Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts125/v4/e3/57/bd/e357bd03-9ebb-ad3a-158a-db1a6267fd2e/mza_7091218742447783868.jpg/600x600bb.jpg
Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Ministère de la Santé Luxembourg
25 episodes
6 days ago
Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen.
Show more...
Medicine
Health & Fitness
RSS
All content for Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19 is the property of Ministère de la Santé Luxembourg and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen.
Show more...
Medicine
Health & Fitness
Episodes (20/25)
Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
25. Podcast vun der Santé mam Dr. Thomas Dentzer, André Hansen an Dr. Stéphane Tholl

Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der Logistik bedeelegt an den Dr. Stéphane Tholl ass als deputy CEO a COO vu Laboratoires Réunis mat den Tester selwer befaasst. Se ginn eis e Réckbleck an en Ausbléck, erzielen eis wéi de Large Scale Testing sech als Projet ëmmer weider entwéckelt huet a wéi se déi ganz Evolutiounen erlieft hunn.

Show more...
4 years ago
26 minutes 41 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 24 mam Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Thomas Dentzer

Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op Invitatioun och d'Méiglechkeet en Rendezvous fir e PCR-Test ouni Invitatioun ze huelen.

Show more...
4 years ago
17 minutes 17 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 23 mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Am 23. Podcast vun der Santé hate mir d'Geleeënheet eis mat der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert ze ënnerhalen. Sie huet eis erzielt wei si d'Pandemiezäit bei der Aarbecht an och privat erlieft huet an huet eis en Ausbléck op déi Lockerunge ginn, déi eis all wäerten a grousse Schrëtter Richtung Normalitéit bréngen.

Show more...
4 years ago
19 minutes 21 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 22 mam Dr. Jean-Paul Schwartz

Déi meescht Leit kenne mëttlerweil een dee COVID-19 hat. An dofir weess een och, dass déi Krankheet ganz verschidde verlafe kann. Et ka symptomlos sinn, et kann awer och mëtteleschlëmm sinn oder a schlëmmste Fäll ka COVID-19 zu Hospitatlisatioune mat Beootmung féieren. An alle Fäll kënne Sequellen optrieden déi ganz verschidde kënne sinn. Dat alles kéint een als "long COVID" bezeechnen. Doriwwer hu mir am 22. Podcast vun der Santé mam Generalist a Member vum Conseil supérieur des maladies infectieuses Dr. Jean-Paul Schwartz geschwat.

Show more...
4 years ago
25 minutes

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 21 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 21. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Dentzer iwwert den Impakt um Large Scale Testing geschwat a gefrot, wéi dëse matgehollef huet d’Mesuren ze gestallten. Op Basis vun engem wëssenschaftlechen Artikel deen hien zesumme mam Prof. Paul Wilmes vun der uni.lu an dem Dr. Joël Mossong vun der Gesondheetsdirektioun verfaasst huet, huet den Dr. Dentzer eis och erkläert, wéi een dank dem Large Scale Testing virausrechne konnt, wéi vill infizéiert Persounen et géif hei zu Lëtzebuerg ginn.

Show more...
4 years ago
15 minutes 56 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 20 mam Dr. Robert Goerens

Am 20. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Robert Goerens, dem Chefdokter um Impfzenter Hall Victor Hugo geschwat. Mir hunn nogefrot wei e klasseschen Aarbechtsdag am Impfzenter ausgesäit, wéi eng Zort vu Leit do schaffe mee awer och wéi hien a säin Team mat de verschiddene Meenungen zu de COVID-19 Impfungen an der Dynamik vun der Impfcampagne ëmginn.

Show more...
4 years ago
21 minutes 19 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 19 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Wat sinn déi läscht Updaten zu de verschiddenen Impfungen? Wéi soll a muss ech mech schütze wann ech mat anere Léit am Auto sëtzen? Wéi laang dauert et bis genuch Léit geimpft sinn? Wéi laang musse mir nach eng Mask undoen an eis teste loossen? Am 1. Podcast vun der Santé no der Ouschtervakanz, gi mir mam Dr. Jean-Claude Schmit, dem Direkter vun der Santé op vill verschidde Froen an déi Dir eis op alle Kanäl stellt.

