Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/1b/f8/8e/1bf88ef4-33fa-8f54-fe5f-e3c4063caca1/mza_11591355143604615945.jpg/600x600bb.jpg
New Work
Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
22 episodes
1 week ago
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.
Show more...
Careers
Education,
Business,
Courses
RSS
All content for New Work is the property of Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal) and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.
Show more...
Careers
Education,
Business,
Courses
Episodes (20/22)
New Work
New Work #22 - Panorama social 2025
Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen. Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren… Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
Show more...
1 week ago
15 minutes

New Work
New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land. Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
Show more...
1 month ago
21 minutes

New Work
New Work #20 - Wéi de Klimawandel d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
Show more...
2 months ago
20 minutes

New Work
New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête. Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
Show more...
5 months ago
20 minutes

New Work
New Work #18 - Tipps fir däin éischten Job
Egal op Stage, Studentenjob oder éischt Aarbecht – bal all Mënsch lant iergendwann um Aarbechtsmarché. An tëscht all de verschiddene Kontrakter a Konditiounen, kann et am Ufank iwwerfuerderend sinn, den Iwwerbléck ze behalen. Op wat muss ee beim Ënnerschreiwe vun engem Kontrakt, wann ee manner Erfarung huet, oppassen? Wéi a wou informéiert een sech am beschten iwwert déi verschidden Offeren? Wat sinn d'No-Go's bei enger Kandidatur a vu wat oder weem kann een sech hëllefe loossen? D'Chambre des salariés hëlleft den Demandeurs d’emploi, sech virzebereeden an déi néideg Recherchen ze maachen. An dëser Episod deelen de Michel Di Felice an d'Nathalie Moschetti, alle béid Juristen a Conseiller bei der CSL, hir Tipps an Tricks.
Show more...
6 months ago
11 minutes

New Work
New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen
2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op d’Geforen, anerer benotzen et fir alles. Fir de Rob Weil ass kloer, dass mer musse léieren, domadder eens ze ginn, well d'K.I. sou wéi sou do ass. Hien ass Director of Research, Policy, and Field Programs bei der American Federation of Teachers an den USA, Expert fir kënschtlech Intelligenz am Domaine vun der Educatioun a Virreider an der Fuerschung vu K.I.. Am Dezember 2024 war hien op Ufro vun der Chambre des salariés zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz iwwert d’Zukunft vun der Educatioun an den Afloss vun der K.I. op de Schoul-Secteur ze halen. Wäert K.I. eis Jobs ersetzen? Mir hunn dovu profitéiert, fir him eng vun de meescht gestallte Froen zum Sujet ze stellen.
Show more...
8 months ago
21 minutes

New Work
New Work #16 - improof
Wéi kéint eng Ekonomie ausgesinn, déi net nëmme profitabel ass, mee och fair an nohalteg? Dës Fro probéiert d'Chambre des salariés mam Blog improof, eng sougenannte Reflexiounsplattform, ze beäntweren. De Sylvain Hoffmann ass den Direkter vun der Chambre des salariés. Den Nermin Plavsic këmmert sech ëm d'Kommunikatioun bei der CSL. Si hunn eis erkläert, wat improof genau ass, ween do eigentlech schreift a seng Iddien deelt, a wat si kuerz- ma och laangfristeg domat erreeche wëllen.
Show more...
9 months ago
23 minutes

New Work
New Work #15 - Pensiounen
Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun. Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um Niveau vun de Pensiounen als Ekonomist schafft. Si hunn eis erkläert wéi d'Pensioune funktionéieren, wisou den aktuelle System, hirer Meenung no, net ideal ass, a wéi si sech op eng eventuell nei Reform preparéieren.
Show more...
1 year ago
24 minutes

