All content for PROST is the property of Moskito and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink
PROST
55 minutes
9 months ago
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink
„Dry January“ – wat fir déi eng d’Onwuert vum Joer ass, ass e fir déi aner eng Chance dem Kierper an der Liewer ee Mount Paus ze gënnen. Sou fänkt 2025 bei eis relativ alkoholfräi un. Dann ass et alt gutt datt een do net ganz op Wäi verzichte muss! Dofir suergt ënner anerem de Jean-Marc Schlink vum Domaine Viticole Schlink. Well als éischte Wënzer zu Lëtzebuerg alkoholfräie Wäin a Cremant produzéiert. An dat mat e bëssen Iwwerzeegungsaarbecht a guddem Wëllen. Eng Episod iwwert sech trauen, kleng Risikoen agoen an dem Bild vum moderne Wënzerbetrib.
Ma net just den alkoholfräie Wäi kënnt néi an de Podcast. Well mam Pit ass en néie Co-Host nieft dem Claire um Mikro an ersetzt de Ben. Als Wäin Amateur bréngt en eng néi Perspektiv an de Podcast, an zwar déi vum Novizen, dee méi wësse wëll. Sidd gespaant!