Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Fiction
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts112/v4/e7/1b/f8/e71bf81b-8860-eb04-c158-36b4205ceddb/mza_11335768694835822106.jpg/600x600bb.jpg
Green Deal Lëtzebuerg
Euranet Plus | radio 100,7
40 episodes
7 months ago
Show more...
Education
Science
RSS
All content for Green Deal Lëtzebuerg is the property of Euranet Plus | radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Show more...
Education
Science
Episodes (20/40)
Green Deal Lëtzebuerg
Kënnen nei Technologien d’Welt retten?
Techno-Solutionismus: Ass dat déi Technologie, déi richteg Äntwerte bei Klimachangement bréngt? KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen? Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren? Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere, fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn. Op der COP 28 goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vun Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesurë fir den Energiebesoin ze reduzéieren. Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et dës Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
13 minutes 30 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Wéi kënne mir mat der Laascht vun der Klimaekonomie eens ginn?
Sinn d’Mënschen iwwerhaapt prett fir de Green Deal? Wat erwaarden d’Leit sech vun der europäescher Unioun an den europäeschen Institutiounen, datt de Green Deal um Enn och e Succès gëtt? An engem Sondage hunn 88 Prozent vun de EU-Bierger déi gefrot goufe fir de Green Deal gestëmmt, datt déi gréng Transitioun muss kommen. Mä grad emol 50 Prozent vun de Bierger fannen datt d’europäesch Unioun adäquat am Kontext fir d’Ëmsetze vum Green Deal schafft. An dësem EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftegt sech de Jean Claude Majerus mat der grénger Transitioun.
Show more...
1 year ago
13 minutes 44 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Demografie a Klimachangement, en Däiwelskrees
D'Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde Mënschen erreecht a se wäert an de nächste 40 Joer weider wuessen.  Domadder ass et och kloer datt dëst och en Afloss op déi global Emissiounen huet. Méi Mënsche verbrauche méi Ressourcen, produzéiere méi Zäregaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an d’Luucht, wat dann nees Konsequenze fir d’Emissiounen an d’Temperaturerhéijung huet. Demografesch Verännerungen si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den Zäregasemissioune sinn. Si si vläicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement mat deem mer ewell scho konfrontéiert sinn unzepassen.  Dat ass de Sujet déi Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
11 minutes 10 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Extremwieder
Op elo un der Côte, bei Bëscher oder bei Flëss, et gi Regiounen, déi besonnesch vulnerabel fir extreem Kilmaphenomeener sinn. Wéi kann ee sech upasse bei esou Wiederphenomeener, a si mir alleguer a Gefor? An der Europäescher Unioun gi Strategien entwéckelt, déi sech mat der Preventioun an och der Reduktioun vun de Klimarisike beschäftegen. Et gëllt d’Resistenz  vun der Infrastruktur, den Ekosystemer, der Gesellschaft an der Ekonomie an der EU ze stäerken. Dat ass eng wichteg Missioun am europäesche Katastrophe-Risikomanagement. Dorëms geet et beim Jean Claude Majerus am EWU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
15 minutes 11 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Skills
Wéi eng nei Capacitéite muss eng Entreprise hautdesdaags hunn, fir déi gréng Transitioun ouni Problemer ze maachen a fir datt se hir Aktivitéiten un d’Erausfuerderungen, déi de Klimachangement mat sech bréngt, kann adaptéieren? Den Iwwergang bei eng ressourceneffizient a kuelestoffaarm Ekonomie brauch eng systeemesch Approche, grad wéi verännert Produktiounsprozesser a Geschäftsmodeller. Dat ass de Sujet beim Jean Claude Majerus am EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
11 minutes 58 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Aktivismus
Monumenter bemolen, Konschtwierker mat Faarf verschmieren, alles Aktiounen, déi Bierger:innen net ëmmer gutt fannen. Ass dat eng effikass a justifiéiert Manéier fir géint de Klimachangement ze demonstréieren? Huet dës Zort Protester eng Legitimitéit? A wat seet d’Ëffentlechkeet dozou? De Jean Claude Majerus beliicht mat sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus d’Situatioun an der EU.
Show more...