Show more...
4 years ago
17 minutes 51 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 18 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 18. Podcast vun der Santé schwätze mir am Dr. Thomas Dentzer, Virolog a coordinateur stratégique op der Gesondheetsdirektioun,  iwwert de Large Scale Testing. Wat huet déi 2. Phas bruecht a wat gëtt et elo neits an der 3. Phas? Mir hunn awer och nogefrot wat et mat de Selbsttester op sech huet, wéi een domat ëmgoe soll a wat ee maache soll wann de Selbsttest positiv ausfält.

Show more...
4 years ago
25 minutes 7 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 17 mam Sandra Sidon

Am 17. Podcast vun der Santé hu mir eis mam Sandra Sidon ënnerhalen. Sie mécht d’Koordinatioun vum Contact tracing an ass responsabel fir d’Hotline Santé, wou vill vun Iech vläicht schonn eemol ugeruff hunn mat enger Fro zum COVID-19. Mir hunn nogefrot wéi de Contact tracing an d’Hotline organiséiert sinn a wéi d’Aarbechtsdeeg a béide Strukturen ausgesinn. Mir ginn och nach eemol drop a wisou de Contact tracing esou e wichtegen Element ass a wéini een iwwerhaapt als Risikokontakt gëllt.

Show more...
4 years ago
19 minutes 38 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 16 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Mam Dr. Schmit, dem Direkter vun der Santé, hu mir iwwert den AstraZeneca Vaccin geschwat fir Är Froen zu dësem Vaccin ze beäntweren. Mir hunn nogefrot wat et mat den Thrombosen op sech huet, wéi heefeg esou eppes ass a wéi et elo virugeet. Nieft Informatiounen zu AstraZeneca, brénge mir Iech awer och nach a punkto Virusvarianten op de leschte Stand. Dëse Podcast gouf en Donneschdeg opgeholl.

Show more...
4 years ago
18 minutes 42 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 15 avec Dr. Françoise Berthet

Dans ce quinzième podcast, le Dr Françoise Berthet, Directrice adjointe de la santé et secrétaire du conseil supérieur des maladies infectieuses, revient sur différentes recherches internationales menées à propos du virus, de sa transmission et de l'efficacité du vaccin contre la COVID-19. Découvrez également les démarches à suivre pour vous faire vacciner en tant que personne vulnérable.

Show more...
4 years ago
22 minutes 22 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 14 mam Dr. Thomas Dentzer

Am Podcast vun der Santé informéieren mir Iech all Woch zu Themen a Relatioun mat der Pandemie an iwwert de Large Scale Testing. Dir lauschtert eis no, mee mir lauschteren awer natierlech och Iech no a mir héieren, dass Dir eis ganz vill Froe stellt. Fir méiglechst vill vun dëse Froen ze beäntweren, bidde mir Iech des Woch eng Podcast Episod mam Virolog a strategesche Koordinator vun der Gesondheetsdirektioun Dr. Thomas Dentzer, wou mir op verschidden Themen aginn, déi den Ament aktuell sinn: et geet em déi verschidden disponibel Impfstoffer, em Impfstoffer déi geschwënn wäerten disponibel sinn, Masken, Aerosole mee awer och em de Verlaf vun der Pandemie selwer. 

Show more...
4 years ago
30 minutes 32 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 13 with John Ryan

In the 13th episode of our health Podcast we talked to John Ryan, the Director Public Health at the Directorate-General for Health and Food Safety (DG Santé).

We asked him about European coordination work in the pandemic, DG Santé’s role in it and how it is involved in the vaccination against COVID-19.

