Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Fiction
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/37/2a/85/372a8574-19b9-215d-ce12-1fcc9320edd6/mza_629042430071147270.png/600x600bb.jpg
PROST
Moskito
19 episodes
4 months ago
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.
Show more...
Society & Culture
RSS
All content for PROST is the property of Moskito and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.
Show more...
Society & Culture
Episodes (19/19)
PROST
Ep.19) Vum Schnaps an d’Drauwen – mam Georges Schiltz // FRU
"Verréckt" – dat ass dat Wuert, dat ëmmer erëm fält, wann ee sech mat der Vita vum Georges Schiltz beschäftegt. An dat net wéinst engem exzentresche Charakter, mee well säi Werdegang alles anescht wéi klassesch ass. Well weder huet de Georges en Hannergrond als Wënzer, nach huet e Wuerzelen un der Musel - de fréiere Geografiestudent aus dem Sauerdall mat engem Faibel fir d'Schnapsbrennen ass en ganz anere Wee gaangen. Wat als Hobby nieft dem Studium ugefaangen huet, gouf séier zu enger Passioun: vun der Brennereikonscht, iwwer d‘Jus-Produktioun bis hin zum Drauwenubau. Doraus entstanen ass „FRU“ – e frechen, regionalen, onbekëmmerte Wënzerbetrib. Sou geet de Georges geet säi Wee – ongewéinlech, mat Iddien an engem décke Portioun Humor. D’Claire an de Pit diskutéieren an dëser Episod mat engem Wënzer, deen de Wäibau nei denkt a weist, dass Traditioun a Modernitéit sech net ausschléissen. A wéi ëmmer bei Prost: e Gespréich mat Häerz, engem Touch Selbstironie a wonnerbare Wäiner.
Show more...
4 months ago
57 minutes

PROST
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen
Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist sech vum Produit vu senger Duechter iwwerzeegen. D’Claire an de Pit treffen an dëser Episod op eng Wënzerin, déi ursprünglech Bauerin wollt ginn, an iwwert de Studium vun der Landschaftsarchitekur, am Familljebetrib gelant ass. Vum Zeechenbriet an d’Wéngerte souzesoen. E Schrëtt deen déi jonk Wënzerin net beréit. Eng flott Episod erwaart iech an e Gespréich iwwert d‘Passioun vum Beruff, der Aarbecht am Fräien a wat Schof domat zedin hunn. Vill Spaß.
Show more...
5 months ago
50 minutes

PROST
Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel
Et ass all Dag op en Neits wéi eng Postkaart aus dem Liewen: D’Muselregioun – mat hiren Dierfer, Wäibierger a Kultur – ass vill méi wéi just e Glas Wäin. Et geet ëm en Erliefnis, Entspanung a Natur pur. An an dëser Episod vum Prost schwätzen d’Claire an de Pit genau iwwer dat, wat d’Regioun esou eenzegaarteg mécht – an dat mat enger richteger Expertin um Gebitt. Well d’Nathalie Besch vum „Office Régional du Tourisme“ vun der Musel war op Besuch. Eng besonnesch Episod, déi vum Wanderen a Vëlosfuere bis bei nohalteg Genossmomenter tëscht Wäinriewe a Panorama-Ausbléck handelt an erkläert, wisou souguer Neiséilänner sech zu Lëtzebuerg wuel fillen. Ma lo verrode mir net ze vill. Falls Dir also d’Musel schonn ëmmer erëm nei entdecke wollt, sidd Dir hei genau richteg. Lauschtert eran.
Show more...
6 months ago
1 hour 1 minute

PROST
Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery
Wien dem Paul Zahlen vu "Pauls Winery" scho mol nogelauschtert huet, mierkt séier, mat wéi vill Passioun a Freed hien de Beruff vum Wënzer ausübt. Awer nach vill méi – well hien huet e groussen Drang, nei Saachen ze probéieren. Mat der Produktioun vun engem "PetNat" – kuerz fir "Pétillant Naturel" – bis hin zum uviséierte Ubauen vun pilzwidderstännege Wäiner ("PiWi’en") hält den jonken Gréiweldénger sech a säi Betrib op Trab. An dat mat enger grousser Begeeschterung fir säi Beruff an der staarker Ënnerstëtzung vu senger Famill a sengen Frënn. Sidd gespaant op eng Episod, an där d’Claire an den Pit méi gewuer ginn iwwer de Paul Zahlen, säi Betrib, American Football – an spannend Dégustatiounen am Pyjama. A lass!
Show more...
8 months ago
55 minutes

