All content for PROST is the property of Moskito and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
PROST
43 minutes
1 year ago
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September.
Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert.
Vu Familljegeschichten, dem legendäre Palmberg nieft der Schmaachstuff, an och weem seng Millen am Numm vum Betrib iwwerhaapt gemengt ass, schwätze mir an dëser fonkelfrëscher Episod vum PROST Podcast.