New Work
New Work #14 - Der Aarmut an den Hëllefen dogéint op der Spuer
Wee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en précarité au Luxembourg et le recours aux aides", déi d’Chambre des Salariés zesumme mam LISER a mam STATEC verëffentlecht huet, beäntwert. An ëm genau dës Etüd geet et an dësem Episod. Wéi definéieren d'Chambre des Salariés an de LISER eigentlech Aarmut? Wëssen déi, déi dovu betraff sinn, wat et fir Hëllefe ginn? A froen si se dann och un? Mir hu mam Anne-Catherine Guio a mam Anne Franziskus geschwat, déi zwou Fuerscherinnen, déi sech hannert dëser Recherche verstoppen.
Show more...
1 year ago
25 minutes

New Work
New Work #13 - Frontalieren
All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert? Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an d'Nathalie Moschetti, allen zwee Juristinne bei der Chambre des Salariés, verroden eis alles.
Show more...
1 year ago
20 minutes

New Work
New Work #12 - Studentejobs
D’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op déi een oppasse muss, wann ee säi Kontrakt ënnerschreift? Dësen Episod ass en How-To fir all Student*innen, déi iwwert de Summer respektiv wärend dem Joer berufflech Erfarunge sammelen : Wat ass erlaabt a wourop sollt dir oppassen? D’Jeannine Kohn, Conseillère de Direction bei der Chambre des Salariés, an d’Johanna Lapeira, Juristin bei der CSL, verroden eis all hir Tipps.
Show more...
1 year ago
18 minutes

New Work
New Work #11 - Inegalitéiten
An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et? D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn eis gezielt, wisou d'Gefill vun Ongerechtegkeet beim Erkenne vun enger Inegalitéit esou wichteg ass, wéi Inegalitéite gemooss ginn a wéi d'Chambre des salariés dogéint ukämpft.
Show more...
1 year ago
24 minutes

New Work
New Work #10 - Sozialwalen
2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten "Acquis sociaux", déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen? D'Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin vun der Chambre des Salariés a vum OGBL, a stellt sech nach eng Kéier op. De Sylvain Hoffmann ass zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Episod kucken si zesummen op 100 Joer Geschicht zeréck a ginn e Bléck op dat, wat nach alles muss gemaach ginn.
Show more...
1 year ago
22 minutes

New Work
New Work #9 - Digital Learning
An dësem Episod schwätze mer mam Claude Cardoso, Conseiller de Direction bei der Chambre des Salariés a Responsabel vum Lifelong Learning Center, ma och mam Julie Prunier a mam Thierry Kreins, allen zwee Formateur*in am LLLC, iwwert den Digital Learning. Wat bedeit Digital Learning genau a wat fir Virdeeler bréngen Online Coursë mat sech? Si hunn eis erkläert, wéi si sech adaptéiere missten a wisou dës Formule hinnen haut méi Flexibilitéit gëtt.
Show more...
1 year ago
22 minutes

New Work
New Work #8 - Stagekontrakter a Studentenjobs
An dësem Episod schwätze mer mat der Juristin Joana Soares Lapeira vun der Chambre des Salariés a mam Charel Donven, Vice-President vun der Studentevertriedung ACEL, iwwert de Sujet Stagekontrakt an de Studentenjob. Wéi ass dat am Aarbechtsgesetz gereegelt an op wat solle Studenten a Studentinne virum Ënnerschreiwe besonnesch gutt oppassen?
Show more...
2 years ago
16 minutes

New Work
New Work #7 - Mobbing op der Aarbechtsplaz
An dësem Episod schwätze mer iwwert Harcèlement moral op der Aarbechtsplaz, oder wéi mer och soen, Mobbing. Wat bedeit dat eigentlech konkret a wéi eng Mesure kënnen hei geholl ginn? De Philipp Sischka, Fuerscher vun der Uni.lu am Beräich Aarbechtspsychologie an den David Büchel, Aarbechtspsychologe bei der Chambre des salariés (CSL), ginn eis en Abléck wat alles ënnert de Begrëff Mobbing fällt. D’Nathale Moschetti, Conseillère Juridique bei der CSL, erkläert wat een als Affer vu Mobbing kann ënnerhuelen a wéi eng Ulafstellen et hei zu Lëtzebuerg ginn.
Show more...
2 years ago
27 minutes

