Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/f3/c9/84/f3c9849e-38f1-15ce-0319-432ad054065d/mza_12343130615850626388.jpg/600x600bb.jpg
Kaarten op den Dësch
radio 100,7
13 episodes
20 hours ago
Ronndëschgespréich vun der Redaktioun
Show more...
News
RSS
All content for Kaarten op den Dësch is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Ronndëschgespréich vun der Redaktioun
Show more...
News
Episodes (13/13)
Kaarten op den Dësch
Debat am Virfeld vun den Europawalen
Déi europäesch Wirtschaft leit ënner héijen Zënsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. Wéi soll d’EU domat ëmgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table ronde virun den Europawalen mat Vertrieder:inne vun alle Parteien.
Show more...
1 year ago
1 hour 55 minutes

Kaarten op den Dësch
Table Ronde virun de Chamberwalen: Klima a Logement
Haut an dräi Woche gëtt eng nei Chamber gewielt. Op der grousser Table ronde schwätze mir mat Vertrieder vun zéng Parteien, déi den 8. Oktober untrieden, an déi d’Krittäre vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel) erfëlle fir bei dësem Ronndëschgespréich dobäi ze sinn. D'Theeme sinn de Wunnengsbau an de Klimaschutz. Am Studio sinn dës zéng Kandidaten: fir d’Lëscht 1 - LSAP: Yves Cruchten fir d’Lëscht 2 - DP: Max Hahn fir d’Lëscht 3 - déi gréng: Henri Kox fir d’Lëscht 4 - CSV: Stéphanie Weydert fir d’Lëscht 5 - déi Lénk: Gary Diderich fir d’Lëscht 6 - ADR: Tom Weidig fir d’Lëscht 7 - Piratepartei: Yann Retter fir d’Lëscht 9 - Fokus: Frank Engel fir d’Lëscht 11 – KPL: Alain Herman fir d’Lëscht 12 - Liberté-Fräiheet: Perrine Felix
Show more...
2 years ago
1 hour 30 minutes

Kaarten op den Dësch
Gemengewalen an der Stad
Table ronde mat Vertrieder vun den aacht Parteien, déi den 11. Juni mat komplette Lëschten an der Stad Lëtzebuerg untrieden. Et diskutéieren: Patrick Goldschmidt (DP) Elisabeth Margue (CSV) Claudie Reyland (déi gréng) Maxime Miltgen (LSAP) Ana Correia da Veiga (déi Lénk) Alex Penning (ADR) Jean Heuschling (Piraten) Marc Ruppert (Fokus) Moderatioun: Maurice Molitor
Show more...
2 years ago
1 hour 28 minutes

Kaarten op den Dësch
Energietransitioun - ass Lëtzebuerg um gudde Wee?
Ëmmer méi Leit kafe sech en Elektroauto oder denken doriwwer no eng Solaranlag op hiren Daach ze leeën. Mee heescht dat och, datt Lëtzebuerg amgaang ass e Musterschüler a Saache Klimaschutz an Energieeffizienz ze ginn? A wat kann ee sech vum neie Klima- an Energieplang vun der Regierung erwaarden? Iwwer d'Energietransitioun schwätzt d'Christiane Kleer mam Unisprofesser Stefan Maas, mam Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk a mam President vun Eurosolar Lëtzebuerg Paul Zens.
Show more...
2 years ago
55 minutes

Kaarten op den Dësch
Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?
A 36 Woche gi mir wielen. Gëtt nach konstruktiv zesummegeschafft oder gëtt sech profiléiert? Kënnt nach eppes oder gëtt virun allem gekaazt? Et diskutéieren d'Fraktiounscheffe vun den dräi Majoritéitsparteien Gilles Baum (DP), Yves Cruchten (LSAP) a Josée Lorsché (déi gréng). Moderatioun: Maurice Molitor
Show more...
2 years ago
56 minutes

Kaarten op den Dësch
Wat muss an der Schoul änneren?
De Lëtzebuerger Schoulsystem schneit an internationale Vergläicher net gutt of, well e manner performant a méi ongerecht ass. Dorëms geet et an eiser sechsdeeleger Podcast-Serie "Schlechte Schüler". Mee wat muss änneren? Doriwwer diskutéiert d'Pia Oppel mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch a mat zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW.
Show more...
2 years ago
1 hour 13 minutes

Kaarten op den Dësch
Schlechte Schüler: Episod 6
Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et an eiser sechsdeeleger Reportage-Serie "Schlechte Schüler", déi Dir hei integral fannt. Déi sechst a lescht Episod vun dëser Serie diffuséiere mir hei am Virfeld vun engem Ronndëschgespréich. Am zweeten Deel vu Kaarten op den Dësch sinn dräi Gäscht live am Studio fir doriwwer ze diskutéieren, wat an der Schoul muss änneren. Dat sinn nieft dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, d'Vanessa Schetgen vum SNE an d'Joëlle Damé vum SEW.
Show more...
2 years ago
1 hour 56 minutes

