An dëser Episod vum Cyclist schwätze mir mam Christian Helmig, dem techneschen Direkter vun der FSCL.
Wéi gesäit seng Roll am Alldag bei der Federatioun aus? Wéi preparéiert Lëtzebuerg sech op déi grouss international Kompetitiounen? A wat sinn d’Ziler a Perspektive fir de lëtzebuergesche Vëlossport?
An dëser Episod vum Cyclist schwätze mir mam Jempy Drucker, Cyclocross Nationaltrainer vun der FSCL.
Wat ass Cyclocross eigentlech a wéi ass de Jempy dozou komm?
Wéi eng Lëtzebuergesch Cyclocrossfuerer sollt ee kennen a wéi steet et ëm dës Sportaart bei eis am Land?
Egal ob dir Cyclocross schonn e Begrëff ass oder net – an dësem Episod kriss du e gudden Abléck an de Cyclocross a gëss deen een oder anere perséinlechen Insight vum Jempy Drucker gewuer.
Wat mécht eng Vëlosfederatioun wierklech?
An dëser éischter Episod vum Cyclist schwätze mir mam Florian Salzinger, Directeur Administratif vun der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL), fir d’Roll vun enger nationaler Vëlosfederatioun ze erklären – zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.
Wéi ënnerstëtzt d’FSCL d’Fuerer am Alldag?
Wat fir eng Plaz huet se an der Welt vum Vëlosport?
Egal ob s de just interesséiert bass oder selwer aktiv bass – dës Episod gëtt der en Abléck hannert d’Kulisse vun der Vëlosfederatioun zu Lëtzebuerg a weist hiren Afloss um internationale Plang.