
D'Joer 2025 verspriecht ganz fill Guddes an onser lokaler Scene an des wonnerbar Männer vu SUBLIND. De Marc an de Luca hunn sech Zeit geholl fir ze kucke wat et neits gëtt a fokusséieren ons op ee Remake? ee Remaster? Oder awer eng Hommage un sech selwer? Natierlech schwätze mer vun der neier EP METALMORPHOSIS déi de 15. Februar eraus kënnt. Eppes ass kloer, et gëtt richteg gudden Thrash vun der aler Schoul an awer och an engem "moderne" Gewand. Villverspriechend gell? Absolut!