PROST
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink
„Dry January“ – wat fir déi eng d’Onwuert vum Joer ass, ass e fir déi aner eng Chance dem Kierper an der Liewer ee Mount Paus ze gënnen. Sou fänkt 2025 bei eis relativ alkoholfräi un. Dann ass et alt gutt datt een do net ganz op Wäi verzichte muss! Dofir suergt ënner anerem de Jean-Marc Schlink vum Domaine Viticole Schlink. Well als éischte Wënzer zu Lëtzebuerg alkoholfräie Wäin a Cremant produzéiert. An dat mat e bëssen Iwwerzeegungsaarbecht a guddem Wëllen. Eng Episod iwwert sech trauen, kleng Risikoen agoen an dem Bild vum moderne Wënzerbetrib. Ma net just den alkoholfräie Wäi kënnt néi an de Podcast. Well mam Pit ass en néie Co-Host nieft dem Claire um Mikro an ersetzt de Ben. Als Wäin Amateur bréngt en eng néi Perspektiv an de Podcast, an zwar déi vum Novizen, dee méi wësse wëll. Sidd gespaant!
Show more...
9 months ago
55 minutes

PROST
14) Busy busy times mam Antoine Clasen // Bernard-Massard
1 year ago
50 minutes

PROST
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal
Eigentlech ass den Ern Schumacher an der Pensioun an awer och net sou richteg. Zesumme mat sengem Bouf a senger Fra bilden déi 3 dat staarkt Réckrad vum Familljebetrib. Ëmmer um Dill, ëmmer eppes ze soen, ëmmer um schaffen. Mä wéini a wou mécht e Wënzer eigentlech Vakanz? De fréiere President vun de Privatwënzer iwwert (net) lassloossen, Schmaachstuffen a beschter Lag an d'Konkurrenz tëscht de Betriber an den Uertschaften. Feuer frei!
Show more...
1 year ago
48 minutes

PROST
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September. Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert. Vu Familljegeschichten, dem legendäre Palmberg nieft der Schmaachstuff, an och weem seng Millen am Numm vum Betrib iwwerhaapt gemengt ass, schwätze mir an dëser fonkelfrëscher Episod vum PROST Podcast.
Show more...
1 year ago
43 minutes

PROST
11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué
Déi eng nenne se “d’Enfants terribles” aus der Szene, déi aner soen ouni Problem dass et mat déi beschte Wäiner sinn déi ee laanscht d’Musel fënnt. D’Claire an de Ben wollte méi rausfannen iwwert d’Wäiner an d’Wënzer hannendrun, wéi de Familljebetrib et fäerdegbréngt Joer fir Joer excellent Wäiner ze produzéieren, wéi schwéier et ass géint de Stroum ze schwammen, a wéi seng Ausbildung zum Clown dem Laurence am Alldag weiderhëlleft.
Show more...
1 year ago
46 minutes

PROST
10) Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam Metty Krack // Koeppchen
An dëser klenger Jubiläumsepisod (Nummer 10!!) schwätze mir mam Metty Krack op der Wormer Koeppchen, der gastronomescher Institutioun op der Musel, iwwert de beschten Accord mets et vins, awer och wéi eng Erausfuerderung et ass quasi all Wënzer op der Kaart vertrueden ze hunn. Ausserdeem wollte mir wësse wéi eng déi déierst Fläsch Wäin war déi de Metty fale gelooss huet...
Show more...
1 year ago
45 minutes

PROST
9) Op eng Coupe Cremant mam Änder Mehlen // Domaine Vinsmoselle
Dës Episod gëtt sprëtzeg! D'Claire an de Ben hu sech bei Domaines Vinsmoselle zu Remerschen aquartéiert an den Änder Mehlen wousst net wéi eng Fläsch Cremant vum Domaine hie sollt aussichen, dofir goufen et der direkt 3 ze schmaachen. An dëser Editioun schwätze mir virun allem iwwert de sëffege Schaumwäin, deen awer net ëmmer de beschte Ruff huet. Mir konnten eis vum Géigendeel iwwerzeegen!
Show more...
1 year ago
47 minutes