1 year ago
13 minutes 15 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Pollutioun
Eng ganz Partie Politiker plädéieren dofir, datt déi Responsabel fir Ëmweltschied oder Ëmweltverschmotzung och fir d’Käschten, déi ufalen, musse riicht stoen. Wéi eng Méiglechkeeten an awer och Grenzen existéiere bei dëser Iddi? A wou sinn d’Hoke bei der Saach? Wéi soll een dat an der Landwirtschaft ugoen, wou och Aarbechtsplazen um Spill stinn? Dat alles si Froen, op déi de Jean Claude Majerus an dësem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus eng Äntwert versicht ze fannen.    
Show more...
1 year ago
9 minutes 47 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Energie
D’Europäesch Unioun schafft ganz aktiv um Diversifizéiere vun de Stroumproduktiounsméiglechkeeten. Dat heescht nei Energiequellen ze fannen an ze promovéieren. Et geet dorëm propper an autark Energiequellen, déi och finanziell am Kader bleiwen, an d’Fënster ze stellen. Den Asaz vun erneierbaren Energië steet och am Mëttelpunkt vum Re-Power-EU-Plang. Mee wéi fonctionéiert dat an der Praxis? Doriwwer geet et am Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
12 minutes 48 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Natur
D’Zukunft vun Europa hänkt ganz sécher vun engem gesonde Planéit of. D’EU-Memberstaaten hu sech dofir Zil gesat bis 2050 klimaneutral ze ginn. Jiddweree muss seng Responsabilitéit huelen, d’Politik, d’Ekonomie, mee awer och all eenzelen EU-Bierger an eenzel EU-Biergerin. Mee wat kann een dann als Bierger:in a sengem Ëmfeld maachen, fir ze hëllefen de Klimachangement an der Gitt ze halen? De Sujet vum Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
14 minutes 57 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Entreprisen
Entreprisen aus alle Secteuren hunn erkannt, datt et wichteg ass Risiken déi duerch de Klimachangement kommen, besser ze verstoen. Mä wat maachen déi Entreprisen da fir sech op de Klimachangement an ze stellen? Wéi eng Mesuren huelen se fir ëmweltfrëndlech an emissiounsfräi Ziler ze erreechen, besonnesch Entreprisen a Secteuren déi net grad de Label als ëmweltfrëndlech hunn?An der Editioun 2022 vum Flash-Eurobarometer iwwert kleng a mëttel Betriber, Ressourceneffizienz a gréng Mäert gëtt confirméiert datt kleng a mëttel Betriber an der EU scho vill maache fir hir Betriber op ekologesch Nohaltegkeet ëm ze stellen. Méi Detailer doriwwer ginn et vum Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
1 year ago
12 minutes 36 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
De risegen ”Pawprint” vun den Hausdéieren
Enger Statistik vun der europäescher Déierefudderindustrie no aus dem Joer 2012 hunn hautdesdaags ronn 90 Millioune Stéid, dat sinn si ronn 46 Prozent vun den EU-Stéit en Hausdéier. An datt sinn der ronn 20 Milliounen Déiere méi wéi nach virun 10 Joer. Am meeschte fënnt een Kazen als Hausdéier an dono kommen d’Hënn. Mä grad ewéi d’Mënsche produzéieren och Hausdéieren Offall. An dat ass de Sujet vum Jean Claude Majerus am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
Show more...
2 years ago
15 minutes

Green Deal Lëtzebuerg
Wéi gesäit d’Wunnen an der Zukunft aus?
Et ass kloer datt och an Zukunft jidderee wëll a sengem eegenen Haus mat eegenem Gaart ronderëm wunnen, da bräichte mer dofir ganz geschwënn, déi gesamt Fläch vun eisem Planéit. Déi Zort Wunnen ass also keng Zukunftsvisioun. An elo? Wéi kënne mir an Zukunft responsabel a sënnvoll wunnen? An dat ass de Sujet déi Kéier am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus mat der Sich no Äntwerten.
Show more...
2 years ago
9 minutes 58 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Gréng Limitten
Fir eisem Planéit ze hëllefen, muss ee sech awer e puer Froen stellen an nach méi wichteg no Äntwerte sichen. Eng ganz bedeitend Fro wou leien iwwerhaapt d'Grenzen vun eisem gréngen Engagement a wéi kann een déi Grenzen iwwerwannen. Si mer alleguerten prett an eisem Liewen Kompromësser ze maachen, déi um Enn eiser Äerd ze gutt kommen? Wou sinn se dann? Eis gréng Limitten?  Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
14 minutes 21 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Toxeschen Offall
Manner ewéi d'Hallschent vun den geféierlechen a toxeschen Offäll an der EU ginn aktuell recycléiert an bis dat sech besser steet d'Gesellschaft awer nach virun risegen Bierger mat Problemer a Barrièren. An dobäi geet et ëm d'Käschten, dem Knascht bewosst sinn mä och ëm kriminell Aktivitéiten. Egal wéi et steet extrem vill um Spill an et muss dréngend eppes gemaach ginn, fir dem geféierlechen an gëftegen Knascht de Krich ze erklären. Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
13 minutes 39 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Designer
Et ass wuel jidderengem kloer datt mer eis net eleng op d'Magie vun der Technologie kënne verloossen fir d'Welt ze veränneren. Mä heiansdo kënne grad ganz kleng Innovatiounen déi grouss Differenze bedeiten. D'Journalisten vun Euranet Plus waren bei e puer europäesch Designer, Architekten an aneren kreative Käpp op Besuch, virun allem Leit déi scho mat engem Fouss an der Welt vu muer stinn. An dat ass déi Kéier de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
13 minutes 58 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Baueren
Mir liewen an enger Zäit, an där d'Sécherheet vun de Liewensmëttelen e ganz wichtegen an aktuelle Sujet ass. An do spillt d'Landwirtschaft och eng ganz bedeitend Roll. An dofir brauch Europa eng nei Generatioun vu Baueren, déi net fäerten, sech d'Fangere knaschteg ze maachen. Wéi gesäit d'Zukunft vu jonke Baueren aus, déi an Zukunft fir d'Liewensmëttele vun den europäeschen Bierger:inne garantéieren? Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
13 minutes 29 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Fëscherei
D'Gerance vun der Fëscherei an der Europäescher Unioun an och d'Fëscherei-Politik sinn zimmlech prekär Sujeten, ronderëm déi et ëmmer nees Diskussioune ginn. Mee och an der EU gouf ee sech bewosst, datt d'Fëscherei méi wichteg ginn ass, besonnesch well Fësch iesse méi gesond a méi ëmweltfrëndlech ginn ass wéi Fleesch. Mee wéi steet et dann ëm d'Fëscherei an der EU? Dat ass de Sujet an dëser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus, bei deem Fëscher aus ganz Europa zu Wuert kommen. De Jean Claude Majerus mat den Detailer.
Show more...
2 years ago
16 minutes 19 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Renovéieren
Déi energeetesch Renovéierung vun Ärem Haus huet e risegt Potential fir de Klima, mee och fir Äre Porte-Monni. An dëser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus hu sech Journalisten aus der ganzer EU mat Bierger:innen a verschiddenen EU-Memberstaate geschwat fir gewuer ze ginn, wéi d'Mënschen op dëser sougenannter "Renovéierungswell" surfen. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
11 minutes 51 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Ëffentlechen Transport
Iddie fir den ëffentlechen Transport ze verbessere ginn et der an der Europäescher Unioun ganz vill. A genee all déi Initiative kënnen e Schlësselelement si fir eng besser Loftqualitéit a fir d'Emissioun vun Zäregasen ze limitéieren. A wa mir eis all méi op den ëffentlechen Transport géifen aloossen, kéint dat dozou bäidroen.Dat ass de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
Show more...
2 years ago
16 minutes 43 seconds

Green Deal Lëtzebuerg
Blummemarché
All Joers op e Neits ass de 14 Februar den Dag vun de Blummen. Op Vältesdag gi Millioune vu Blummen verkaf a verschenkt, mä ass dat de richtege Wee? Wéi gesäit de Blummemaart an der ganzer europäescher Unioun aus, si Blummen net romantesch mä och gréng? Blummen oder d'Geschäft mat de Blummen ass dann de Sujet an dëser Episod vum Green Deal Podcast vum europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus. An de Jean Claude Majerus huet gemierkt datt et kee "rosegen" Reportage ass.
Show more...
2 years ago
17 minutes 31 seconds

Green Deal Lëtzebuerg