
An der zweeter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST geheie mir e Bléck hannert d'Kulisse vun den ënnerschiddleche Servicer déi am Sportlycée ugebuede ginn. Wat fir Servicer ginn et a wat ass hire Rôle? Fir dës Froen ze beäntwerten hëlt d'Shari sech an dëser Episod déi Responsabel vu verschiddene Servicer un d'Säit. D'Dani Konsbruck, d'Tammy Diderich, d'Stéphanie Viellevoye an de Frank Muller erziele vun hirem Alldag am Lycée an och hiren Challengen. Lauschtert era fir méi gewuer ze ginn.