en FR) Plan National intégré en matière d’Energie et de Climat (PNEC): https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/pnec-juillet-2024.html CELL: https://www.cell.lu/   D’Rubricken: 5:11 - d’Fro vum Nohaltegkeetsrot 11:06 - de kritesche Geescht 15:06 - Top Flop 15:56 - Fakten, Fakten, Fakten
Show more...
1 year ago
25 minutes 26 seconds

One Planet, 20 Futures
Zukunft #2 with Francesco Sarracino: "We need collective action to achieve sustainability goals"
In this second episode, our host, Cédric Reichel, talks to Francesco Sarracino about well-being and its link to sustainability and economic growth. Francesco is a senior happiness economist at STATEC, member of the World Well-being Panel, and of the board of directors of the International Society for Quality of Life Studies (ISQOLS). As such, we talk about why people in Luxembourg are not as happy as they could be and how we can change that.  We touch on topics such as the  - booming loneliness industry,  - defensive growth and  - the virtuous cycle of neo-humanism. If these words sound intriguing to you, give this episode a shot! Listen to us on Spotify, Apple Podcasts, or on YouTube!More information: - World Well-being Panel: https://wellbeing.research.mcgill.ca/wwp/   - ISQOLS: https://www.linkedin.com/company/isqols/     - Research: Research: Easterlin, R.A., O’Connor, K.J. (2022). The Easterlin Paradox. In: Zimmermann, K.F. (eds) Handbook of Labor, Human Resources and Population Economics. Springer, Cham. https://doi.org/10.1007/978-3-319-57365-6_184-2     The categories: 04:50 - D'Fro vum Nohaltegkeetsrot11:14 - Top Flop14:07 - Fakten, Fakten, Fakten23:19 - De kritesche Geescht
Show more...
1 year ago
31 minutes 35 seconds

One Planet, 20 Futures
Trailer: "One Planet, 20 Futures"
Eisen Host, de Cédric Reichel, présentéiert de fonkelneie Podcast "One Planet, 20 Futures" vum Nohaltegkeetsrot. Hei geet et em d'Zukunftsvisioun vun 20 spannende Leit déi sech matt Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg ausernee setzen. Fir méi Informatiounen, followt eis op LinkedIn: https://www.linkedin.com/company/lcce/
Show more...
1 year ago
2 minutes 5 seconds

One Planet, 20 Futures
De Nohaltegkeetsrot präsentéiert "One Planet, 20 Futures" - de Podcast, deen eis all soll hëllefen ze verstoe wéi Lëtzebuerg wierklech nohalteg ka si fir dass eise Planéit fir eis alleguer duer geet. 20 Joër Nohaltegkeetsrot = 20 Episode fir iech! Mir diskutéieren hei d'Zukunftsvisioune vun 20 spannende Leit, déi sech all fir eng besser Zukunft zu Lëtzebuerg asetzen. Wéi et sech fir ee Lëtzebuerger Podcast gehéiert, sinn Episoden op Englesch, Franséisch an Däitsch dobäi. Den CSDD (Conseil Supérieur pour un Développement Durable) ass ee Berodungsinstrument fir d'Regierung an een Think Tank fir Nohaltegekeet zu Lëtzebuerg. Säit 2004 setzt en sech a fir eng Politik déi d'Ökonomie matt sozialer Gerechtegkeet an der Suerg fir d'Ëmwelt a Verbindung setzt. Followt eis op LinkedIn, Instagram, YouTube a Facebook (@CSDD_Nohaltegkeetsrot & @oneplanet_20futures) Credits: Host: Cédric Reichel Film & Montage: Sébastien Eggen & Guy Eggen Coordination Générale: Nathalie Schroeder Graphik Design: Lisa Dabe & Maxime Perriet Musek: Gast Waltzing D'Fro vum Nohaltegkeetsrot: Christina Mayer, Georges Bock, Norry Schneider & Rachel Reckinger Une Production du CSDD - Nohaltegkeetsrot @copyright 2024