Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/47/7e/f3/477ef3b2-0c31-9f11-302f-3637200a33a5/mza_4952098310335271842.jpeg/600x600bb.jpg
IFEN INSPIRE PODCAST
IFEN
13 episodes
3 days ago
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: 1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.
Show more...
Education
RSS
All content for IFEN INSPIRE PODCAST is the property of IFEN and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: 1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.
Show more...
Education
Episodes (13/13)
IFEN INSPIRE PODCAST
S3 EP 01: Reportage C4.2 Mersch | Table ronde Raumgestaltung | CB Amaury Daele
Um Programm vun dëser Episode: 0:27 - Teasers 1:12 - Reportage Mersch (LU) Mir ginn op Besuch an d’Klass C4.2 vum Kevin Neuhengen a Jeff Elcheroth. Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, résumé en FR 6:17 - Table Ronde (LU) De Ben Schreiner féiert eng flott Table ronde iwwer Raumgestaltung mam Jo Johanns a Laura Donven. Transkriptioun / DE Zusammenfassung / EN summary / résumé en FR 30:47 Carte Blanche (FR) Den Amaury Daele présentéiert eng Carte blanche iwwer Erfollegskrittären an der Weiderbildung. Amaury Daele présente une carte blanche sur les critères de réussite en formation continue. Transcription / DE Übersetzung / EN translation
Show more...
3 days ago
36 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 07: CAHRE - ITW mam Pavle MADZIROV zum Thema KI - CB Lisa DAVID
An der 12. Episode vum IFEN Inspire Podcast stelle mer: [01:17] am Reportagendeel CA(H)RE vir, d’Cellule d’Accompagnement pour élèves hospitalisés ou en rémission. [18:47] Am zweeten Deel ënnerhält sech d’Véronique Schons aus der Divisioun vum Leadership (IFEN) mam Pavle Madzirov iwwer kënschtlech Intelligenz am Bildungsberäich. [30:27] An hirer Carte blanche erkläert ons d’Lisa David, Lëtzebuerger Bildungswëssenschaftlerin, déi zu Wien lieft, firwat et wichteg ass säin Handelen am Klassesall stänneg ze hannerfroen.   
Show more...
3 months ago
38 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 06: First Lego League Challenge - ITW man Philipp Karch zum Thema Kommunikation - CB Judith Senger
An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025. Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.   Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philipp Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach. Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn "do’s" an "don’ts" wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wéi kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.   An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater. D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.
Show more...
5 months ago
45 hours 22 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 05: Enfants à besoins spécifiques zu Viichten - Table ronde zum Thema "Cybergrooming" - CB Claude SCHEUER Sportsunterrëcht am Fondamentale an am Secondaire
Wéi schonn an der leschter Episod ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten. Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.   💬 Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf. Gewise gouf de Film Gefangen im Netz.    🏃‍♂️Zum Ofschloss gëtt et eng Carte blanche mam Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur um IFEN, iwwer seng Visioun vum Sportsunterrecht am Fondamentale an am Secondaire.   Lauschtert d’Episod hei!
Show more...
7 months ago
41 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 04: Kanner mat Léierschwieregkeeten/PIPAS - ITW mam Michèle WEBER a Jhemp BERTEMES vu science.lu - CB Sophie LeDorner iwwert d'Fehlerkultur an de Schoulen
An dëser Episod vum IFEN Inspire Podcast beschäftege mer ons am Reportagendeel mat Kanner mat Leierschwieregkeeten. Wat fir eng Kanner sinn dat? Wei kann e Schwieregkeeten erkennen a wat ass den Ënnerscheed zu Kanner à besoins spécifiques? Wéi kann een hinnen hëllefen a wat ass de PIPAS-Projet vum CDA?    Am Interviewdeel schwätze mer mam Michèle Weber a mam Jhemp Bertemes vum Fonds National de la Recherche, dem FNR iwwert d’Wichtegkeet vum Science-Unterrecht.    D’Sophie LeDorner, Formatrice um IFEN, beschäftegt sech an hirer Carte blanche mat der Feelerkultur an onse Schoulen.  Download Fiche DYS
Show more...
8 months ago
47 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 03: Museksunterricht - ITW Sven Foxius - CB Qualitéitsstandarden an der Bildung
Wéi all Joer fir Chrëschtdag héiert een an de Supermarchéen an natierlech och um Radio, déi obligatoresch Chrëschtmusek. [01:50] Ëm Musek, net onbedéngt Chrëschtdagsmusek, dréint sech alles an eisem Reportage.  [22:28] Am zweeten Deel proposéiere mer iech en Interview mam SvenFoxius, Studienrat, Kern- a Fachseminarleiter am Zentrum fir schoulpraktesch Lehrerausbildung zu Siegburg iwwert de Vieso-Unterrecht an eise Schoulen.  [35:51] Ganz zum Schluss geet et dann an der Carte Blanche ëm d’Qualitéitsstandarden am lëtzebuerger Bildungswiesen.   Links: Dumont etAl (2017) - Music Interventions and Child Development- A Critical Review and Further Directions.pdf Blasco-Magraner etAl - Effects of the Educational Use of Music on 3- to 12-Year-Old Children’s Emotional Development- A Systematic Review.pdf Schellenberg & Lima (2024) - Music Training and Nonmusical Abilities.pdf   Hospitatiounen: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/search?formats=6005&subdomains=2058 https://ssl.education.lu/ifen/catalog/search?subdomains=2058  
Show more...