PROST
8) Blind Tasting mam Frank Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Knepper
SPECIAL EDITION - D'Claire huet sech e puer schwaarz Glieser am IVV stibitzt an ass domadder, a mam Ben, bei Schumacher-Knepper op Wentréng gefuer. Um Programm stoung eng blann Degustatioun. Wéi déi 2 sech geschlo hunn, lauschtert dir am Beschte selwer.
Show more...
1 year ago
51 minutes

PROST
7) Op e Roude mam Marc Desom // Domaine Desom
An der éischter Episod vum neie Joer schwätzen d'Claire an de Ben, bei engem Patt Pinot Noir mam Marc Desom, iwwert genee deen, awer och déi aner lëtzebuergesch Roudwäiner. Kann een e Roude vun hei iwwerhaapt "Rouden" nennen?
Show more...
1 year ago
38 minutes

PROST
6) E bësse Marketing mam Ben Duhr // Domaine Madame Aly Duhr
De Ben Duhr huet scho relativ fréi, mat sengem Brudder Max, de Familljebetrib zu Ohn iwwerholl. Hiere jonken Alter, eng deelweis Nonchalence vis-à-vis vu Marketingcoden an e gudde Produit hunn aus dem Haus wat 1872 gegrënnt gouf, eng modern Mark gemaach. Mam Ben schwätze mir iwwert Publicitéit a Kommunikatioun.
Show more...
1 year ago
44 minutes

PROST
5) Generatiounswiessel mam Isabelle Gales // Caves Gales
Caves Gales ass e bekannte Familljebetrib op der Musel, deen zanter méi wéi 100 Joer Wäin a Cremant produzéiert. Mëttlerweil an der Hand vum Isabelle Gales a sengem Papp erzielt d’Wënzerin eis vun de Chancen an den Erausfuerderungen déi all Dag op ee waarden, et erënnert sech awer och zréck un déi éischt Momenter als Kand am Wéngert an am Keller. Zäit fir e bëssen Nostalgie bei enger gudder Kippchen...
Show more...
2 years ago
48 minutes

PROST
4) An d'Wäilies mam Jeff Konsbrück // Winery Jeff Konsbrück
Mir si matten an der Wäilies an et kann ee soen dass et alt erëm e Joer mat villen Erausfuerderungen ass. D'Freed ass ëmmer grouss fir am Wéngert endlech d'Friichte vun enger minutiéiser Viraarbecht ze "plécken".
Show more...
2 years ago
42 minutes

PROST
3) Op e Patt Rosé mam Nathalie Funck // Jongwënzer Vinsmoselle
Wéi steet et eigentlech mat der Relève bei de Lëtzebuerger Wäibetriber? Komme genuch Leit no a wéi schwéier ass et Wënzer ze ginn? Ausserdeem gëtt déi ganz Episod vum Lëtzebuerger Rosé gedroen: ass et e Produit dee mam Ausland ka mathalen?
Show more...
2 years ago
35 minutes

PROST
2) Wäin-ABC mam Marie Kox // Sunnen-Hoffmann
Déi 2. Episod befaasst sech mat de wichtegsten Termen an der Welt vum Wäin. Vun A wéi AOP bis Z wéi Zukunft ass alles dobäi. Ufänke maache mir awer mat engem wonnerbare Pinot Noir vu Sunnen-Hoffmann an ofgeronnt gëtt dat Ganzt vum Marie Kox sengem Liblingswäin...deen awer net vun him ass.
Show more...
2 years ago
1 hour 7 minutes

PROST
1) Den éischte Patt mam Nicolas Schmit // Schmit-Fohl
An dëser éischter Episod vum Podcast zum Magasinn "PROST" fänke mir ganz vir u wann een eng Fläsch Wäin keeft - bis de Moment wou ee se opmécht. Wéi a wou kafen ech? Wéi vill kafen ech? Wéi maachen ech d'Fläsch Wäin richteg op? Wéi schmaachen ech? Firwat richen ech de Wäin? Bref, mir ginn alles gewuer wat ee muss wësse fir eng gutt Fläsch Lëtzebuerger Wäin ze genéissen.
Show more...
2 years ago
43 minutes

PROST
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.