New Work
New Work #6 - Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché
An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL eis en Iwwerbléck gëtt, wéi eng EU-Direktiven et an deem Kontext ginn an elo op nationalem Niveau ëmgesat musse ginn. Virdru gëtt eis den Direkter, de Sylvain Hoffmann, en Abléck an de Quality of Work Index, dee si 2013 mat der Uni Lëtzebuerg entwéckelt hunn, wéi eng Informatiounen si aus dësen Enquêtën all Joers kënne sammelen a wien d’CSL nieft de Salariéen nach vertrëtt.
Show more...
2 years ago
17 minutes

New Work
New Work #5 - Plattformwirtschaft
Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen. D’Martine Mirkes, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL, erkläert, datt déi Persounen, déi hir Servicer op Plattformen ubidden, an der Reegel als Indépendant agestallt sinn. Dobäi passen d’Konditiounen, déi d’Plattformen de Persounen opleeën, éischter zu engem ofhängegen Aarbechtsverhältnis an d‘Leit missten, esou d’Martine Mirkes, als Salariéë reklasséiert ginn. De François Biltgen, Riichter um Europäesche Geriichtshaff, gëtt eis en Abléck an d’Jurisprudenz zu dëser Matière. Wat ass der EU no eigentlech en „Arbeitnehmer“? Souwuel d‘EU-Direktiven, déi de Moment ausgeschafft ginn, wéi och d’Gesetzespropositioune vun der CSL hunn als Zil, déi Persounen, déi fir esou Entreprisë schaffen, besser ze schützen, andeems si méi einfach en Urecht op en Aarbechtsvertrag kréien. D’Chambre des salariés fuerdert, datt elo schonn op nationalem Niveau reagéiert gëtt an huet hir Propositioun ëm e weidere Punkt, dee vum "Détachement virtuel", erweidert. Den 1. Dezember invitéiert d’Chambre de Salariés an d’EU-Kommissiounsvertriedung op hir Konferenz. Hei wäerten de Kommissär Nicolas Schmit, deen des EU-Initiative lancéiert huet, säi Point de Vue nach méi detailléiert presentéieren, dernieft gëtt de François Biltgen en Abléck iwwert d’Urteeler déi an deem Kader scho geschwat goufen a matdiskutéiere wäert och de Prof. Dr. Luca Ratti vun der Uni Lëtzebuerg, deen op d’EU-Recht spezialiséiert ass.
Show more...
3 years ago
25 minutes

New Work
New Work #4 - Wuelbefannen op der Aarbecht
Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.
Show more...
3 years ago
9 minutes

New Work
New Work #3 - Staatlech Hëllefe fir d'Weiderbildung
Life long learning, also e liewe laangt léiere gëtt ëmmer méi wichteg. D’Kompetenzufuederunge klammen an d’Beruffer gi méi komplex. Op internationalem Niveau, ginn et och schonn eng Partie Modeller wéi een déi aktiv Bevëlkerung nach besser an hirer Weiderbildung ënnerstëtze kann. D’Chambre des Salariés gesäit nach méi Potenzial dodran, déi speziell Congéen, déi elo scho kënnen ugefrot ginn an Zukunft nach méi flexibel ze notzen a fuerdert, datt den Accès an d’Informatioune ronderëm d‘Formatioune verbessert ginn. An dësem Episod erkläert d’Jeannine Kohn, Conseillère de direction bei der CSL, wéi eng staatlech Hëllefen de Salariéen zoustinn. Zousätzlech kënnen och Entreprise Kofinanzementer fir hir Mataarbechter*innen ufroen, wéi de Sam Friederici vum Institut National pour le Développement de la Formation Continue (INFPC) confirméiert. Nieft de finanziellen Ënnerstëtzunge ginn d’Formatiounen och zäitlech esou ugepasst, datt d’Participanten, trotz ënnerschiddleche Schaffzäiten, sou gutt et geet deelhuele kënnen, sou d’Sandra Grunewald, zoustänneg fir den Developpement vum Life Long Learning Center.
Show more...
3 years ago
21 minutes

New Work
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.