10 months ago
39 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 02: Hospitatioun - ITW Sacha Bachim - politesch Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft
Am Reportagendeel dréint sech alles ëm d’Konzept vun der Hospitatioun. D’Viktoria Boretzka, wat sech hei um IFEN ëm d’Hospitatiounen am Secondaire këmmert, erkläert ons, wat een ënnert deem Konzept versteet, wei et hei am Land an och am Ausland an der Praxis ëmgesat gëtt an och wat fir Méiglechkeeten den IFEN an deem Beräich ubitt. Dozou huet Si sech mat verschiddenen Experten ënnerhalen. Am Interviewdeel dréint sech alles ëm d’Santé mentale. Vum 7. bis den 20. Oktober wor hei zu Lëtzebuerg dei 4. Editioun vun der Semaine de la santé mentale. An deem Kader huet sech d’Laura Schmit mam Sacha Bachim ënnerhalen, Psychotherapeut an Auteur vun 2 Spiegel-Bestseller. An der Carte blanche vun haut huet sech de Christian Meyers vun der Uni.lu seng Gedanken doriwwer gemaach, wei et mat der politescher Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft steet.
Show more...
1 year ago
38 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S2 EP 01: Churermodell - ITW mam Professer Tarquinio zum Thema Inzest - Diagnostik vu Léierstéierungen
Am Reportage stelle mer iech de Churermodell vir. (Videoen zum Churermodell) Mir hunn en Interview mam Professer Tarquinio vun der Universitéit vu Metz iwwert d’Thema Inzest.  Film "Un silence si bruyant" An der Carte blanche stellt ons d’Vera Hilger vun der Uni.lu eng Testbatterie a lëtzeboier Sprooch vir Leierstéierungen ze diagnostizéieren vir.   Ëmfro zum Podcast  
Show more...
1 year ago
35 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S1 EP 05: EdFest - Yoga a Klangpädagogik an der Grondschoul - Europawalen
Am Reportage kucke mir zréck op d'EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet. Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goen wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass "blended learning" am Lycée? Firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren? Wéi kann een an der Beweegung léieren? Wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée? Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen. Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin. Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner? Wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schéi Momenter hu si erlieft? Dat alles erziele si ons. An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawalen vum 9. Juni. D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung, huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.
Show more...
1 year ago
41 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S1EP 04: Outdoor Education - Reflexintegratioun - KI-Kënschtlech Intelligenz
Wéi virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rëm déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren. Déi éischt Sonnestralen déi sou schéi waarm drécke sinn do an et huet e rëm richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am Reportage. Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur. Am Interview beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun. Nach ni héieren? Mir ass et genau sou gaangen an dofir sinn ech bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat ka Si ons erklären. Fir ofzeschléisse gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert. Hie beschäftegt sech ganz vill mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wéi een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.
Show more...
1 year ago
40 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S1 EP 03: Raumgestaltung - Museksunterrecht - Schülermotivatioun
Am Reportage werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen*), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier. Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten? Formation: Aménagement des espaces scolaires au service des apprentissages et du comportement à l'école   Reportage: Enseigner en classe flexible  Reportage: De Churermodell an der Mamer Grondschoul   Reportage: Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik     Musék als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten? Dorëms geet et am Interview. Den Eric Falchero, Museker a Proff op der Uni.lu steet eis Ried an Äntwert.   Wei gestalten ech Unterrecht, dee fir d’Schüler motivéierend ass? Wat fir eng verschidde Motivatiounstyppe ginn et bei eise Schüler a Schülerinnen? Deene Froe sinn d’Ineke Pit-Ten Cate an den Axel Grund vun der Uni.lu an der Carte Blanche nogaangen. Link zur Studie Buch   * Hospitation: Enseigner dans une classe flexible  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963 Hospitation: Exploring Reggio-Ateliers - Beautiful Stuff & more  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954 Hospitation: Reggiopädagogik  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953 Hospitation: Reggio-Pädagogik trifft auf Meditation und Yoga  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957 Hospitation: Churermodell im Cycle 4 - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586 Hospitation: Churermodell - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965 Hospitation: Churermodell à Pétange  https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996  
Show more...
1 year ago
38 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S1 EP 02 : Spiller am Unterrecht
Mir waren op der Game On an ons an d’Schoulen ukucken, wei do Spiller an den Asaz kommen.
Show more...
1 year ago
36 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
S1 EP 01 : Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck : Reportagen, Expertenstëmmen, Wëssenschaftlech Perspektiven. Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN
Show more...
1 year ago
3 minutes

IFEN INSPIRE PODCAST
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: 1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.