All content for E puer Wierder iwwer Wierder is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.
Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Haut waars de nees inspiréiert vun enger Sendung aus eisem Haus?
C: Genee, ech hat nees “Gewierzer aus aller Welt” gelauschtert an do koum mer den Neelcheskapp an d’Ouer an ech wollt méi iwwer Neel an iwwer Käpp wëssen!
S: Wat gëtt et dann do ze wëssen?
C: Fänke mer mol mat den Iwwersetzungen un, den ‘Neelcheskapp’ ass dat, wat mer op Däitsch kennen als ‘Gewürznelke’ an am Franséischen als ‘Clou de girofle’. An du sees eis elo nach, wéi et op Engelsch heescht?
S: ____
C: Genee. Clove och hei vu lat. clavus ‘Nol’. An den Neelcheskapp, dee kënnt vun de Molukkeninselen, also aus Indonesien, dat ass awer net dat, wourop ech haut wëll agoen! Ech wëll haut am Fong weisen, no wéi enge Motiver Sproochen dat Gewierz benannt hunn! Haut d’Fro un dech Firwat heescht dat Neelcheskapp?
S: Mee ass et net einfach, well et ausgesäit wéi en Nol?
C: Jo, dat ass hei mol eng Kéier super offensichtlech! Déi kleng gedréchent Bléieknospe gesinn effektiv sou aus wéi Neel. Fir mech awer och intressant: Wat huet dat mat der ‘Nelke’ ze dinn a wéi maache mer lo de Lien mat de Blummen?
S: Gutt Fro!
C: Mee lo mol zréck op den Ursprong! Och hei kënne mer erëm ganz vill Sproochstufen zréckgoen an dat Alhéichdäitscht. An do hu mer schonn d'Form negellī(n) oder nagelken. Dat ass herno am 13. Joerhonnert, wa mer méi an d' Mëttelhéichdäitscht kommen, zu negel(l)īn, ginn. Hei hu mer also d'Wuert Nagel (fir Nol) an enger Diminutivform. Dat, wat mer am Lëtzebuergeschen haut am Fong ganz transparent hunn: Neelchen. Also mir hunn en Nol an dovunner Neelchen. Dat heescht, d' Iddi, dass et en Nol ass, war scho ganz fréi an der Sprooch ugeluecht – och am Latäin – an dat ass dann an enger Diminutivform, well et eebe ganz, ganz kleng ass. A wéi s de scho sos, läit et einfach un der Form vum Objet.
S: A firwat ass et net “Neelchekapp”, mee “Neelcheskapp” mam S?
C: Dat ass e sou genannte Fouen-s, deen oft an Zesummesetzungen tëscht zwee Substantiver steet wéi bei Schof + pelz = Schofspelz. Woubäi et vläit Leit gëtt, déi Neelchekapp soen, mee ech hunn et ëmmer just mam -s- héieren a gelies.
Zréck bei eis Nelke aus dem Däitschen: Déi ass am Fong och näischt anescht wéi eng kontrahéiert an ofgeschwächt Form vun negelkīn: Negel- gëtt zu nel- a -kin gëtt zu -ke.
Fäerdeg: Nelke. Hei erkennt een eebe just déi eenzel Deeler net méi sou gutt.
S: A wéi war dat elo mat de Blummen? Firwat heeschen déi Nelken?
C: Ma dat hunn ech mech och gefrot. Do heescht et am Pfeifer: “Der Name wird auf die einen würzigen Duft ausströmende Gartennelke übertragen”. An dat schonn am 15. Jh.!
Dat heescht, d'Nelken am Gaart an d'Neelcheskäpp solle ganz änlech Gerochskomponenten hunn. An duerfir ass dat dunn Nelke genannt ginn.
A lo mol ganz éierlech: wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? Also d’Blumm?
S: _________
C: Ech sinn bei sou Fachwierder am Botaneschen net ëmmer ganz fit. Ech mengen, ech hätt do ganz einfach dat däitscht Nelke geléint. Mir hunn awer och d' Méiglechkeet, fir am Lëtzebuergeschen en anert Wuert ze huelen – ech hat do am LOD gekuckt – an dat hu mer dann einfach aus dem Franséische geléint: Oeillet.
S: A gëtt et net och e richtegt lëtzebuergescht Wuert dofir?
C: Also bei der lëtzebuergescher Form hunn ech eppes am LWB fonnt, wat Grasblumm heescht oder Hunneblumm. Ganz genee geholl ass d' Grasblumm natierlech extrem onspezifesch, wa mer eis dat unhéieren. An dat ass laut LWB just eng speziell Zort vun Nelken, an zwar déi sougenannt Kartäusernelke. Dat ass esou eng ganz reng mof Blimmchen, déi eeben a Wise bléit. A spéiderhin, sou soen se am LWB, ass mat Grasblumm all Zort vun Nelke gemengt ginn. Beim Klees (1994) hunn ech nach d’Wuert ‘Aarmenä’ oder ‘Aarmenäercher’ fonnt, mee dat konnt ech op kenger anerer Plaz noweisen an hunn et och net kannt.
Am LOD steet just Oeillet an do ass et intressant, dass et am Lëtzebuergeschen als Blumm Femininum ass (wéi ENG Rous, ENG Tulp, ENG Oeillet) an am Franséischen awer maskulin: un oeillet.
S: Eng Fro nach. Wouhier kënnt de “Girofle” aus ‘clou de girofle’?
C: De Clou ass jo wéi op deenen anere Plazen den Nol a Girofle entsprécht senger latiniséierter Form gariofilum oder gariofolum. Do heescht et am CNRTL: “le développement phonétique irrégulier du mot peut s'expliquer par le fait que ce terme, avec l'épice qu'il désignait, s'est très largement répandu à travers les pays par l'intermédiaire des marchands.” Wierder verännere sech eeben, wa vill Leit aus ville Sproochen se benotzen – an dat nach zu Zäiten, wou et haaptsächlech mëndlech benotzt gouf!
S: Also hu mer den Neelcheskapp an d’Nelken oder d’Oeilleten an alles ass entweeder en Nol oder richt intensiv!
C: Genee!
S: An domat soe mer der merci a freeën eis op déi nächst Wiwi-Episod mat dir!
C: Ma merci och a mäi Schlusswuert ass: äddi!
E puer Wierder iwwer Wierder
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.