An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Jo Diseviscourt, Anke Meiser a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu