All content for PROST is the property of Moskito and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen
PROST
50 minutes
5 months ago
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen
Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist sech vum Produit vu senger Duechter iwwerzeegen.
D’Claire an de Pit treffen an dëser Episod op eng Wënzerin, déi ursprünglech Bauerin wollt ginn, an iwwert de Studium vun der Landschaftsarchitekur, am Familljebetrib gelant ass. Vum Zeechenbriet an d’Wéngerte souzesoen. E Schrëtt deen déi jonk Wënzerin net beréit.
Eng flott Episod erwaart iech an e Gespréich iwwert d‘Passioun vum Beruff, der Aarbecht am Fräien a wat Schof domat zedin hunn. Vill Spaß.