Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
Health & Fitness
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
Loading...
0:00 / 0:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/a5/38/69/a53869f1-5d79-aca4-bb6b-5a4e080d807c/mza_722188654288042161.jpg/600x600bb.jpg
Haut, Muer an Deemools
Harmonie Municipale de la Ville de Differdange
10 episodes
6 days ago
«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale de la ville de Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill virun sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.
Show more...
Music History
Music
RSS
All content for Haut, Muer an Deemools is the property of Harmonie Municipale de la Ville de Differdange and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale de la ville de Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill virun sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.
Show more...
Music History
Music
Episodes (10/10)
Haut, Muer an Deemools
Episode 10 - Fränz Goergen - Part 2

An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek.D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära.Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lauschtert eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.

Show more...
3 weeks ago
1 hour 33 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 9 - Gilles Krein - Part 3

An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass.Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin.Dëst ass och déi längste Folleg vun eisem Podcast, deemno zaapt iech e Kaffi a mir wënschen vill Spaass beim Nolauschteren.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.

Show more...
1 month ago
1 hour 13 minutes 49 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 8 - Gilles Krein - Part 2

An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.

Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.

Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten Deel nokënnt.

Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

Technik: Dominique Mosar

Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD

Show more...
3 months ago
1 hour 47 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 7 - Gilles Krein - Part 1

Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigentin vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek.

An dëser éischter Folleg mam Gilles geet et virun allem ëm säi musikalesche Parcours an der Déifferdenger Musek, mee och iwwert säi Studium.

Vill Spaass beim nolauschteren.

Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

Technik: Dominique Mosar

Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.

Show more...
3 months ago
49 minutes 34 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 6 - Martine Goergen - Part 2

Hei schonn den Text: An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen d'Martine wéi et ass d'Fra vum Präsident vun der Déifferdenger Musek ze sinn an och wat hatt vum Trait d'Union hält.

Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

Technik: Dominique Mosar

Opgeholl den 21. Februar 2025 am Musekssall vun der HMD.

Show more...
4 months ago
47 minutes 58 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 5 - Martine Goergen - Part 1

An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen. D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze Parcours innerhalb mee och ausserhalb vun der Déifferdeng Musek. Dëst ass déi éischt vun dräi Episode mam Martine. Mir hoffen se mécht Iech Spaass.

Show more...
6 months ago
55 minutes 54 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 4 - Raphael Mosar - Part 2

Haut hu mir nees d'Éier eise Viizepräsident ze begréissen. De Raphael Mosar ass fir eng zweet Episod dobäi, leschte Kéier war net genuch Zäit fir seng laang Geschicht an der Déifferdenger Musek ze zielen. 

Show more...
7 months ago
55 minutes 20 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 3 - Raphael Mosar - Part 1

Haut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënnt mat eis schwätzen. Hien huet bei eis 2004 um Saxofon ugefaangen an huet sech vum Jugendmuseker bis zum Vizepresident erop geschafft, wéi et dozou komm ass dass hien als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt dir an dëser Folleg gewuer.

Show more...
8 months ago
46 minutes 39 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 2 - Neckel Elsen

Episod 2 – Nicolas Elsen

An dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn spillt an iwwert d’Reesen déi mir mat deenen zwee Veräiner gemaach hunn. Loosst iech dëst Episod net entgoen.

Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

Technik: Dominique Mosar

Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.

Show more...
8 months ago
56 minutes 51 seconds

Haut, Muer an Deemools
Episode 1 - François Goergen - Part 1

Episode 1 - François Goergen

Haut schwätze mir mam Fränz Goergen. Doduerch dass hee säit 70 Joer bei eis am Veräin ass hat hien ass vill ze Zielen. An dëser éischter Folleg mat him geet vu sengen Ufäng bis an  70er Joren. Mer kréie vu witzegen Anekdote wéi si zum Beispill als Bouwen an Italien op ee Concours gefuer si bis hin zu de schwéieren Zäiten em de Schluss vum Camille Roilgen, alles gezielt, an de Fränz hëlt kee Blat virun de Mond!

Show more...
9 months ago
53 minutes 33 seconds