Show more...
4 years ago
24 minutes 13 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 12 avec Dr. Sébastien Français

Dans ce 12ème podcast, le Dr. Sébastien Français, médecin à la Direction de la santé, nous donne de précieuses explications quant à l’organisation et à la logistique autour de la vaccination et de la distribution actuelle. Découvrez comment se déroule une visite au centre de vaccination et comment se décide l’attribution d’un vaccin selon les patients.

Show more...
4 years ago
20 minutes 42 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 11 avec Dr. Françoise Berthet

Dans le 11e Podcast de la santé, Dr Françoise Berthet, directeur adjoint à la Direction de la santé et secrétaire du Conseil supérieur des maladies infectieuses, nous explique les critères de vulnérabilité qui rythment les phases de la campagne de vaccination au Luxembourg, en évoquant notamment le travail du Conseil supérieur des maladies infectieuses dans ce cadre. Elle revient aussi sur l’évaluation de l’efficacité des vaccins et plus particulièrement du vaccin AstraZeneca.

Show more...
4 years ago
33 minutes 6 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 10 mam Dr. Martine Trauffler & Dr. Anne-Cécile Vuillemin

Wéi a vu wiem gëtt den Dossier vun enger Firma evaluéiert déi en Impfstoff oder e Medikament wëllt lancéieren? Wéi gëtt d’Sécherheet vum Impfstoff zu Lëtzebuerg suivéiert wann en um Marché ass? Wat ass d’Roll vun der Pharmacovigilance a wat mécht d’European Medicines Agency iwwerhaapt?

Am 10. Podcast vun der Santé gi mir nees op d’COVID-19-Imfpung an. Mir schwätze mam Dr Martine Trauffler a mam Dr Anne-Cécile Vuillemin, allen zwee vun der Gesondheetsdirektioun, iwwert d’Zouloossungsprozeduren an de Suivi vum COVID-19-Impfstoff.

Show more...
4 years ago
33 minutes 30 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 9 mam Dr. Charles Benoy

Wéineg Facteure wierken sech op d’Psyche aus elo an der Pandemie a wat kann ech an och mäin Ëmfeld maache fir besser mat de Belaaschtungen ëmzegoen. Héiert och dëse Samschdeg (23.1) bei eis eran.

Am 9. Podcast vun der Santé schwätze mir mam Psycholog a Psychotherapeut Dr. Charles Benoy iwwert Santé mentale am Kader vun der Pandemie.

Show more...
4 years ago
29 minutes 21 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 8 mit Prof. Markus Ollert

Die COVID-19-Impfungen

Wie genau verhindern die COVID-19-Impfungen die Verbreitung des Virus? Wieso ist es nötig zwei Dosen zu impfen und wie lange hält die Wirkung? Wann erreichen wir Herdenimmunität? Worin liegt der Unterschied zwischen einer mRNA und einer Vektorimpfung? Haben die möglichen Mutationen des Virus einen signifikanten Impakt auf die Wirksamkeit der verfügbaren Impfstoffe? 

Im 8. Large Scale Testing Podcast haben wir mit Prof. Markus Ollert vom Luxembourg Institute of Health über die COVID-19-Impfungen gesprochen.

Show more...
4 years ago
28 minutes 14 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 7 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 7. Podcast vun der Santé maache mir Iech mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun de Point zu verschiddene Sujeten am Kader vum COVID-19. Hien erzielt Iech méi iwwert déi nei Virusmutatiounen, erkläert den Ënnerscheed tëschen Antigentester an Antikierpertester a kuckt wéi de Large Scale Testing bis elo zur Kontroll vun der Pandemie bäigedroen huet.

Show more...
4 years ago
31 minutes 18 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Podcast 6 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Am 6. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Jean-Claude Schmit iwwert d’Impfstrategie géint de COVID-19 geschwat. Hien erkläert wéi, wou a wien geimpft gëtt a geet och op d’Fro vun der Herdenimmunitéit an. 

Show more...
4 years ago
14 minutes 54 seconds

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen.