Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
Health & Fitness
Sports
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Podjoint Logo
US
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts114/v4/41/8b/ff/418bff17-c20a-3702-20e8-756f37e7ced7/mza_14781155309408822501.jpg/600x600bb.jpg
Gebraddels a Gesabbels
Bob a Mathis
26 episodes
6 days ago
Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.
Show more...
Improv
Comedy
RSS
All content for Gebraddels a Gesabbels is the property of Bob a Mathis and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.
Show more...
Improv
Comedy
Episodes (20/26)
Gebraddels a Gesabbels
Do haten der zwee Zeit


Dem Bob an dem Mathis ass einfach op gefall datt Sie an hirem Alldaag ëmmer missen drun denken, hei dat do dat wier dach eppes fir de Podcast . An wie soll et och anescht sinn, hu Sie et sech net huele gelooss, endlech Zeit ze fanne fir datt et nees konnt weider goen, an iech mat enger neier Episod ze beglécken . Domadder bleift nëmmen nach eppes ze soen, an zwar vill Spaass beim lauschteren!

Show more...
1 year ago
1 hour 36 minutes 8 seconds

Gebraddels a Gesabbels
After Ouschteren

Oh méi do war wuel den Wuerm am Internet oder wei nennt een dat, leider ass am Ufank Soundqualiteiet méi gelungen, mee no der paus koum nees alles an aler Pracht zeréck. Chaos an Egypten , Avocado an Katzen klappt nett, och iwert den James Bond hun mer eis gedanken gemach an Eldoradio... naja lauschtert selwer. Eng wonnerbar Episod wou mer rem vill  gelaacht hunn. Ameséiert iech gutt an op dësem Wee soen mir iech villmols Merci fir Ären Support an är Gedold mat eis.

Show more...
3 years ago
1 hour 24 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Eddie vidercie

Hallo dir léif Leit, mir hoffen dir hat flott Ouschteren. Hei eis nei Episode, den Mathis flitt an Ägypten dowéinst steet Thema Vakanz um Programm. Mir hunn vill gelaacht, an sou hoffen mir datt ech iech och ergeet. Vill Spaass beim lauschteren.

Show more...
3 years ago
1 hour 8 minutes 53 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Corona am Réck

Hallo an wëllkomm an der Krankeschäin Episod vu Gebraddels a Gesabbels. Den Mathis huet Corona am Haus an den Bob gouf gëscht mam Réck operéiert. Des Episod dauert iwwert 1 Stonn, an kënnt wie an engem Goss frësch fir iech aus der Podcast Schmelz.

Vill spaass beim lauschteren.

Show more...
3 years ago
1 hour 9 minutes 11 seconds

Gebraddels a Gesabbels
et mécht näicht wann et schnell geet

Hallo léif Nolauschterer vum Kult Podcast Gebraddels a Gesabbels. Mat vill Verspéidung kennt des Episod an är Podcast Stream Déngscht. Et ass net ëmmer einfach wann et soll gutt gi, mee wei dir eis kennt, bleiwen mir fir iech um Ball. Vill spaass beim lauschteren vun dëser Episod.

Show more...
3 years ago
1 hour 8 minutes 57 seconds

Gebraddels a Gesabbels
alles Guddes am neien Joer

Halli Hallo, lo ganz genau mir sinn nees do. Prett fir neit Joer schmäissen den Bob an den Mathis nees hier Podcast trommel un. Hoffentlech sidd der eis net all ze vill béiss datt dir soulaang näischt méi vun eis héieren hutt, trotz allem wënschen mir iech vill Spaass beim lauschteren vun eiser neisten Episode.

Show more...
3 years ago
1 hour 2 minutes 50 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Dik Dik Dag

Dass Ouschterméinden an den Bob an de Mathis setzen am Bongert, des kéier als Invitée hu se den Generator mat da bei.

Verhör ass ee Verhéier op Lëtzebuergesch, wien huet Poubelle erfonnt, Evergiven ass frei an wei ëmmer eng Good News wou den Mathis scho net méi weess wou en drun ass am Land. De Bob erzielt iech wei säin Ouschterweekend ass respektiv wäert ginn, a vill Zéit spreng huet des Episod iech ze bidden. Vill Spaass beim Ulauschteren

Show more...
4 years ago
47 minutes 41 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Méi oder manner witzeg

Ola Ola dir léif Leit, de Bob an den Mathis hunn sech nees zesummen gesat, an hunn rëm hier Woch Revue passéieren gelooss.

An dëser Episod ass och definit net mat Sounds geknausert gin, ma dat kennt da bei raus wann der op emol zwee an der Zopp réieren, op desst elo méi oder manner witzeg ass , dat bleift eleng iech iwwerlooss. 

Vill Spaass beim ulauschteren a bleift gesond

Show more...
4 years ago
46 minutes 30 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Dem Petz sein Dag aka Saint Patrick´s Day

Et ass St Patrick´s Day an den Bob an Mathis mussen als Whisky Drénker a Pub lovers natierlech mateneen prosten an hu bei där Occasioun eng Episod fir iech opgeholl. Ui ui ui ui. Irland, Whisky, an sou munch Geschichten vun fréier hunn mir fir iech Parat. Är zwee lieblings Kléiblieder wenschen iech vill Spaass beim ulauschteren.

Show more...
4 years ago
41 minutes 20 seconds

Gebraddels a Gesabbels
-Zu spéider Stonn - (den zweete Deel) Interview mam V.I.C.

Endlech ass et sou weit, prett fir den Weekend sin de Lëtzebuerger hier zwee léifsten Braddeler a Sabbeler sinn nees um start.

Des kéier a Form vun engem Interview, an zwar extra no Verëffentlechung vu sengem éischten Album -Bic a Blat-, an lo opgepasst léif Nolauschterer a Frënn vum Lëtzebuerger Hip-Hop, mat kengem geréngeren wei dem  V.I.C.

Dowéinst entschëllegt eis d´Verspéidung vum zweete Deel vun der Epsiod -Zu spéider Stonn- a mir wënschen iech wei ëmmer Vill Spaass beim ulauschteren.

Bob an Mathis

Show more...
4 years ago
44 minutes 43 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Mea Culpa dir léif Leit

No enger gezwongener Paus starten déi zwee Sabbeler endlech rëm mat enger neier Episod.

Den Mathis leet direkt erem mat 100 à l´heure lass an zielt vun sengen neisten Impressiounen aus Hamburg, den Bob deelt seng méi oder manner flott dreem mat iech, wisou waren mir esou lang fort a wei ass et mat der Episod "Zu speider Stonn Deel 2"?

Lauschtert am beschten selwer eran.

Vill Spaass!

Show more...
4 years ago
43 minutes 46 seconds

Gebraddels a Gesabbels
-Zu spéider Stonn- (éischten Deel)

D´Fréijoer ass ugepaff! De Bob an de Mathis starten des Woch mat enger duebel Episod. Am éischten Deel kommen mir nach eng kéier kuerz op dem Bob seng Vakanz ze schwätzen, déi erfollegräich Lëtzebuerger Serie Capitani däerf och natierlech net feelen an eng kleng Rees an Vergaangenheet zum Ursprong vum Bob an Mathis senger Frëndschaft an enger SNJ Kolonie ass och derbäi. Am zweeten Deel hu mir dann mol nees eng kéier Invitée´n bei eis. Sidd gespaant op den éischten Deel vun den Epsioden -Zu spéider Stonn- a virun allem, vill Spaass beim ulauschteren.

Show more...
4 years ago
26 minutes 24 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Moien Fuerte, Ola Lëtzebuerg

Des Episod ass wei aus engem Goss, villäicht leit et drun datt de Bob an Vakanz geflunn ass, genauer gesot op Fuerteventura. Aus éischter  Hand bericht en eis wei seng Fliger Erfarung war. De Mathis zielt vun sengen Fliger Geschichten an huet eng nei nëtzlech Good News fir iech. D´Rollen si vertosch gi well de Mathis fänkt des kéier un an den Bob huet en léiwen Sproch fir iech, also lauschtert eran an ameséiert iech gutt. Vill Spaass.