Kaarten op den Dësch
État de la na...ture
Zwee Deeg virum État de la nation geet et ëm den Zoustand vun der Natur hei am Land: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit? Op déi Froe ginn et Äntwerte vu Leit, déi sech auskennen: Jacques Pir - Mouvement écologique Doris Bauer - beim Gemengesyndikat SIAS zoustänneg fir Naturschutz a Landschaftsfleeg Marc Parries - pensionéierte Fierschter Luc Zwank - directeur adjoint vun der Waasserverwaltung Moderatioun: Maurice Molitor
Show more...
3 years ago
56 minutes

Kaarten op den Dësch
Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?
Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Mee alleguer fanne se, datt et noutwenneg ass, d'Lëtzebuergescht weider ze fërderen. Op alle Pläng: an der Schoul, an der Aarbechtswelt, an der Gesellschaft. Marc Barthelemy (Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch), Maisy Gorza (Directrice vum INLL), Mélanie Wagner (Soziolinguistin op der uni.lu) a Fred Keup (ADR-Deputéierten a Co-Auteur vum Buch "Mir gi Lëtzebuerg net op") diskutéieren iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten. Moderatioun: Maurice Molitor
Show more...
3 years ago
55 minutes

Kaarten op den Dësch
D'Nowéie vun der Tripartite
An der Tripartite waren d'Diskussioune scho komplizéiert, duerno si se net vill méi einfach ginn: Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak", deen eng Äntwert op déi héich Inflatioun soll sinn, bleift ëmstridden. Virun deem Hannergrond diskutéiert de Maurice Molitor mat der OGBL-Presidentin Nora Back, dem CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an dem LSAP-Deputéierten Dan Kersch.
Show more...
3 years ago
56 minutes

Kaarten op den Dësch
Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris
Spéitstens virun enger gudder Woch huet hei am Land all Automobilist gemierkt, datt et eng Energiekris gëtt: De Liter Diesel huet wärend e puer Deeg 2,11 Euro kascht. Dat duebelt wéi viru sechs Méint. D'Gaspräisser hunn dëse Mount an Europa e Rekordpräis erreecht. De russesche Krich an der Ukrain huet dat Ganzt ugefeiert, et ass awer net den eenzege Gronn fir des Energiekris. D'Präisser ware scho virdrun héich: Mir kommen aus enger weltwäiter Pandemie, an onofhängeg dovun ass eng Energietransitioun am Gaang fir d'Europäesch Unioun bis 2050 ze dekarboniséieren - wëll heesche fort vu fossillen Energien, déi CO2 an domat de Klimawandel verursaachen. Wat sinn an der Energiepolitik méiglech Léisunge fir déi ugespaante Situatioun, a wéi eng Lektioune sinn ze zéien ? Doriwwer schwätze mer a Kaarten op den Dësch: Invitéeë beim Jean-Claude Franck sinn: Claude Turmes, Energieminister (déi gréng) René Winkin, Direkter vum Industrielleverband Fedil (a fréier Generalsekretär vum Groupement Pétrolier) Blanche Weber, Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib, Vize-President vun der Handwierkerfederatioun a President vum Patronatsdaachverband UEL (Aus Termingrënn gouf d'Sendung um Freideg Nomëtteg opgeholl)
Show more...
3 years ago
56 minutes

Kaarten op den Dësch
Wéi gesinn déi Kulturschafend Esch2022 eng Woch virum Start?
Mir schéissen zesummen eng Rakéit an de Weltall, seet Nancy Braun, d'Generaldirectrice vun der Kulturhaaptstad Esch2022 am Virfeld vun der Ouverture vum Kulturjoer de 26. Februar. Eng villverspriechend Ausso, un déi net jiddweree gleewe wëllt. Et diskutéieren d'Nancy Braun, den Escher Kënschtler Théid Johanns an de Responsabele fir de Kanner-a Jugendprogramm vum Escher Theater, de Francis Schmit. Moderatioun: Valerija Berdi
Show more...
3 years ago
54 minutes

Kaarten op den Dësch
Corona-Impfflicht, jo oder nee?
De Mëttwoch, den 19. Januar wëll d'Regierung vun der Chamber an enger Consultatiounsdebatt héieren, wéi d'Fraktioune sech zu enger Corona-Impfpflicht positionéieren. Des Woch gouf schonn e Froekatalog un d'Fraktioune geschéckt. Donieft huet d'Regierung en Expertegrupp gefrot, en Dokument auszeschaffe fir d'Debatt virzebereeden. Impfpflich: Wat schwätzt dofir, wat dogéint? Doriwwer diskutéieren an eiser Sendung: d'Julie-Suzanne Bausch, Presidentin vum Eethikrot de Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun den Dokter Gérard Schockmel, Member vum Expertegrupp de Jurist Jean-Jacques Schonckert. Moderatioun: Jean-Claude Franck
Show more...
3 years ago
56 minutes

Kaarten op den Dësch
Ronndëschgespréich vun der Redaktioun