Show more...
4 years ago
50 minutes 42 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Helau um Fuesfreiden

De Bob flitt an Vakanz, an fir an déi richteg Business Class Stëmmung ze kommen gëtt op typesch Lëtzebuerger Manéier mat enger Kippchen ugestouss. De Mathis huet rëm eng nei Good News of the Week, an den Bob huet een Musek an een Serien Tipp fir iech an et natierlech sou munch aner Saachen. Vill Spaass beim Ulauschteren är Fuesgecke Bob a Mathis.

Show more...
4 years ago
45 minutes 16 seconds

Gebraddels a Gesabbels
De Rhythmus ass dran

De Méindes Rhythmus ass endlech dran, juhu se hunn et gepackt!

De Pascal setzt am Publikum an däerf nëmmen laachen an drénken, d´Rubrik -U wat denks de bei- an dem Mathis seng Good News of the Week ass mat da bei, de Bob zielt vum Superbowl an dobäi mécht de Mathis en richteg geckeg well deen d´ganz Nuecht geschlof huet, ah jo an ee Gewënnspill hu mer des kéier  fir iech, also gutt oppassen an Vill Spaass beim lauschteren

Show more...
4 years ago
44 minutes 20 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Et ass Liichtmëssdag

D´Kanner schellen un der Dier, et ass Liichtmëssdag. 

De Bob an de Mathis hunn nei Rubriken an hire Podcast erabruecht, de Bob weist, wéi gutt e sange kann an ënnert anerem sinn d'Themen "Kläpperei" an "Tinder" ënnert d´Lupp geholl ginn.

Vill Spaass!

Show more...
4 years ago
58 minutes 1 second

Gebraddels a Gesabbels
Ola Ola vun hannen no vir

De Bob an de Mathis brauchen een Jingle, ASMR, zwou nei Rubriken, ganz vill Ola Ola, zwee nei Microen an déi längsten Episod déi mir bis elo opgeholl hunn, dat erwaard iech. Vill Spaass!

Show more...
4 years ago
1 hour 10 minutes 36 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Déi Auserwielten

De Bob an de Mathis sinn  auserwielt ginn, anscheinend hunn déi do uewe gemierkt, wei wichteg mir si fir eist Land. Ahjo, an d´Thema - Nimm vun Jonk an Al an d´Profilfotoe vu Leit sinn nees ënnert Lupp geholl ginn a villes méi. Eng knackeg lëschteg Episod.

Show more...
4 years ago
41 minutes 14 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Ham an Noss

Ham an Noss, oder wei een och ka soen: Hamburg an Nouspelt.

Also wann een dës éischt Episod op Distanz kéint beschreiwen, dann als een décke Steen am Schung.  Zwee Mol hu mer et probéiert an elo ass et endlech gaang. Mat vill Méi a Gedold aka Invitéeën hu mer et gepackt.  

De Bob an de Mathis soen iech Merci fir Är Ënnerstetzung, egal wat dëst Joer nach bréngt, mir loossen iech net am Stach: Weekly Gebraddels a Gesabbels vum Fäinste fir d'Laun ze hiewen.

Show more...
4 years ago
50 minutes 33 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Better together Kur an de Kinnek Gambrinus

D'Chrëschtdeeg sinn ëm, de Mathis huet nach ellen Nowéien a bleift dowéinst an dëser Episod beim Waasser a beim Ingwer Shot. Dem Bob geet et awer rëm gutt an hien traut sech schonn un den hellege Gambrinus. Zesumme schnësse sie iwwer Hipsches an Habsches vun den alljärleche Saachen, déi een an dëser Zäit mécht: Kachen, Prosten an de Kevin alleng doheem kucken. Vill Spaass beim Lauschteren.

Show more...
4 years ago
51 minutes 49 seconds

Gebraddels a Gesabbels
Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.